Den 1. Juni 2025 huet de Projet vun der lokaler Police am Kommissariat Museldall ugefaangen, dat d’Gemengen Gréiwemaacher, Mäertert, Manternach, Biwer, Fluessweiler, Wormer, Lenneng a Stadbriedemes ofdeckt.
Als Ziel huet dëse Projet d’Verstäerkung vun der Police Präsenz, méi no beim Bierger ze sinn, eng Verbesserung vun der Sécherheet vun der Populatioun, sou wéi eng Verstäerkung vum Sécherheetsgefill. Et ass eng Geleeënheet fir dëse Projet, deen och schonn an anere Gemenge, wéi der Stad Lëtzebuerg, Esch an Déifferdeng, lancéiert gouf, ze testen, dëst och a méi ländleche Gemengen a fir esou zousätzlech Erfarungen ze sammelen
ËMSETZUNG
Am Praktesche geet et dorëms fir d’Konzept ëmzesetzen, dass d’Patrulle vun der lokaler Police den Dag iwwer vu Méindes bis Samschdes sinn, a Sonndes am Fall wou se benéidegt gi sinn.
Dës Patrulle sinn zousätzlech zu där üblecher Police Präsenz, déi d’office vun den Agente vum Kommissariat Museldall ausgefouert ginn. Si viséiere prioritär déi Uertschafte mat vill Publikumsverkéier a wou et wichteg ass d’Siichtbarkeet vun der Police Präsenz ze erhéijen.
D’Missioune vun der lokaler Police ginn ausgeschafft op Basis vun den Erfarungen an dem Austausch mat de Responsaablen vun de Gemengen.
DEN 113 GËTT NET ERSAT
Mir erënneren Iech drun, dass fir all Situatioun wou eng direkt Interventioun gebraucht gëtt, d’Police wéi üblech um Noutruff vum 113 ze erreechen ass.