🎓✨ Remise vun de Studentesubsiden fir d’Schouljoer 2024/2025 ✨🎓
Gëschter den Owend huet am Osbuerghaus d’feierlech Remise vun de Studentesubsiden vun der Stad Gréiwemaacher stattfonnt.
Mat dëser Ënnerstëtzung wëllt d’Gemeng eis Studentinnen a Studenten op hirem Wee begleeden an encouragéieren, hir Studien engagéiert a mat Succès virunzebréngen 📚💪
D’Buergermeeschtesch mat hierem Schäffen- a Gemengerot an zesumme ma der Jugendkommissioun huet bei dëser Geleeënheet d’Gratulatiounen an déi bescht Wënsch fir d’Zukunft un all d’Studenten iwwerbruecht. Mir si stolz op eis jonk Generatioun an hir Leeschtungen 🌟
👏 Mir wënschen alle Studentinnen a Studente vill Erfolleg bei hire weidere Studien an alles Guddes fir d’Zukunft!
Fotoen: © FLUO