Zesumme mam Schäfferot huet de President vun der Maacher Jugendkommissioun, Eric Kieffer, e Scheck iwwer 825 € un d’Vertriederinne vun der Amicale Foyer Pietert iwwerreecht. Dës Zomm ass den Erléis vum Public Viewing, deen d’Jugendkommissioun bei der EM am Summer 2024 op der Maacher Beach organiséiert hat.