15/12/2025 Réckbléck op de Maacher Chrëstmoart E flotte Chrëstmoart läit hannert eis – mat villen schéine Momenter, gudder Stëmmung a villen léiwen Begegnungen am Häerz vu Maacher De Maacher Chrëstmoart war och dëst Joer nees eng flott Geleeënheet, fir zesummen d’Chrëschtzäit ze genéissen. Merci un all d’Aussteller, Veräiner, Ënnerstëtzer an natierlech un all d’Visiteuren, déi dëse Chrëstmoart esou lieweg a gemittlech gemaach hunn. Kuckt iech hei e puer Impressiounen vum Maacher Chrëstmoart un