Scroll Top

Smart-Stuff Grevenmacher

De Wee an déi digital Welt fir eeler Leit

Vum 4. Juni u vun 10 bis 13 Auer mécht de CRIAJ seng Dieren op fir d’Seniore vu Maacher ze empfänken.

Dir kënnt hei ganz relax an ouni Drock Är Froen iwwer déi digital Technologië stellen: Handy, Tablet, Laptop a Co. 

An dësem Fall léieren déi Eeler vun de Jonken! 

Dat Schéint am Generatiounsënnerscheed ass, dass mer vun enee léiere kënnen. 

Déi Jugendlech begleeden Iech entweeder bei Ären éischte Schrëtt mat engem Smartphone oder Tablet oder wann Dir schonn Erfarung hutt, wéi Dir den Internet oder och déi sozial Medie wéi Facebook, benotze kënnt.

Wéi funktionnéiert d’Smart-Stuff?

Am Eenzelgespréich mat de jugendlechen Experten, déi entspriechend forméiert goufen, gi Dir da beroden, fir all Gespréich sinn 30 Minutte virgesinn. Di Jugendlech kënnen Iech um Apparat direkt weisen, wéi Dir déi sozial Medie benotze kënnt, oder beim Kaf vun engem digitale Gerät beroden.

Firwat ass eng digital Weiderbildung wichteg?

Duerch déi digital Weiderbildung kënnen d‘Senioren de Kontakt mat Frënn a Famill och weiderféieren, och wann si net méi sou mobil sinn. Och den Zougrëff op Informatiounen, déi deelweis am Stonnentakt änneren, souwéi Onlineshoppe sinn nei Erausfuerderungen, déi deenen eelere Leit net solle virenthale ginn.

Wéi wichteg déi digital Medie sinn, hu mir wärend der Pandemiezäit erlieft. Iwwer dëse Wee geet eng nei Dier zur Aussewelt op, déi et erlaabt och am Alter méi selbststänneg ze bleiwen an der sozialer Isolatioun entgéint ze wierken.

Wou a wéini ass d’Smart-Stuff op?

Vum 4. Juni u kënnt Dir all Freideg tëscht 15 an 18 Auer beim CRIAJ
(20, rue de la Poste) an der Zéintscheier laanscht kommen. 

Fir Kaffi a Kuch suergen déi Jugendlech aus dem CRIAJ. D’Berodung ass gratis, fir de Kaffi steet eng Keess bereet.

Dëse Service ass eng Initiative vun der Kommissioun fir sozial Froen an den 3. Alter an der Golden-Me asbl.

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.