🌿♻️ WĂ«llkomm zu Maacher – Grouss Botz♻️🌿
Vill motivéiert Fräiwëlleger – Grouss a Kleng – hunn haut zesumme mat ugepaakt, fir eis schéin Stad nach e Stéck méi propper ze maachen. 💪🧹
E grousse Merci un all déi vill Leit, Veräiner a Scouten, déi sech Zäit geholl hunn, fir bei der Grouss Botz mat dobäi ze sinn. Är Engagement fir eis Stad ass net selbstverständlech! 🙏
Besonnesch flott: Verschidde Participanten haten 2 verschidde Strëmp un 🧦🧦 – e klengt, awer staarkt Zeeche fir de Weltdag fir Trisomie 21. Déi ënnerschiddlech Strëmp stinn dofir, datt aner sinn normal ass an datt Diversitéit eis Gesellschaft méi räich mécht. ❤️
👉 Merci un jiddereen, deen dobäi war – zesumme maache mir Gréiwemaacher nach méi liewenswäert!
Fotoen: © Norry Stoltz