De Maacher Schäfferot huet haut e Grupp vu SchülerInne mat hire Léierpersounen aus dem US-Staat Wisconsin op der Gemeng ëmfaang, déi fir de Moment op Visitt am Maacher Lycée sinn. Och den Direkter vum Macher Lycée, Pierre Weissgerber, an déi Léierpersounen, déi responsabel fir dee flotten Echange sinn, ware mat derbäi. Esou gi Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Amerika opliewe gelooss, déi schonn zënter 1848 bestinn. Déi jonk Leit ware begeeschtert vun eisem schéine Maacher.