🎉 Merci Marc Schwall – 25 Joer am Déngscht vun eiser Gemeng! 🎉
D’Gemeindeverwaltung Grevenmacher gratuléiert dem Marc Schwall ganz häerzlech zu 25 Joer engagéiertem a vertrauensvolle Service fir eis Stad an eis Biergerinnen a Bierger. 👏
Mat senger Kompetenz, senger Zouverlässegkeet an sengem grousse Beruffsgefill dréit hie säit engem Véierel Joerhonnert dozou bäi, datt d’Gemeng Grevenmacher all Dag e Stéck besser funktionéiert. 🙌
💐 Léiwe Marc, e grousse Merci fir deng laangjäreg Aarbecht an däin Asaz!
Mir freeën eis op déi nächst Joren an eng weider gutt Zesummenaarbecht.