🎓 Wëllkomm zu Macher – Merci a vill Gléck fir déi nei Liewensphas! 🌸
No ville Joren am Déngscht vun der Educatioun geet d’Léierin Pierrette Weiler-Nei an hir wuelverdéngte Pensioun.
Bei enger klenger Feier zesumme mat Kolleeginnen a Kolleegen, Frënn a Vertrieder vun der Gemeng gouf hir Engagement an hir laangjäreg Aarbecht gewierdegt. Iwwer vill Joren huet si mat vill Häerzblutt Generatioune vu Kanner begleet, ënnerstëtzt a gepräägt. 📚✨
D’Stad Maacher seet e grousse Merci fir hiren Asaz an der Schoul a wënscht hir fir dës nei Etapp am Liewe vill Gesondheet, Freed a vill schéi Momenter.
🌼 Alles Guddes fir d’Zukunft, Pierrette!
#WëllkommZuMaacher #Grevenmacher #Maacher #Merci #Pensioun #Enseignement
Fotoen: Norry Stoltz
Photos
Gëschter den Owend huet am Osbuerghaus d’feierlech Remise vun de Studentesubsiden vun der Stad Gréiwemaacher stattfonnt.
Mat dëser Ënnerstëtzung wëllt d’Gemeng eis Studentinnen a Studenten op hirem Wee begleeden an encouragéieren, hir Studien engagéiert a mat Succès virunzebréngen
Fir den 33. Dag vum Bam hunn d’Schoulklassen aus der Maacher Grondschoul (Cycle 4.1) zesumme mat hire Léierpersoune beim Flouerwee Kinnebësch zu Gréiwemaacher trotz dem schlechte Wieder Beem geplanzt.
Haut de Moien sinn Kanner aus dem Précoce schon op d’Gemeen liichten a sange komm.
Et war e ganz flotte Moment haut de Mëtteg zu Gréiwemaacher op der Gemeng, wéi d’Schaachtechbotzer a vollem Ornat Gléck wënsche koumen. An der Heemecht vun der Lëtzebuerger Wäikinnigin gouf et net nëmmen e gudde Pättche zum beschten, mä et sinn och interessant Informatiounen iwwer e besonnesche Beruff ausgetosch ginn. Merci villmools, léif Schaachtechbotzer, Dir waart wëllkomm!
🎄Réckbléck op de Maacher Chrëstmoart✨
E flotte Chrëstmoart läit hannert eis – mat villen schéine Momenter, gudder Stëmmung a villen léiwen Begegnungen am Häerz vu Maacher ❤️
De Maacher Chrëstmoart war och dëst Joer nees eng flott Geleeënheet, fir zesummen d’Chrëschtzäit ze genéissen.
🙏 Merci un all d’Aussteller, Veräiner, Ënnerstëtzer an natierlech un all d’Visiteuren, déi dëse Chrëstmoart esou lieweg a gemittlech gemaach hunn.
📸 Kuckt iech hei e puer Impressiounen vum Maacher Chrëstmoart un ✨🎁
🎅✨ De Kleesche war zu Maacher! ✨🎅
Nodeem de Kleesche mat der M.S. Princesse Marie-Astrid 🚢 ukomm ass, gouf hien um Quai vun Schäffen- a Gemengerot an ville, ville Kanner 👧🧒 häerzlech begréisst.
🎶 Nom Cortège zesumme mat der Maacher Musek huet hien d’Kanner um Schweinsmoart empfaangen an hinnen eng gutt gefëllten Tiitche 🎁 ginn.
🙏 E grousse Merci un:
🛍️ Maacher Geschäftsleit – Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher
🌐 Visit Maacher
🏞️ Syndicat d’Initiative et de Tourisme Grevenmacher
🚒 d’Gréiwemaacher Pompjeeën asbl
fir hir flott Ënnerstëtzung! ❤️
An enger flotter Feierstonn, e Méindeg, de 24. November 2025, goufen am Centre Culturel Machera iis Maacher Sportler géeiert.