Den 11. Juli 2026 war Gréiwemaacher Statioun vum Female Social Ride 2026.
Als Partner vun dëser flotter Initiativ huet d’Stad Gréiwemaacher de Ravitaillement fir d’Participante gestalt.
Mir gratuléieren den Organisateuren zu dëser gelongener Editioun, bei där 5.800 € fir Think Pink Lëtzebuerg gesammelt goufen.
Aktuelles
Impressiounen vun der Maacher Schoulkiermes den 10.07.2026, wou och d’Fräizäitkoart iwwerreecht ginn ass.
Zesumme Waasser spueren!
Wéinst den héijen Temperaturen huet d’Regierung d’Phase de vigilance declenschéiert. Elo ass et besonnesch wichteg, bewosst mat eiser wäertvoller Ressource Waasser ëmzegoen.
💧 Besicht ëffentlech Schwämmen.
🚗 Wäscht Ären Auto an der Waschanlag
🧺 Loosst d’Wäschmaschinn just lafen wann se voll ass
🌱 Nätzt sou mann wéi méiglech mat Drénkwaasser
🚰 Reduzéiert d’Botze vun Ären Afaarte mat Drénkwaaser
🚿 Duscht net ze laang
All Drëps zielt! Merci, datt Dir mat hëlleft, eis Waasserressourcen ze schounen.
Merci, Ady!
No ville Joren am Déngscht vun der Stad Gréiwemaacher ass den Här Ady Schanen an déi wuelverdéngte Pensioun gaangen. Dëst gouf de 7. Juli 2026 am Kader vun enger klenger Receptioun op der Gemeng gefeiert. Mir soen him villmools Merci fir säin Engagement, seng laangjäreg Aarbecht am Déngscht vun eiser Stad a wënschen him fir dësen neie Liewensofschnëtt vill Gesondheet, Freed a vill schéi Momenter.
Ferienprogramm für die Kinder des Zyklus 3 und 4 der Grundschule Grevenmacher
Thema: Sport & Bewegung
31.08.-04.09. / 14h00-17h00
Einschreibung bis 10,07,2026
Impressiounen vum Virowend vu Nationalfeierdag op der Kleener Moartplaz zu Maacher an TeDeum an der Porkierch.
D’Medaileniwwerreechung beim Tournoi des 5 Nations, organiséiert vun der Jumelage-Kommissioun, zesumme mat dem HBMuseldall. Eng flott a luewenswäert Aktivitéit!
Impressioune vun der Coupe scolaire 2026 zu Maacher am Quartier Pietert.
Wegen der Feierlichkeiten im Rahmen des “Afterwork” der Amicale Foyer Pietert in der “rue des Fleurs” kommt es vom Freitag, dem 26. Juni 2026 um 07:00 Uhr bis am Montag, dem 29. Juni 2026 um 12:00 Uhr zu folgenden Verkehrsänderungen
Aufgrund des Nationalfeiertags in Luxemburg am Dienstag, dem 23. Juni 2026, wird die Abholung von Altpapier, Altglas und VALORLUX-Tüten wie folgt verlegt: