Scroll Top

Kräizerbierg a Kräizkapell zu Gréiwemaacher (II)

Am Joer 1986 bedeelegt d’Ligue “Ons Jongen” sech un enger grëndlecher Renovéierung vun der Kräizkapell. De 15. September 1986 gëtt d’Post en Timber mat Kräizerbierg a Kräizkapell eraus.

D’Kräizkapell mat dem Timber am Joer 1956. (Foto: Archiv Jean Welter)
De Steen um Fouss vum Kräizerbierg weist op d’Bedeitung vum Site hin. (Foto: Monique Hermes)

An der Nuecht vum 25. op de 26. Oktober 1997 gëtt déi wäertvoll hëlze Pietà aus dem 17. Jorhonnert aus der Kapell gestuel. Bis haut gëtt et keng Spur vun dëser Figur.

Ënner dem Impuls vun der Ligue “Ons Jongen” gëtt bei der “Journée commémorative” 1998 e Steen a Form vum Lëtzebuerger Land um Fouss vum Kräizerbierg ageweit, deen op d’Bedeitung vu Kräizerbierg a Kräizkapell hiweist.

Den Abbé André Heiderscheid (1926-2018), selwer Zwangsrekrutéierten, ass derbäi, wéi am Juli 2006eng Tafel mat der Opschrëft “Kräizerbierg a Kräizkapell – 50 Joer Monument Fir Ons Jongen”hannen an der Kapell opgehaang gëtt.

Mat der Ierfschaft vun der Mme Anni Schmit vu Maacher léisst d’Gemeng 2008 Renovéierungsaarbechten un der Fassad an un de Grondmauere vun der Kapell um Bierg ausféieren.

Nëmmen ee Joer méi spéit, 2009, gëtt de Steen um Fouss vum Kräizerbierg versat, renovéiert a verschéinert. D’Ligue “Ons Jongen” gëtt den Impuls dofir.

An de Joren 2009/2010 gëtt de Kräizwee de Bierg erop restauréiert a propper gemaach.

Am September 2012 stellt de Maacher Schäfferot am Gemengerot d’Demande, fir Kräizerbierg a Kräizkapell als Nationalmonument klasséieren ze loossen. De Gemengerot heescht dës Demande gutt, a si gëtt ufanks Oktober un déi zoustänneg Instanze weidergeleet. De Kulturministère hëlt d’Demande am Februar 2013 un, awer et dauert bis de 14. Oktober 2015, bis de Regierungsrot “gréng Luucht” gëtt.

2014, bei der “Journée commémorative”, gëtt d’Plaz um Fouss vum Kräizerbierg “Square Ons Jongen” genannt, an dat neit stole Monument hanner dem Steen (Kreatioun: WeB) gëtt ageweit.

Bei der “Journée commémorative” 2016 gëtt am Pietert un der Mauer vum Kierfecht eng Erënnerungsplack ageweit bei Geleeënheet vu “Kräizerbierg a Kräizkapell 60 Joer Monument Fir Ons Jongen”. Op där Plack gëtt och drop higewisen, datt Kräizerbierg a Kräizkapell elo Nationalmonument sinn.

De Square Ons Jongen mat dem Monument fir déi gefale Jongen a Meedercher, dorënner och 7 jiddesch Matbierger, gëtt 2014 ageweit. (Foto: Monique Hermes)
Am Summer 2017 erstralen d’Kräiz, wat der Kapell um Bierg den Numm gëtt, an d’Kapell selwer an neiem Glanz. (Foto: Monique Hermes)

Am Hierscht 2016 beschléisst de Schäfferot, an heescht de Gemengerot gutt, fir an Zesummenaarbecht mat dem “Service des Sites et Monuments Nationaux” an der “Commission des Bâtiments Religieux” de Parvis virun der Kräizkapell ze restauréieren an den Ustrach an der Kapell ze erneieren. Et kënnt och eng modern Alarmanlag an d’Kapell, et kommen nei Këssen op d’Bänken, d’Kräiz an d’Figure gi fachgerecht propper gemaach, an eng adäquat Beliichtung gëtt ubruecht. Virun den Aarbechten, am November 2016, féiert den Dipl. Restaurator Thomas Lutgen eng “restauratorische und bauhistorische Untersuchung” vun der Kapell duerch. Dobäi gëtt festgestallt, datt d’Joreszuel 1737 iwwer der Aganksdir sech nëmmen op den Ausbau vun der Kapell bezitt. Am Gemengebudget fir 2017 sinn 145.000 Euro fir d’Aarbechten un der Kapell virgesinn. Erëm eng Kéier bedeelegen och d’Ligue “Ons Jongen” an déi Maacher Leit sech un den Onkäschten.

D’Kräizkapell an de Kräizerbierg zu Gréiwemaacher sinn zënter dem 14. Oktober 2015 op der Lëscht vun de Lëtzebuerger Nationalmonumenter. (Foto: Alain Goedert)

Den 18. Mee 2017 gëtt op der Maacher Gemeng aus der Ligue “Ons Jongen” d’Asbl “Enrôlés de Force – Ons Jongen – Gréiwemaacher”, an den 9. Juli 2017 seent den Deche Claude Bache bei där traditioneller “Journée Ons Jongen” déi renovéiert Kräizkapell, déi zesumme mat dem Kräizerbierg e ganz héije Stellewäert an der Muselmetropol huet.

Monique Hermes (Mee 2018 – update: Mäerz 2022)

 

Quellen:

  • Stadt Grevenmacher: Der Kreuzerberg und seine Geschichte, von Joseph Hurt, herausgegeben zur Erinnerung an die Restaurierung des Kreuzerberges im Jahre 1956, zum Gedenken an die gefallenen und vermissten Söhne der Stadt, Imprimerie Paul Faber, Grevenmacher, 1956.
  • Monique Hermes: Diverse Veröffentlichungen betr. Kreuzkapelle und Kreuzerberg, im Rahmen des Antrags zum „Classement National“, sowie betr. „Ons Jongen“.
Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.