Scroll Top

Statement – Budget 2026

Haut de Moien huet de Maacher Gemengerot de Budget fir d’Joer 2026 majoritär gestëmmt (6 Jo-Stëmme vun der CSV-déi gréng Majoritéit, 5 Nee-Stëmme vun der DP-LSAP Oppositioun). D’Eckwäerter vun deem Budget si 4.885.841 € Boni am Ordinaire a 6.382.260 € Mali am Extraordinaire. Wann een de Boni vun 2025 reportéiert; dat sinn 1.975.619 €; da bleift fir d’Joer 2026 e Boni vu 479.200 Euro.

Nodeem dee wichtege Projet „Schweinsmoart“ mat dem Centre culturel Maachera, dem ënnerierdesche Parking an der Busgare ofgeschloss ass, sti wieder wichteg Investissementer an d’Liewensqualitéit vun de Maacher BiergerInnen an d’Haus. Et geet drëm, Wunnen, Schaffen, Kultur a Fräizäit ze harmoniséieren. Dofir investéiere mir weider.

Deen neie Quartier PAP Pietert, wou d’Aarbechte gutt viru ginn, schléit mat 2.100.000 € zu Buch, d’Aarbechten an där enker „rue Syr“ mat 1.300.000 € an d’Erneierung vun engem Stéck vun der Tréiererstrooss mat 800.000 €. Den Trottoir an der rue Leitschbaach an de Parking op Flohr ginn ëmgestallt fir 422.000 €.

D’Waasserversuergung ass fir äis wichteg, dofir stinn nach eng Kéier 1.200.000 € fir eis Quellen um Geyeschhaff am Budget. An der Ëmwelt kënnt zegutt, datt mer weider 60.000 € an LED-Luuchten investéieren.
Natierlech stinn och de mëttelfristegen Aus- an Ëmbau vun eisem Schoul- a Maison relais-Campus mat 400.000 € op der Prioritéitelëscht. Mir investéieren an informatescht Material fir eis Grondschoul (32.600 €), a pädagogescht Material fir eis regional Musekschoul (30.000 €) an a spezifescht Material fir eis Maison relais (62.700 €). Eis Kanner a Jonker sinn net vergiess, well och déi 2. Maacher Fräizäitkaart wäert kommen.
Kultur a Sport stinn eebefalls am Focus: De Centre culturel Machera kritt eng mobil Tribün fir 150.000 € a weidert technescht Material fir 100.000 €. D’Tennisterraine ginn erneiert fir 200.000 €, an op Flohr ginn e Gebai fir Stockage mat engem Sall fir 200.000 € an eng Killkummer nieft dem syntheeteschen Terrain fir 35.000 € gebaut.

Fir datt eis Leit kënne gutt a Maacher schaffen, schafe mer zwéin nei Autoen an an eng nei Kiermaschinn u fir 310.000 €.
A last but not least dreiwe mer d’Digitalisatioun vun eise Gemengeservicer weider fir 125.000 €, well d’Maacher Gemeng ass eng vun de Pilotgemenge vum Sigi.
Deemno hu mer et mat engem strukturelle Budget vun Optimismus, Courage a Verantwortung ze dinn, fir d’Wuel vun der Stad Gréiwemaacher a vun de Leit, déi bei äis wunnen a schaffen.

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.