Wëllkomm zu Maacher – Relais pour la Vie
E Samschdeg 21. Mäerz huet um Stade Op Flohr de Relais pour la Vie stattfonnt – e flotte Moment vu Solidaritéit, Engagement a Gemeinschaft. Vill Leit sinn zesumme komm fir géint de Kriibs e staarkt Zeechen ze setzen an d’Fondation Cancer z’ënnerstëtzen.
Ob lafen, trëppelen oder einfach dobäi sinn – jiddereen huet säin Deel dozou bäigedroen, fir dësen Dag zu engem besonnesche Moment ze maachen.
E grousse Merci un Team Muselmetropol vun der Gemeen Maacher, Päiperléck Aides et Soins à Domicile, den HPPA, an un all Participanten, Fräiwëlleger a Supporter, déi mat vill Häerz a Solidaritéit dobäi waren.
Zesumme si mir méi staark.