E Méindeg, den 19. Oktober 2026, war den tierkeschen Ambassadeur, den Här Faruk Kaymakcı, zesumme mat sengem Conseiller, dem Här Necati Erbil Ertürk, op offizieller Visitt zu Gréiwemaacher.
Um Programm stoung ënner anerem eng Visitt vum Keller vun der Zëntscheier, der Regionaler Maacher Musekschoul an dem Centre culturel Machera.
D’Stad Maacher huet sech iwwer dëse Besuch an de frëndlechen Austausch gefreet.
Biergerversammlung iwwer d’Abrochpreventioun
E Méindeg, den 19. Oktober, haten d’Police Lëtzebuerg an d’Stad Gréiwemaacher op eng Informatiounsversammlung iwwer d’Abrochpreventioun am Centre culturel Machera invitéiert.
D’Biergerinnen an d’Bierger krute wäertvoll Tipps, wéi si hiert Doheem besser géint Abréch schütze kënnen.
E grousse Merci un d’Police Lëtzebuerg fir déi interessant Informatiounen an un all déi, déi dobäi waren!
E grousse Merci un d’Madame Tess Burton
No ville Joer engagéierter Mataarbecht am Gemengerot hu mir d’Tess Burton aus hirem Mandat verabschied. Mat vill Asaz, Häerzblutt an Engagement huet si sech fir d’Wuel vun eiser Gemeng agesat. Mir soe villmools Merci fir hir laangjäreg Aarbecht, hiren oppene Geescht an déi gutt Zesummenaarbecht.
De Schäffen- a Gemengerot vu Gréiwemaacher huet d’Léierpersonal an all déi, déi an iergendenger Form mat eiser Grondschoul verbonne sinn, op e gemittleche Patt e Méindeg, 21. September, invitéiert.
Bei dëser Geleeënheet krut d’Madamm Claudine Kips e Kaddo fir hire 25-järegen Asaz am Enseignement.
E flotte Moment fir Merci ze soen an sech auszetauschen!