E Samschdeg 21. Mäerz huet um Stade Op Flohr de Relais pour la Vie stattfonnt – e flotte Moment vu Solidaritéit, Engagement a Gemeinschaft. Vill Leit sinn zesumme komm fir géint de Kriibs e staarkt Zeechen ze setzen an d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen.
Ob lafen, trëppelen oder einfach dobäi sinn – jiddereen huet säin Deel dozou bäigedroen, fir dësen Dag zu engem besonnesche Moment ze maachen. ![💪]()
![✨]()
Zesumme si mir méi staark. ![💜]()
Fotoen: © Ville de Grevenamcher / ©Norry Stoltz