De Samsdeg a Sonndeg war d’Maacher Kërmes um Parking Laangwiss.
Knuppautoen, Bungee-Trampolinnen, Intefëschen, Karussell a Schéissstand hu fir Kiermesfeeling puer gesuergt.
Dëst Joer waren d’Spiller all gratis an hunn sou Grouss a Kleng nach méi Freed bruecht.
Photos
Gëschter Owend huet d’Stad Gréiwemaacher zesumme mat hirer Sport- a Fräizäitkommissioun am Centre culturel Machera 23 Ekippen a 56 Eenzelsportlerinnen a -sportler aus de Maacher Sportsveräiner fir hir aussergewéinlech Leeschtungen an der vergaangener Saison geéiert.
Haut steet Gréiwemaacher ganz am Zeeche vun de Kannerrechter!
D’Gemengepersonal, d’Kanner aus dem Précoce, der Spillschoul an der Grondschoul souwéi d’Maison relais hunn haut blo Faarf bekannt an domat e gemeinsaamt Zeeche fir d’Rechter vun alle Kanner gesat.
Well all Kand Rechter huet – an all Kand zielt!
Gëschter Owend stoung d’Kultur zu Gréiwemaacher am Mëttelpunkt!
E grousse Merci an häerzleche Gléckwonsch un all déi Geéiert! Mat Ärem Engagement, Ärer Kreativitéit an Ärer Passioun drot Dir dozou bäi, datt d’Kultur zu Maacher lieft a villfälteg bleift.
Fotoen: © Norry Stoltz
Fir d’Kanner aus dem Cycle 2.1 aus der Maacher Grondschoul gouf et eng ganz besonnesch Auszeechnung: Si kruten hire Foussgängerführerschäin vum Maacher Schäfferot zesumme mat der Police iwwerreecht.
L’Hôtel de Ville s’illumine en bleu !
Aujourd’hui, à l’occasion de la Journée mondiale de la Pneumonie, nous illuminons notre Hôtel de Ville en bleu et participons ainsi à l’initiative mondiale « Lighting Up The World ».
Aux côtés de villes du monde entier, nous souhaitons sensibiliser le public à la pneumonie et souligner l’importance de la prévention.
E Bam fir d’Zukunft!
D’Stad Gréiwemaacher huet haut de Moien am Kader vun der Naturpakt-Challenge hire Bam geplanzt!
Mat dëser Initiativ vum Ëmweltministère, un där sech och de SIAS a seng Gemenge bedeelegen, soll d’Planzung vun heemesche Beem gefërdert an esou e wichtege Bäitrag zum Schutz vun der Biodiversitéit an dem Klima geleescht ginn.
Le lundi 19 octobre 2026, Monsieur Faruk Kaymakcı, Ambassadeur de Turquie, accompagné de son conseiller, Monsieur Necati Erbil Ertürk, a effectué une visite officielle à Grevenmacher.
Au programme figuraient notamment la visite de la cave de la Zëntscheier, de l’École régionale de musique de Grevenmacher et du Centre culturel Machera.
La Ville de Grevenmacher s’est réjouie de cette visite et de cet échange cordial.
Biergerversammlung iwwer d’Abrochpreventioun
E Méindeg, den 19. Oktober, haten d’Police Lëtzebuerg an d’Stad Gréiwemaacher op eng Informatiounsversammlung iwwer d’Abrochpreventioun am Centre culturel Machera invitéiert.
D’Biergerinnen an d’Bierger krute wäertvoll Tipps, wéi si hiert Doheem besser géint Abréch schütze kënnen.
E grousse Merci un d’Police Lëtzebuerg fir déi interessant Informatiounen an un all déi, déi dobäi waren!
E flotten Dag vum 3. Alter zu Maacher!
De 7. Oktober 2026 war op der M.S. Princesse Marie-Astrid eng super Stëmmung!
Et gouf vill gelaacht, gegeckst, diskutéiert an natierlech och fläisseg gedanzt.
Hei e puer flott Impressioune vun engem gelongenen Dag a gudder Gesellschaft!