Kräizerbierg a Kräizkapell zu Gréiwemaacher (I)

L’ensemble formé par la chapelle Sainte-Croix (“Kräizkapell”) avec son mobilier, inscrite au cadastre de la commune de Grevenmacher, section B des Bois, sous le numéro 68 et l’escalier avec le Chemin de Croix y menant.

Bénéficie d’une protection nationale depuis le 14 octobre 2015.

D’Kräizkapell mat Vue op Maacher am Fréijoer 2020. (Foto: Monique Hermes)
Dee wäertvolle Reliquiar gehéiert haut zum Maacher Kiercheschaz. (Foto: Archiv Jean Welter)

Den Ursprong vun der Kräizveréierung um Kräizerbierg, déi et scho Jorhonnerte laang gëtt, ass onbekannt.

Am Joer 1570 gëtt d’Helleg-Kräiz-Brudderschaft fir d’éischt an engem Visitatiounsberichterwähnt. Dës Brudderschaft besteet, bis den éisteräichesche Keeser Joseph II. d’Brudderschaften am Kader vun de kierchleche Reformen um Enn vum 18. Jorhonnert ophieft.

Am Zesummenhank mat dëser Brudderschaft soll och e Wuert gesot ginn iwwer dat wäertvollt, spéitgotescht Kräizreliquiar aus dem Gréiwemaacher Kiercheschatz. Dëst “Reliquienostensorium” mat Hl.-Kräiz-Partikel ass am Enn vum 15. oder am Ufank vum 16. Jorhonnert entstan. D’Reliquiar, wat an enger Parvisitatioun vu 1679 fir d’éischt erwähnt gëtt, huet och eng Roll gespillt am ëffentlech-rechtleche Liewe zu Gréiwemaacher, z. B. beim Hobsbrauch, engem “Schöffenweistum” aus dem Joer 1589 oder beim Biergereed fir een, deen op Maacher bäigezunn war; dësen Eed gouf op d’Kräizpartikel geleescht. De Jos. Hurt geet dervun aus, datt dëst “Reliquienostensorium” zu de Schätz vun der Helleg-Kräiz-Brudderschaft gehéiert an an der Kräizkapell seng fest Plaz gehat hätt.

1571, liwwert de spéideren Abt Johann(es) Bertels (1544-1607), deen deemools “cellérier”, d. h. “Kellermeeschter” an der Mënsterabtei am Gronn war, äis dann op enger faarweger Zeechnung dat éischt Zeechnes vun engem Kräiz iwwer der befestegter Stad Gréiwemaacher an engem wäertvolle klenge Buch, wat haut als “klenge Bertels” bekannt ass.

Um Enn vun 17. Jorhonnert gëtt d’Kräizkapell an engem Schrëftstéck fir d’éischt ernimmt. Deemools war och schonn e Kräizwee de Bierg erop bekannt (1627). Aus Dokumenter geet ervir, datt dee Kräizwee 10 Statiounen hat.

1737 steet als Datum iwwer dem Kappsteen vun der jëtzeger Kapell. Deemools ass awer nëmmen d’Kiercheschëff (d’Laanghaus) bäigebaut ginn, wéi bei rezenten Ënnersichunge festgestallt gi konnt.

1875 hunn d’Geschwëster Schoren (Pauline a Jeannette) vu Gréiwemaacher deen zweete Kräizwee de Kräizerbierg erop gestëft. Déi Statioune sinn am Zweete Weltkrich zerstéiert ginn.

No 1945 hunn d’Gemeng Gréiwemaacher an d’Ligue “Ons Jongen” d’Kräizkapell, déi staark beschiedegt war, restauréiere gelooss.

Dat éischt Zeechnes vun engem Kräiz um Kräizerbierg liwwert den Abt Bertels am Joer 1571. (Dokument: Kulturkommissioun Gréiwemaacher 1985)
D’Aweiung vum neie Kräizwee am Juli 1956. (Foto: Sterba – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

De 15. Juli 1956 si Kräizerbierg a Kräizkapell feierlech ageweit an zum Doudemonument vun der Stad Maacher deklaréiert ginn. Den deemolege Bëschof-Koadjutor Leo Lommel an de Prënz Felix ware bei dëser Zeremonie mat derbäi.  En neie Kräizwee mat Statioune vum Sculpteur Josy Jungblut vu Réimech, gestëft vum Paschtouer Michel Weber vu Gréiwemaacher, war opgestallt ginn. Ënner dem Impuls vun der Gemeng a vun der Ligue “Ons Jongen” sinn um Gedenksteen virun der Kapell Blumme vu Maacher Veräiner néiergeluegt ginn. “Esou laang ewéi d’Maacher Mauere stinn, esou laang wéi ëm de Kräizerberreg d’Riewe bléien, wäerte mir éis Komeroden net vergeessen an trei zum Land an trei zu eiser Heemechtsstad Maacher ston”, sot den deemolege President Jules Sertznig (1921-1987) bei där Geleeënheet.

Zënterhier ass all Joer den 2. Sonndeg am Juli eng Stëftungsmass an der Kräizkapell, an et gi Blumme virum Monument néiergeluecht.

Et geet weider!

Monique Hermes (Mee 2018 – update: Mäerz 2022)