📸 Biergerversammlung iwwer d’Abrochpreventioun
E Méindeg, den 19. Oktober, haten d’Police Lëtzebuerg an d’Stad Gréiwemaacher op eng Informatiounsversammlung iwwer d’Abrochpreventioun am Centre culturel Machera invitéiert.
👮♂️ D’Biergerinnen an d’Bierger krute wäertvoll Tipps, wéi si hiert Doheem besser géint Abréch schütze kënnen.
E grousse Merci un d’Police Lëtzebuerg fir déi interessant Informatiounen an un all déi, déi dobäi waren!