Maacher Geschicht op eng populär Manéier virgestallt

Wichteg Elementer fir d’Muselmetropol besser kennen ze léieren

Vue op Maacher vum Kräizerbierg erof. (Foto: Monique Hermes, 2020)

Am Joer 1252 krut d’Stad Maacher d‘Fräiheetscharta vum Lëtzebuerger Grof Hari V. – dem Blonden, dem Jong vun der Gräfin Ermesinde – iwwerreecht. Et war dee véierte Fräiheetsbréif fir eng „Lëtzebuerger“ Stad (no Iechternach, Diddenhuewen a Lëtzebuerg, a viru Bitburg), wat op d’Wichtegkeet vu Maacher fir d’Grofe vu Lëtzebuerg hindeit.

A virun deem Fräiheetsbréif?
  • Mä do ginn et Spure vu „Maceries“ – deem „ale Gemaier“ – an duerno vun der fräkescher „Villa Machera“, déi am 7. Jorhonnert der Äbtissin Irmina an domat dem Klouschter Euren bei Tréier geschenkt gi wär.
  • Sécher ass, datt Maacher net ëmmer am Dall an domat direkt un der Musel Eng éischt Siedlung fanne mer scho virun der Réimerzäit, wuel no beim Buerggruef an och no bei där aler Réimerstrooss Tréier-Lëtzebuerg.
  • Méi konkret gëtt et am Joer 1052. Vun deem Datum u gehéiert d’Grenz-„Uertschaft“ Maacher duerch en Tauschvertrag zum Lëtzebuerger Gebitt.
  • Et dauert duerno awer nach 100 Joer, an zwar bis 1153, bis de Grof Hari IV. – de Blannen an de Grousspapp vum Hari V. – d’Uertschaft un der Musel definitiv fir sech an domat fir d’Lëtzebuerger Grofenhaus gewanne kann. War eng éischt Kräizkapell um Kräizerbiergdat sichtbaart Zeeche vum Fridden, deen d’Grofe vu Lëtzebuerg mat den Hären (Äerzbëschofen, Bëschofen) vun Trier geschloss hunn? Kee weess et…
  • Ass et dann elo och den Hari IV., dee Maacher befestegt huet, fir no méi wéi 100 Joer Streidereien „op Nummer Sécher“ ze goen? Et wär gutt méiglech, an d’Spezialiste mengen et och. Oder ass d’Befestegung éischter d’Folleg vum Fräiheetsbréif? Da wär de „Befesteger“ den Hari V.
  • Wéi deem och sief. Fest steet, datt staark Festungsmaueren d’Stiedchen un der Musel ëmginn hunn. Fest steet och, datt déi Befestigung e Wierk vu Generatioune war, esoudatt esouwuel de Papp, wéi de Jong vun där dichteger a beléifter Gräfin Ermesinde eppes dermat ze dinn hu kënnten.

 

D’Festungsmaueren

De Plang vun der „Festung“ Gréiwemaacher no enger Lithographie vum N. Schummer.
(Philippe Knaff: „Geschichtliche Abhandlung…“ 1867)

D’Festungsmauere waren e Véiereck, 280 op 250 Meter laang, an déif Waassergrief hu se nach méi sécher gemaach. Véier Paarten (dräi Haapt-„Dieren“ an eng Niewen-„Dier“) hunn an d’Stad eraugefouert: d’Lëtzebuerger, d’Diddenhuewener, d’Tréierer an och nach d‘Iechternacher Paart, déi dacks als Mënschecker Paart bezeechent gouf, wuel wéinst dem Mënschecker Turdirekt dernieft. War an deem Tur esouguer e Prisong? D’Iechternacher Paart, déi no bei der „Schuckenhiel“ louch, war wuel deen eelsten Zougank zur Uertschaft. Hei war awer och dee schwaachste Punkt vun der Festung un der Musel, an dat wousst de Maarkgrof Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552 auszenotzen, wéi en d’Stiedchen iwwerfall, ausgeraibert a verbrenne gelooss huet.

D’Spure vun der Festungsmauer, an där 27 oder 28 Tir waren, a vun de Paarte fir an d’Festung era si rar ginn zu Maacher an et wär schued, wa se eng Kéier ganz verschwanne géifen. Et misst een elo bemierken, datt d’Festung selwer Enn des 17. Jorhonnerts op Uerder vum „Sonnekinnek“ Louis XIV. durch dem franséische Generol Boufflers seng Truppen an op Befehl vum Maréchal de Créqui ofgerappt ginn ass. Nëmmen d’Tréierer Puert blouf bis wäit an d’19. Jorhonnert stoen.

De Maacher Waacht- a Wiertur op enger Zeechnung vum Jos. Hurt (1952).
(Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Genee an der Mëtt vun där aler Festung stoung – a steet och haut nach – e massiven Tur. Dëse Wuecht- a Wiertur, deem seng Mauere sech un der Festungsmauer orientéiert hunn an deem seng Ecken op d’Kardinalpunkte vun deene véier Himmelsrichtunge weisen, ass ganz sécher a méi Etappe gebaut ginn. De Festungstur war dacks Zouflucht fir d’Bierger, wann et nees eng Kéier brenzelech ginn ass an der Stiedchen un der Musel. A wéi Gréiwemaacher de Sëtz vun der Landriichterei war, huet en och alt emol als Prisong gedingt. Haut, a schonn zënter 1782, ass d’Symbol vu Gréiwemaacher de 26 Meter héije Kierchtur vun der fréierer Dekanats- an jëtzeger Parkierch St. Laurentius.

 

 

 

 

De Fräiheetsbréif

Ma looss mer zréck komme bei de Fräiheetsbréif. Wat waren d’Bedingunge vun där Fräiheet? Si sinn an där Charta opgelëscht, déi den Hari V., Grof vu Lëtzebuerg a vu Laroche, Maarkgrof vun Arel, de Bierger vu Maacher deemools, 1252, iwwerreecht huet:

  • De Grof krut all Joer den zéngten – oder besser gesot den néngten – Deel (den „Nauntel“) vun de Friichte vum Feld a vun der Rief an och nach 14 Pfenneg („Denaren“) pro Haus. Ass deen Zéngtel, resp. deen Nauntel, vläicht an enger fréierer „Zehntscheuer“ (Zéintscheier)an der heiteger Kierchestrooss an domat no beim Haus vum Grof – dat no beim Festungstur a bei der Gemeng gestan hätt – agesammelt ginn?
  • Maacher krut e Riichter, deen am Ufank – a bis 1515 – vum Grof genannt, duerno vun de Bierger gewielt gouf, an et si siwe Schäffe genannt ginn. (D’Wuert „Buergermeeschter“daucht eng éischte Kéier am Joer 1633 an de Geriichtsbicher op.)
  • Nëmmen deen, deen um Gebitt vun der Stad Maacher gewunnt huet, hat och d’Biergerrecht a stoung domat ënner dem Schutz vum Grof.
  • Wa Krich war, hunn d’Maacher Bierger missen hire Mann stoen.

D’Fräiheet vu Gréiwemaacher ass och spéider ëmmer erëm bestätegt ginn, z. B. schonn am Joer 1384 duerch den Herzog a Keeser Wenzel II., deen d’Stiedchen un der Musel wéinst senger Trei zum Herrscherhaus gelueft huet, oder 1570 duerch de Philipp II. vu Spuenien, 1617 duerch den Albert an d’Isabella vun den Niederlanden a 1769 duerch déi mächteg Keeserin Maria Theresia vun Eisträich.

Et muss een awer ervirhiewen, datt Maacher eréischt 1388 fir d’éischt offiziell als Stad bezeechent gëtt (mat Sëtz a mat Stëmm an der „Ständeversammlung“ vum Land).

 

D’Maartrecht

Eng Maartzeen am ale Gréiwemaacher, gezeechent vum Lé Tanson.

Eng Maartzeen am ale Gréiwemaacher, gezeechent vum Lé Tanson.

An der Tëschenzäit hat den Herzog Wenzel I. der Museluertschaft d’Maartrecht ginn. Dat war 1357. Den „ale Maart“ ass am ieweschten Deel vun der Groussgaass ofgehal ginn. En huet tëscht Stadhaus a Festungstur ugefaang. Handwierk an Handel hunn doduerch e groussen Opschwonk erlieft an zum Räichtum vun der Stad bäigedro. 41 Dierfer dëssäit an déisäit vu Musel an zum Deel och Sauer waren nämlech derzou verflicht, aus all Haus wéinstens ee Vertrieder op de Wochemaart op Maacher ze schécken.

Um Maartdag sinn och zum dackste vum Balkon vum fréiere Stadhaus aus d’Geriichtsuerteeler verkënnegt ginn. De Veruerteelte war derbäi, hie stoung ënnen an enger Mauernisch am „Lomperéng“ an e krut seng Strof nawell ganz gär op der Plaz. Heiandsdo goung deemools eng zolidd Truecht Priggel duer als Strof. Oder de „Verbriecher“ gouf an de Festungstur agespaart, bis de Maart eriwwer war…

 


Deen éischte Maacher Sigel aus dem 14. Jorhonnert.
(Dokument: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Esou ze soe mam Maartrecht krut Maacher 1357 och e Stadsigel bewëllegt („Sigillum Libertatis de Machera“). D’Vergréisserung an d’Ausschaffe vun deem Stadsigel sollt eppes méi spéit zu deem éischte Stadwope féieren: De roude Léiw mam Schlëssel ënner der Festungsmauer a mam lénke Fouss „am Waasser“ erënnert un de Wope vum „Befreier“ vu Maacher, dem Hari V. Am Laf vun der Zäit fanne mer nei Versioune vum Stadsigel, z. B. 1651 „Sigillum Civitatis (Comitis) Macherentina“.

Dëst an dat 

Am Laf vun der Zäit fanne mer och verschidden Nimm fir d’Stiedchen un der Musel, vu „Maceries“ iwwer Machara, (Villa) Machera, Machern a Graf(f)enmachern, d. h. „das Machern der Grafen von Luxemburg“ (no 1338) bis Grevenmacher – zënter 1769 a bis haut.

A wann een dann nach e bëssen an der Geschicht vun der Muselmetropol bliedert, da muss een e Wuert soen:

  • vum Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg a vu Chiny an och Kinnek vu Béimen (1296-1346) dee Maacher am Joer 1346 zesumme mat anere Lëtzebuerger Stied an Uertschaften un den Äerzbëschof Balduin vun Tréier (1285-1354) verkaaft huet; dëse Balduin ass jo keen Onbekannte bei äis, well e koum aus dem Haus Lëtzebuerg,
  • vum räichen Edelmann Peter vun Osburg, deen der Stad am Joer 1418 duerch Schenkung an och nach 1439 duerch en Testament säi bedeitend Hab a Gutt no bei der Tréierer Paart vermaach huet – doraus ass eent vun deenen éischten Zivilhospizer („Spideeler“) zu Lëtzebuerg entstan,
  • vu bluddegen Iwwerfäll op d’Stiedchen, dorënner dee vum Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552,
  • vun der Pescht, déi d’Uertschaft am 17. Jorhonnert uerg heemgesicht hat; Gréiwemaacher hat dofir ganz laang eng Rochus-Brudderschaft an an der Kräizkapell ass och de „Peschthellege“ Rochus veréiert ginn,
  • vum Häerzstéck vun der Uertschaft un der Musel, der Kräizkapell, déi, wéi se haut do steet, 1737 duerch d’Laanghaus erweidert ginn ass – en éischt Zeechnes vun engem Kräiz um Kräizerbierg fanne mer awer schonn ëm 1571 an engem Buch vum spéideren Iechternacher Abt Johann Bertels, deen deemools „Kämmerer“ – Schatzmeeschter – an der Abtei Neimënster am Gronn war; Kräizerbierg a Kräizkapell sinn zënter 1956 Doudemonument vun der Stad Gréiwemaacher a gehéieren zënter 2015 och zu den Nationalmonumenter vu Lëtzebuerg,
Kräizerbierg a Kräizkapell sinn zënter 2015 als Nationalmonument klasséiert.
(Foto: Alain Goedert, 2017)
  • vu prominente Gäscht: den däitschen Dichterfürst Goethe am Joer 1792 – hien hat eng interessant Begéinung mam Maacher Postmeeschter Philippe Johann Jolliot – an de franséische Keeser Napoleon am Joer 1804, fir nëmmen déi ze nennen,
  • vum grousse Brand, deen am Joer 1822 am Ganzen 147 Haiser an 80 Ställ an 39 Scheieren mat dem Fudder dran zerstéiert huet; ugefaang hat d’Feier an enger schmueler Gaass, duerch e Schwäin, wat do „illegal“ geschluecht gi war an duerno d’Buuschte gesengt krut,
  • vu Lëtzebuerger Schoulgeschicht, déi besonnesch am 19. An am Ufank vum 20. Jorhonnert an der Kantonalhaaptstad geschriwwe ginn ass; hei ware Musterschoulen, an et siméi wéi 20 Schoulbicher vu Maacher Léierpersoune geschriwwe ginn; dës Bicher stounge bis wäit an d’20. Jorhonnert eran um Léierplang zu Lëtzebuerg,
  • vun der Basis fir e moderne Wäibau, déi ufanks des 20. Jorhonnerts zu Maacher geluegt ginn ass,
  • vun de Spuren, déi déi schrecklech Zäit vum Zweete Weltkrich an der Muselmetropol hannerlooss hat, net nëmmen d’Grenzbréck war deemools zerstéiert ginn,
  • awer och vun enger moderner, dynamescher an zukunftsorientéierter Stad, déi sech ëmmer weider entwéckelt a sech ni ënnerkréie gelooss huet.
  • Een Deel vun där interessanter Maacher Geschicht kritt een zënter 2013 an der Fräilichtgalerie an der Turgaass an zënter 2019 um Soen- a Legendpad op de Muselpromenad méi no bruecht. Et ass derwäert kucken ze goen. „Maacher lieft“ – dat war d‘Motto am Kulturjoer 1995 an doriwwer eraus. Dat wäert och an Zukunft esou bleiwen an eiser schéiner Muselstiedchen.

 

En Tour duerch Maacher mam Jos. Soffiaturo am Dezember 2020.

 

Monique Hermes
Kulturschäffin vun der Stad Maacher (15.03.2021)

 

 

Dësen Text ass a gekierzter Form am „Luxemburger Wort“ den 18. Abrëll 2002 publizéiert ginn, am Kader vu „Maacher Fräiheet 2002“. En ass fir an dës Publikatioun iwwerschafft an erweidert ginn.