Scroll Top

Déi Gréiwemaacher Zéintscheier am Laf vun der Zäit (II)

Vum Späicherraum zum herrlech restauréierte Jugend- a Begéinungstreff

Virtrag vum Monique Hermes bei Geleeënheet vu “Maacher Oart”den 1. an 2. Abrëll 2018.
Iwwerschafft an ergänzt am Februar 2022.

L’immeuble dit “Zéintscheier”, coin rue de la Poste / rue de l’Eglise, inscrit au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le numéro 910/6267.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 13 novembre 2009.

D’Zéintscheier vum 19. Jorhonnert un

De Jos. Hurt schreift an engem Artikel, deen 1940 an de “Cahiers Luxembourgeois” verëffentlecht gouf: “Cette maison, de forme élégante, flanquée d’un magasin de dépôts et portant le millésime 1635, a sans doute été remaniée à plusieurs reprises et malheureusement “modernisée”. Ayant servi jusqu’à la révolution française, elle fut vendue comme bien national et devint la propriété de la famille Schoren. Le cadastre de 1824 porte: Schoren Fréd. Aubergiste. On doit regretter que le dernier occupant de ce bel immeuble ait cru devoir élargir les baies des fenêtres finalement moulurées et leur faire perdre ainsi cette élégance architecturale qui caractérise l’art de la Renaissance tel qu’il fut affiné et amenuisé jusqu’au début du XVIIe siècle.” (Cahiers Luxembourgeois, 1940,78.)

Domat wäre mer am 19. Jorhonnert, an d’Zéintscheier, déi net “expressis verbis” um Urkadasterplang vun 1824 an och net um Plang, deen de Philippe Knaff sengen Buch “Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und Landrichterei und ehemalige Festung Grevenmacher” (1877) ernimmt ass, gehéiert der Famill Schoren, eng räich a renomméiert Famill, déi vill Gidder zu Gréiwemaacher an Ëmgéigend hat. Am Gebai ass de Mielspäicher fir d’Miel aus der Schorensmill(en) – dat war déi fréier Baxeras-Millen, déi direkt ënner dem Mënschecker Tur un der Rouderbaach louch.

Et ass zu där Zäit, genee 1822, wou eng Brandkatastrof, déi als “de grousse Brand” an d’Geschicht agoe sollt, 147 Wunnhaiser (vun am Ganzen 341), 80 Ställ an 39 Scheieren zerstéiert. Well de Brand an der ënnerschter Syr ugefaang huet, kann een dervun ausgoen, datt Zéintscheier, déi wuel aus Steen war, deemools dach net ongeschuer dervu koum. Ëmmerhi waren d’Klacken am Kierchtuer geschmolt an d’Kierchenauer war och verbrannt!

Spéider, ëm 1870, huet e gewësse Jos. Fischer d’Gebai kaaft, restauréiert an doran eng modern Konschtschräinerei ageriicht. Zu deem Jos. Fischer ass ze soen, datt e mat sengem Brudder Peter zesummegeschafft huet, deen e bekannte Steemetzer – am Sënn vu Monumenter haen – war; hien hat säin Atelier an der Schaffmill; vun deenen zwee Bridder fanne mer bis haut Spuren am ganze Land, z. B. rezent bei Restauratiounsaarbechten an der Stad Lëtzebuerg um Klouschter vun de Redemptoristen nieft der Paterekierch. Iwwer dee Jos. Fischer steet an der “Familienchronik der Stadt Grevenmacher”, Band 1: A-N, Kayser & Vanolst 2017, S. 230: “Er war ein begabter Bildhauer und schuf Altäre, Kommunionbänke, Kanzeln, Statuen und Kirchenmöbel.”

Vill Propriétairen a vill Destinatiounen am 20. Jorhonnert

Am Laf vum 20. Jorhonnert huet d’Zéintscheier méi dacks de Propriétaire an d’Destinatioun gewiesselt. Et war eng Bäckerei am Gebai, dovun ass de Bakuewen am verwëllefte Keller Zeien.En Dokter hat seng Praxis an der Zéintscheier, an et war och e Spirituosen- an Tubaksgeschäft dran. En interessanten Témoignage huet den Här Georges Arendt, deen an der Zäit Douanier hei zu Maacher war, äis no der “Porte ouverte vum 15. Juli 2017 zoukomme gelooss: “Fréier huet een do wunne missen, “wou een détachéiert war. Esou hunn ech zu Gréiwemaacher an engem Haus, dat “Zéintscheier” genannt gouf, bei enger eelerer Koppel gewunnt. (….) Déi zwou Persounen haten e Spirituosen- an Tubaksgeschäft, an et war do, wou ech geléiert hunn, dee gudde Lëtzebuerger Wäin ze drénken.” (No den Informatioune vum Här Arendt huet et sech ëm den Här an d’Madame Weydert gehandelt, an hie selwer huet an der Zéintscheier gewunnt vun 1958 bis 1961.)

De Bakuewen am Keller vun der Zéintscheier ass Zeie vun der Bäckerei, déi fréier am Gebai war. (Foto: Alain Goedert)

Am Besëtz vun der Gemeng Gréiwemaacher zënter 1975

Et war am Mäerz 1975, wéi d’Gemeng Gréiwemaacher beschloss huet, d’Zéintscheier ze kafen. Zu deem Zäitpunkt waren den Här an d’Madame (Marcel) Kirchens-(Madeleine) Paulus d’Propriétaire vum Gebai. D’groussherzoglech Autorisatioun gouf den 1. Oktober ausgestallt, an doran ass dës Intentioun ganz kloer zréckbehal: “Considérant qu’il s’agit d’un immeuble datant de 1635 et que l’acquisition est réalisée pour des raisons d’utilité publique, dans l’intérêt de la sauvegarde de cet immeuble et du logement des archives et de la bibliothèque de la Ville…”.

D’Demande fir d’Zéintscheier ze kafen, ass ënner dem Buergermeeschter Jean-Pierre Urwaldgemaach ginn. De Kafpräis war 1,l Millioun al Frang. Am Akt, deen de 26. November 1975 ënnerschriwwen an de 16. Dezember 1975 vum Gemengerot guttgeheescht gouf, kritt een dës zousätzlech Informatiounen: D’Propriétairen haten d’Haus geierft vum Här an der Madame (Bernard) Paulus – (Marie) Gelhausen an dem Här Jean Paulus, Brudder vum Här Bernard Paulus.

1976 goung eng Zort “Dornröschenschlaf” fir déi fréier Zéintscheier un. D’Gebai ass wuel net vernoléissegt ginn, mä et war jorzéngtelaang u Privatpersoune verlount.

De 14. Juli 2006 huet de Gemengerot dunn e soug. “Devis estimatif” vun 1.490.950,01 € guttgeheescht, dee vum Architektebüro Jean-Claude Lutz s.à.r.l. vu Lëtzebuerg opgestallt gi war. De Libellé war deen hei: “concernant la restructuration et la revalorisation de la ‘Zéintscheier’ à Grevenmacher” et projette d’y installer “’l’Internet Stuff’, des locaux pour le CRIAJ, des locaux pour l’ALJ (“Action Locale pour Jeunes”) ainsi qu’un logement de service.” D’Entscheedung, fir de CRIAJ (Centre de Rencontre, d’Information et d’Animation pour Jeunes) an d’Zéintscheier ze huelen, war vum deemolege Buergermeeschter Roby Stahl geholl ginn.

E puer Méint méi spéit, de 6. Mäerz 2007, gëtt de Gemengerot e positivt Gutachten of an hëlt d’Propositioun vum Schäfferot un, fir d’Zéintscheier als Nationalmonument klasséieren ze loossen, mat dësem Hiwäis: “en constatant les éléments à sauvegarder (la cave voûtée, l’escalier en colimaçon et l’encadrement de diverses fenêtres)”. De Regierungsrot seet den 13. November 2009 säi Jo zu där Demande.

An der Tëschenzäit hat den Architektebüro Lutz, dee mat der Restauratioun vun der Zéintscheier betraut war, Faillite gemaach (2007), an et huet erëm bis 2010 gedauert, éiert eppes geschitt ass. Du ass de Restaurateur Thomas Lutgen chargéiert ginn, fir eng “restauratorische Bestandserfassung”vun der Zéintscheier ze maachen, wat vu Mee bis Juli 2010 zesumme mat der Historikerin Marzena Kessler geschitt ass. An deem ganz kompletten Inventar ginn ë. a. eng ganz Partie Ännerungen um Gebai festgestallt, déi bekannt waren.

Bei de Fouille vun 2012 an 2013 konnte Maueren aus dem 13. Jorhonnert fräi geluecht ginn. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

E bedeitende Projet, dee laang gedauert huet

Schliisslech gëtt “ARK Architekt Kugener” vu Gréiwemaacher mat dem Projet “Zéintscheier” betraut, an den 22. September 2011 approuvéiert de Gemengerot deen entspriechenden Devis an engem Montant vun 2.769.386,33 €. Et ass also vun 2012 un, wou e bedeitende Projet Form unhëlt.

An de Joren 2012 an 2013 leet d’Christiane Bis-Worch, Conservatrice am “Service d’archéologie médiévale et postmédiévale” am CNRA (“Centre National de Recherche Archéologique), d’Gruewungen an d’Fouillen, déi duerchgefouert ginn, an den 22. Oktober 2013 kënnt déi deemoleg Kulturministerin Octavie Modert sech déi Fouillen ukucken. Am Pressecommuniqué, dee vum Christiane Bis-Worch a vun der Kulturschäffin Monique Hermes zesummegestallt gëtt, heescht et ë. a., datt Mauere vun onbekannte Fëllementer am Gaart ausgegruewe gi sinn. “Les murs ont pu être datés au 13e siècle d’après les céramiques y découvertes”, steet doran. An och nach, datt dat iwwerenee stëmme géif mat der Joreszuel 1290, wéi den Hari VII (1275-1313), Grof vu Lëtzebuerg, Haiser, Scheieren, Kelleren a Kelteren tëscht sengem “Schlass” an der Diddenhuewener Paart opkaaft hätt, fir säi Schlass ze vergréisseren, dat no bei der Kierch St-Laurent louch, also matzen a Maacher!

“Les structures récemment mises au jour, y compris une cave abandonnée inédite découverte sous la cave existante du 17e siècle pourraient donc théoriquement appartenir à ce complexe”, heescht et am Communiqué.

Baussent dem Gebai goufen och nach eng Zetär beim Trapentur an e grousse Pëtz am Agank vum Gaart fonnt, déi zum Gebai aus dem 17. Jorhonnert gehéiert hunn.

An da kënnt nach eppes Intressantes un d’Dagesliicht, nämlech en Zort Lineal, deen ee béie kann, d. h. e Moossinstrument vun 30,48 cm, dat a 24 “demi-pouces”, resp. an 12 “pouces” agedeelt ass. (1 “pouce” sinn 2,54 cm.) Dat Instrument gouf an enger Couche Steng fonnt, déi däitlech méi al ass, wéi 1635, wat drop hin deit, dat op dëser Plaz scho virun deem Datum eng Zéintscheier stoung!

An du konnt ee soen: “Was lange währt, wird endlich gut!” D’Fouillen hunn däitlech gemaach, dass d’Zéintscheier vu 1635 net dat éischt Gebai op där Plaz war, an d’Aarbechte fir d’Restauréierung ware virbereet. Elo konnten déi Aarbechten definitiv ufänken. Si sollten net ëmmer einfach sinn… D’Soumissioun ass de 25. Abrëll 2014 opgemaach ginn, an Enn 2017 konnt déi herrlech restauréiert Zéintscheier déi Jonk vum CRIAJ ophuelen!

Bei der Aweiung, de 4. Dezember 2017, konnt de Maacher Député-maire Léon Gloden dem Educatiounsminister Claude Meisch an deene ville Gäscht e ganz réusséierte Projet presentéieren, deen ëm déi 2,5 Milliounen Euro kascht huet. Subventionéiert gouf de Projet vun de Ministèrë vun der Kultur an der Educatioun a vum europäesche Programm FEDER, an en ass realiséiert ginn an enker Zesummenaarbecht mat dem “Service des Sites et Monuments Nationaux”, well eis Zéintscheier jo e “monument classé” ass.

Looss mer schlussendlech drop hiweisen, datt déi ganz vill Jonker, déi regelméisseg an de CRIAJ kommen, an och hir Responsabel, ganz houfreg sinn, fir däerfen an engem vun deene prestigiéiste Gebaier vu Maacher ze “wunnen”. De Keller huet d’Gemeng gehal fir verschidde Manifestatiounen. Hei kann en och ënner Glas d’Verwëllef vun deem fréiere Keller gesinn, dat Zeien ass vun där laanger, intressanter a beweegter Geschicht vun de Maacher Zéintscheier.

Awer d’Geschicht vun der Gréiwemaacher Zéintscheier geet nach weider! Bei den traditionelle Konschtausstellungen “Maacher Oart” hunn déi Jonk vum CRIAJ 2018 an “hirer” Zéintscheier hir Konschtwierker gewisen, verbonne mat enger gutt besichter “Porte ouverte”. D’Stad Maacher huet dës besonnesch “Interpretatioun” vun deem historesche Gebai kaaft.

D’Zéintscheier “interpretéiert” vun de Jonken aus dem CRIAJ bei “Maacher Oart 2018” (Foto: Alain Goedert)
E besonnescht Wierk: d’Zéintscheier vum Miikka Heinonen am Foyer vun der Maacher Gemeng.

Am Summer 2018 huet dee renomméierte finnesche Fotograf Miikka Heinonen (* 1969), deen zënter 1996 zu Lëtzebuerg lieft (a schonn zweemol de “Prix Grand-Duc Adolphe krut), d’Zéintscheier op seng ganz speziell Manéier fotograféiert, an d’Foto, (“Chromogenic print on Aluminium and acrylic glass”, 104 x 154 cm), war vum 22.09.-28.10.2018 an der Ausstellung “Murmures” fir d’europäescht Joer vum kulturellen Ierfgutt am Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster ze gesinn. Mëttlerweil huet dës besonnesch Zéintscheier hir fest Plaz am Foyer vun der Maacher Gemeng.

Schliisslech stellt “Post Philately” den 3. Dezember 2019 am Kulturhuef zu Gréiwemaacher hir Wohltätegkeetstimberen 2019 vir. De Motto ass: “La Moselle luxembourgeoise – l’architecture”.Op den Timbere si bemierkenswäert Haiser zu Wellesteen, Réimech, Ohn – an d’Maacher Zéintscheier!

Den Timber vun der Zéintscheier op de Wohltätegkeetstimberen 2019 vu Post Philately.
Déi restauréiert Maacher Zéintscheier, fotograféiert vum Alain Goedert am Februar 2018

Monique Hermes, Kulturschäffin vun der Stad Gréiwemaacher

Quellen: All benotzte Quelle sinn am Text uginn.

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.