Le cimetière juif de Grevenmacher est maintenant un monument national

Den 12. Mee 2021 huet de Regierungsrot festgehal, datt de Maacher Juddekierfecht op d’Lëscht vun den Nationalmonumenter opgeholl gëtt. D’Demande fir dee Classement war am Oktober 2019 vum Maacher Schäfferot no enger Décisioun vum Gemengerot a mat der Ënnerstëtzung vum Lëtzebuerger “Consistoire Israélite” gemaach ginn. Domat klëmmt d’Zuel vun de klasséierten ëffentleche Monumenter a Siten zu Gréiwemaacher op 8, nämlech: De Mënschecker Tur, de Buerggruef, d’Zéintscheier, d’Kräizkapell mam Kräizwee a mam Kräizerbierg, d’Parkierch mam Festungstur, d’Dechens- an d’Kaplounshaus mam Gaart, d’Osburg-Haus mam Gaart an de Juddekierfecht.