
⚠️ Wichtege Message un d’Bevëlkerung ⚠️
D’Police, an dësem Fall de Commissariat Museldall, ass iwwert déi rezent gemellte Situatiounen – ë. a. Glasschierbelen – am ëffentleche Raum informéiert. Déi betraffe Plaze ginn an de Kader vun de regulären a preventive Patrullen – och um Weekend – kontrolléiert a weider am A behalen 👮♂️🚓
👉 Wichteg:
Bei änlechen Incidenten (z. B. illegal Partyen, Kaméidi, Vandalismus, Dreck, Glasschierbelen, verdächtegt Verhalen, asw.) ass et absolut néideg, d’Police direkt ze kontaktéieren.
📞 Commissariat Museldall: 244 70 1000
🔹 Nëmmen duerch eng direkt Meldung kann d’Police
- séier intervenéieren
- situativ agräifen
- a – wann néideg – géint déi betraffe Persoune virgoen.
ℹ️ Meldungen iwwer sozial Netzwierker oder iwwer aner Kanäl ersetze keng direkt Kontaktopnam mat der Police.
🙏 Merci fir Äert Versteesdemech an Är Mathëllef am Sënn vun der Sécherheet a vum gudde Zesummeliewen