2 Gemengen – 1 Ruffbus

Ab dem 1. April arbeiten die Rufbusdienste der Gemeinde Manternach in der Stadt Grevenmacher zusammen, was für die Bürger bedeutet: gleicher Komfort und mehr Flexibilität.

Von Montag bis Freitag von 8.30 bis 17.30 Uhr können Sie für einen Privatbesuch oder einen Arzttermin weiterhin mit dem Rufbus für nur 1 € fahren, auch in die Nachbargemeinden Biwer, Flaxweiler, Manternach, Mertert-Wasserbillig, Bahnhof Wasserbillig, Wellen (Bahnhof) und Wormeldingen.

Kinder über 8 Jahren können ohne Begleitung mitfahren. Für Kinder unter 8 Jahren in Begleitung eines Erwachsenen ist der Rufbus ab dem 1. April kostenlos. Der Rufbus ist auch für Kinderwagen und Rollstühle geeignet.

______

Vum 1. Abrëll u schaffen d’Ruffbus-Servicer aus der Gemeng Manternach an der Stad Gréiwemaacher zesummen, dat heescht fir d’Bierger: De selwechte Comfort a méi Flexibilitéit.

Vu méindes bis freides vun 8.30 bis 17.30 Auer kann ee weiderhinn fir nëmmen 1€ fir e Privatbesuch oder e Rendez-Vous beim Dokter de Ruffbus huelen, och fir an d’Nopeschgemenge Biwer, Fluessweiler, Manternach, Mäertert-Waasserbëlleg, Waasserbëlleg Gare, Wellen (Gare) a Wormer.

Kanner vun 8 Joer u kënnen ouni Begleedung matfueren. Fir Kanner ënner 8 Joer, a Begleedung vun engem Erwuessenen ass de Ruffbus vum 1. Abrëll u gratis. De Ruffbus ass och fir Kannerkutschen a Rollstill adaptéiert.