Gëster den Owend um Freideg den 13.12.2024 huet déi Maacher Gemeen déi 13. Adventsfënster vun der Adventsfënsteraktioun organiséiert vun der Amicale Foyer Pietert opgemach.
Hei d’Impressioune vun iiser sensationeller Fënster:
« De Maacher Wiichtelrot mam Oberwiichtel ».
Merci jidderengem dee kucke komm ass an iis ënnerstëtzt huet.
Déi Maacher Gemeen wënscht jidderengem eng schéin Adventszäit !