Haut de Moien hat d’Stad Gréiwemaacher déi grouss Éier, de Kulturminister Eric Thill an der Muselmetropol ze begréissen.
Empfaange goufen de Minister a seng Mataarbechterinne vun der Buergermeeschtesch Monique Hermes an de Conseillere Claude Wagner a Carine Sauer.
De Moien huet mat enger Entdeckungsrees duerch dat räichhaltegt a villfältegt Wierk vum Moler Frantz Seimetz ugefaangen. ![🎨]()
Duerno stoung d’Maacher Bibliothéik um Programm.
D’Buergermeeschtesch huet dem Minister en Abléck an de bemierkenswäerte Bestand vun där gutt gefouerter Bibliothéik ginn an him déi wichteg Roll als Plaz vun der Kultur, der Bildung an der Begéinung erkläert. ![📚]()
No engem Ofstiecher bei d’Iwwerreschter vun der Stadmauer goung et weider an de Kulturhuef, wou d’Coordinatrice Monika Jacobs an de Vizepresident Jean Reitz zesumme mat Mataarbechterinnen dem Minister eng Partie besonnesch Schätz a verschidde kulturell Offere virgestallt hunn. ![🏛️]()
E grousse geet Merci un de Kulturminister Eric Thill a seng Mataarbechterinne fir säi Besuch, säin Interessi an deen oppenen Austausch. Et war eng flott Geleeënheet, d’kulturell Vilfalt an de Räichtum vun eisem schéine Maacher ze weisen. ![🤝]()