D‘Filial vun der Staatsspuerkeess steet op enger historescher Plaz
Maacher gouf vum 12/13. Jorhonnert u vun enger staarker Stadmauer ëmginn. Dora ware 27 oder 28 Tir.
Véier Puerten hunn an d’Stad eran an eraus gefouert. Eng vun hinne war d’Diddenhuewener Puert, op där Plaz, wou d’ënnescht Syr an d’Webergaass iwwer geet, net wäit vun engem vun den Ecktir vun der Festungsmauer ewech, also esouzesoen do, wou haut d’Gebai vun der Spuerkeess steet.
Schonn 1959, wéi d‘Spuerkeess gebaut ginn ass, sollt d‘Gebai un den Ecktur vun der fréierer Festungsmauer, resp. un d’Diddenhuewener Puert erënneren – dofir gouf deemools ronn gebaut.
Wéi den 10. Juli 1959 um Terrain Hastert-Schmit d’Fëllementer fir den deemolegen Neibau ausgehuewe gi sinn, ass e Fond gemaach ginn, deen net nëmme fir d’Lokalgeschicht mä och fir d‘„Volkskunde“ – an domat fir d’Gebräicher an de Volleksglaf vun eise Virfueren – vu Bedeitung war an ass.
Et handelt sech ëm zwee beschriwwe Blieder, déi zesummegefaalt waren, ëm e gedréckt soug. „Seegensblat“, ëm Andachtsbillercher an ëm verschidde reliéis Géigestänn, déi sech tëscht zwéi Steng, déi openaner louchen, gutt gehal haten. Dat Ganzt – am Volleksmond och alt emol als „Däiwelsgäissel“ bezeechent – stellt en Hausseegen duer, dee beim Bau vum fréieren Haus virun 200 Joer – genee 1754 – zesumme mat Schutz- an Ofwiermëttelen an de Grondsteen geluecht gi war. De Grondsteen selwer konnt leider net méi ausgehuewen an ënnersicht ginn, well e vun den Aarbechter zerschlo an erëm an d’Fëllement agebaut gi war.
Intressant ass, datt aus deem engen Dokument ganz genee ervirgeet, wéini vu weem a firwat d‘Haus gebaut ginn ass, nämlech 1754, („extra muros“!), vum deemolege Postverwalter Johann Philipp Clotz als Poststatioun!
D‘„Däiwelsgäissel“, déi fonnt gi war, ass direkt sécher gestallt ginn, war eng Zäit laang an den Hänn vun der Maacher Gemeng a läit elo am Staatsmusée fir Konscht a Geschicht (MNHA) an der Stad.
Nëmmen ee Joer méi spéit, 1960, huet de Paschtouer a Lokalhistoriker Jos. Hurt (1892-1962) vu Gréiwemaacher, dee ganz vill wichteg Dokumenter fir d’Maacher Geschicht zesummegestallt an hannerlooss huet, an der Sankt Paulus-Dréckerei an der Stad e Bichelchen erausgi mam Titel: „Geisterabwehr bei unseren Vorfahren – Interessanter Grundsteinfund in Grevenmacher“. Dora gëtt dësen interessante Fond dokumentéiert a genee beschriwwen.
Des Weidere gëtt ee vill gewuer iwwer „Die Posthalterei in Grevenmacher und die Familie Clotz“. D’Famill Clotz war eng al Postmeeschterfamill, déi eng Zäitlaang zu Wecker de Postrelais verwalt huet – deemools ass d’Poststreck iwwer déi al Réimerstrooss vun Nidderaanwen iwwer Rued op Wecker a weider iwwer Mäertert op Tréier, also laanscht Gréiwemaacher, an dat bis 1738, bis de Postkutschendéngscht Lëtzebuerg-Tréier iwwer Gréiwemaacher geleet ginn ass. Et gëtt ugeholl, datt zu deem Zäitpunkt och de Relais vu Wecker op Gréiwemaacher verluegt gouf.
Déi éischt Poststatioun, déi zu Maacher bekannt ass, war an der Poststrooss (op ale Pläng agedro als „Onc(k)els Gasse“, am heitege „Postlooch“. Vun ongeféier 1740 u war de Johann Philipp Clotz Postmeeschter (+1768) zu Gréiwemaacher. 1754 huet hien déi nei Poststatioun mat Ställ no bei der Diddenhuewener Paart baue gelooss. An de Grondsteen gouf déi „Däiwelsgäissel“ geluegt, déi 205 Joer méi spéit erëm fonnt gouf. Domat maache mer dann de Krees nees zou…
Monique Hermes – Update: 26.04.2022