Vereedegung vum neie Gemengeconseiller Antonio Cavaleiro.
Häerzlech wëllkomm am Gemeenerot vun der Muselmetropol Gréiwemaacher.
Actualités
Ce matin, la Ville de Grevenmacher eu le grand honneur d’accueillir le ministre de la culture, M. Eric Thill, dans la métropole mosellane.
Le ministre ainsi que ses collaboratrices ont été accueillis par la bourgmestre Mme Monique Hermes entourée des conseillers M. Claude Wagner et Mme Carine Sauer.
Gutt Stëmmung op der Braderie zu Maacher!
Merci un all déi, déi e Sonndeg 26.07.2026 op d’Braderie zu Maacher komm sinn an dëse schéine Moment mat eis gedeelt hunn.
Hei e puer Andréck vun engem gelongenen Dag.
Org. Union Commerciale et Artisanale de Grevenmacher
Fotoen: ©FLUO
Impressioune vum Sunset Cinema 2026 beim Maacher Beach. Eng schéin Ambiance fir e Relaxen Owend.
Gratis Formatioun: Éischt Hëllef
Wëllt Dir léieren, wéi een am Noutfall richteg reagéiert? Da mellt Iech elo fir d’Formatioun Éischt Hëllef un!
Während dësem 16-Stonne Cours léiert Dir ënner anerem:
Den 11. Juli 2026 war Gréiwemaacher Statioun vum Female Social Ride 2026.
Als Partner vun dëser flotter Initiativ huet d’Stad Gréiwemaacher de Ravitaillement fir d’Participante gestalt.
Mir gratuléieren den Organisateuren zu dëser gelongener Editioun, bei där 5.800 € fir Think Pink Lëtzebuerg gesammelt goufen.
Impressiounen vun der Maacher Schoulkiermes den 10.07.2026, wou och d’Fräizäitkoart iwwerreecht ginn ass.
Zesumme Waasser spueren!
Wéinst den héijen Temperaturen huet d’Regierung d’Phase de vigilance declenschéiert. Elo ass et besonnesch wichteg, bewosst mat eiser wäertvoller Ressource Waasser ëmzegoen.
💧 Besicht ëffentlech Schwämmen.
🚗 Wäscht Ären Auto an der Waschanlag
🧺 Loosst d’Wäschmaschinn just lafen wann se voll ass
🌱 Nätzt sou mann wéi méiglech mat Drénkwaasser
🚰 Reduzéiert d’Botze vun Ären Afaarte mat Drénkwaaser
🚿 Duscht net ze laang
All Drëps zielt! Merci, datt Dir mat hëlleft, eis Waasserressourcen ze schounen.
Merci, Ady!
No ville Joren am Déngscht vun der Stad Gréiwemaacher ass den Här Ady Schanen an déi wuelverdéngte Pensioun gaangen. Dëst gouf de 7. Juli 2026 am Kader vun enger klenger Receptioun op der Gemeng gefeiert. Mir soen him villmools Merci fir säin Engagement, seng laangjäreg Aarbecht am Déngscht vun eiser Stad a wënschen him fir dësen neie Liewensofschnëtt vill Gesondheet, Freed a vill schéi Momenter.
Programme de vacances pour les enfants du Cycle 3 & du Cycle 4 de Grevenmacher.
Thème: Sport & activité physique
31.08.-04.09. / 14h00-17h00
Inscription jusqu’au 10,07,2026