E flotten Dag vum 3. Alter zu Maacher!
De 7. Oktober 2026 war op der M.S. Princesse Marie-Astrid eng super Stëmmung!
Et gouf vill gelaacht, gegeckst, diskutéiert an natierlech och fläisseg gedanzt.
Hei e puer flott Impressioune vun engem gelongenen Dag a gudder Gesellschaft!
Fotos
E grousse Merci un d’Madame Tess Burton
No ville Joer engagéierter Mataarbecht am Gemengerot hu mir d’Tess Burton aus hirem Mandat verabschied. Mat vill Asaz, Häerzblutt an Engagement huet si sech fir d’Wuel vun eiser Gemeng agesat. Mir soe villmools Merci fir hir laangjäreg Aarbecht, hiren oppene Geescht an déi gutt Zesummenaarbecht.
De Festival des Nations 2026 huet den 3. Oktober de Centre culturel Machera an eng faarweg Plaz voller Musek, Kultur, Danz a kulinareschen Entdeckunge verwandelt.
E ganz gelongene Moudendefilé an der Muselmetropol! Bei schéinstem Wieder hunn d’Maacher Geschäftsleit an Zesummenaarbecht mat der Gemeng um Catwalk an der Groussgaass hir nei Hierschtkollektioune presentéiert an dobäi gewisen, wéi villfälteg a spannend de Shopping zu Maacher ass.
De Schäffen- a Gemengerot vu Gréiwemaacher huet d’Léierpersonal an all déi, déi an iergendenger Form mat eiser Grondschoul verbonne sinn, op e gemittleche Patt e Méindeg, 21. September, invitéiert.
Bei dëser Geleeënheet krut d’Madamm Claudine Kips e Kaddo fir hire 25-järegen Asaz am Enseignement.
E flotte Moment fir Merci ze soen an sech auszetauschen!
Impressiounen vun enger gelongener 76. Editioun vum Gréiwemaacher Drauwen- a Wäifest vum 11.09.2026 – 13.09.2026
Vereedegung vum neie Gemengeconseiller Antonio Cavaleiro.
Häerzlech wëllkomm am Gemeenerot vun der Muselmetropol Gréiwemaacher.
Haut de Moien hat d’Stad Gréiwemaacher déi grouss Éier, de Kulturminister Eric Thill an der Muselmetropol ze begréissen.
Empfaange goufen de Minister a seng Mataarbechterinne vun der Buergermeeschtesch Monique Hermes an de Conseillere Claude Wagner a Carine Sauer.
Gutt Stëmmung op der Braderie zu Maacher!
Merci un all déi, déi e Sonndeg 26.07.2026 op d’Braderie zu Maacher komm sinn an dëse schéine Moment mat eis gedeelt hunn.
Hei e puer Andréck vun engem gelongenen Dag.
Org. Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher
Fotoen: ©FLUO
Impressioune vum Sunset Cinema 2026 beim Maacher Beach. Eng schéin Ambiance fir e Relaxen Owend.