No ville Joren am Déngscht vun der Educatioun geet d’Léierin Pierrette Weiler-Nei an hir wuelverdéngte Pensioun.
Bei enger klenger Feier zesumme mat Kolleeginnen a Kolleegen, Frënn a Vertrieder vun der Gemeng gouf hir Engagement an hir laangjäreg Aarbecht gewierdegt. Iwwer vill Joren huet si mat vill Häerzblutt Generatioune vu Kanner begleet, ënnerstëtzt a gepräägt. ![📚]()
![✨]()
D’Stad Maacher seet e grousse Merci fir hiren Asaz an der Schoul a wënscht hir fir dës nei Etapp am Liewe vill Gesondheet, Freed a vill schéi Momenter.
Fotoen: Norry Stoltz