En Dënsdeg, den 22. Oktober, kruten déi Responsabel vun der lokaler Maison relais vum Maacher Schäfferot de Schlëssel fir eng fonkelnei Camionnette iwwerreecht, déi d’Stad Gréiwemaacher mat der Ënnerstëtzung vun der lokaler Kleederstuff finanzéiert huet an déi bei Ford Schmit bestallt gi war. Dës Camionnette bréngt d’Kanner aus der Maison relais an hier Sports- a Veräinsaktivitéiten. Dat ass eng weider Beräicherung, déi gläichzäiteg och dem Veräinsliewen an der Muselmetropol zegutt kënnt.