🥳 10 Joar Maacher Kannerrot MAKARO 2015-2025 🥳
De Maacher Kannerrot ass no der Rentrée 2015/2016 agefouert ginn. Eemol am Mount kommen d’VertriederInnen aus den eenzele Klassen no der Schoul zesummen. Méiglech Themen, déi diskutéiert ginn, sënn: Verännerungen an der Schoul, Froe vun de Schüler, Diskussiounen iwwert Probleemer, asw.
Wann et erwënscht ass kann den Kannerrot och en Stellungnam zu eem bestëmmten Thema huelen. Dës Weidere kënnen nei Projeten an d’Liewe geruff ginn.
All Klass huet 1 Vertrieder vum Cycle 2.2 un. Um Ufank vum Schouljoer gi Walen organiséiert.
De Makaro gëtt 1 mol d’Joer an de Schäfferot invitéiert, fir Doleancen ze presentéieren.
D’ Grënnungssëtzung war den 28.09.2015 an der Konferenz vun der Maacher Schoul.
Deemools war Joffer Joëlle Wolsfeld Responsabel fir de Makaro. Zënter 2019/2020 sënn et d’Jofferen Claudine Weber an Danielle Sertznig.