Scroll Top

Fréier an haut op der Schiltzeplaz

Iwwer d’Schiltzeplaz hei zu Maacher wëll ech Iech haut eppes méi erzielen. Dat ass déi Plaz virum Postgebai; och d’Strooss op der lénker Säit, wann ee virun der Post steet, gehéiert derzou.

 

(Foto: Nicolas Hirtt)

 

Den Numm Schiltzeplaz kënnt vun deem leschten Aubergist a Postmeeschter Jean Schiltz-Huberty. “Le dernier maître de poste de Grevenmacher était l’aubergiste Jean Schiltz-Huberty, nommé depuis 1846, qui tenait l’Hôtel de la Moselle. (…) Il restait en service jusqu’à la suppression de la poste aux chevaux, le 1er janvier 1857”, heescht et an Dokumenter, op déi mer nach zréckkomme wäerten.

Eng Vue vum Grand-Hôtel Fédick – spéider Hôtel Hastert – a Richtung Schiltzeplaz, ëm 1915.
(Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Zur Erënnerung: Zu där Zäit, also Mëtt des 19. Jorhonnerts, war d’Postkutscheverbindung Lëtzebuerg-Gréiwemaacher-Tréier, déi vu 1733 bis 1861 funktionéiert huet, jorzéngtelaang déi eenzeg Verbindung via Gréiwemaacher.

En interessanten Detail: De Papp vum Moler Frantz Seimetz (1858-1934), deen och Franz Seimetz geheescht huet, war eng Zäitlaang “Courrier” oder “Fuhrmann” zu Maacher, wat deem jonke Seimetz den Numm “Korriesch Frantz” oder “Korriesch Rouden” abruecht hat.

E Selbstportrait vu “Korriesch Frantz” oder “Korriesch Rouden”.
(Original: Stad Gréiwemaacher)

 

Mä looss mer op d’Schiltzeplatz zréckkommen! De fréieren Numm war: “An de Schiltzegäert”, an déi waren, zesumme mat dem Haus an de Ställ, vun enger Zort Réngmauer ëmginn. Eng ausféierlech Beschreiwung vun der Plaz liwwert äis den Distriktskommissär Jos. Faber (1887-1960). Op déi Beschreiwung beruffe mer äis dann och hei.

“Bis gegen 1860 war der hochansehnliche Schiltzenhof eines der Gasthäuser an der großen Heerstraße, wo Diligencen ausspannten und andere Fuhrwerke anhielten. (…) Weitere Gärten dehnten sich bis zum Schweinsmarkt hin”, schreift de Faber, éiert e bemierkt: “Gerade in diesem Winkel musste demnach ein reges Leben herrschen. Im Schiltzenhof spannten abends die Postkutschen und die Messagers aus, die in der Frühe des nächsten Morgen wieder auf die Landstraße hinaus mussten.”

Da gëtt drop higewisen, datt z. B. de Kinnek-Groussherzog Wëllem II, deen 1846 duerch Maacher gefuer ass, am Schiltzenhuef d’Päerd gewiesselt huet, an dass Enn der 1850er Joren d’Geschäfter an der Auberge schlecht gelaf sinn, well d’Landstrooss sech nom Bau vun der Wëllem-Lëtzebuerg-Bunn “entvëlkert” hätten… Kuerz ëm, géint 1860 huet d’Gemeng Gréiwemaacher dat risegt Uwiese “fir en Apel an e Stéck Brout”, nämlech fir 17.000 Frang, kaaft.

Enn des 19. Jorhonnerts ass op der Schiltzeplaz Schoul gehal ginn.
(Foto: Archiv Foto-Club “Flash”, Gréiwemaacher)

 

An d’Ställ an an d’Scheiere si Schoule komm, an am Hotel huet de Schoulmeeschter gewunnt. Fir d’éischt wären am Schiltzenhuef d’Jongeschoulen ënnerbruecht gewiescht, spéider hätten d’Schoulschwësteren do Anzug gehal mat klenge Meedercher – erënnere mer drun, datt d’Schoulschwësteren zu Maacher gewierkt hu vun 1857 bis 1992. “Wir haben unsere ersten Hosen in der Schule des Herrn Biermann abgerutscht”, schreift de Jos. Faber, éiert en drop hiweist, datt 1890 den “Hôtel de la Sous-Préfecture” an der Auberge installéiert gouf.

Ufanks des 20. Jorhonnerts huet d’Stad Gréiwemaacher dee grousse Bering vun de Schiltzegäert, dee bal bis op de Schwéngsmoart gaang ass, als Bauland verkaaft, “was der Stadtkasse nicht weniger als das Dreifache dieser 17 Tausender einbrachte”, erkläert de Jos. Faber, deen och d’Gäert genee situéiert, nämlech tëscht dem deemolegen Hôtel Hastert an de Schoulen, déi du scho verlooss waren, well déi nei Primärschoul op Koppgewan gebaut gi war.

Haut markéiert dee stattleche Bau, wou d’Post dran ass, d’Schiltzeplaz, an dat schonn zënter den 1930er Joren.

(Postkaart: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Eis Post ass Mëtt der 1930er Jore gebaut an den 1. Abrëll 1937 ageweit ginn. Am Gebai ass och nach den “Enregistrement” ënnerbruecht. A bis 2015 war d’Distriktskommissariat dran. Wéinst der Post huet d’Schiltzeplaz an den 1940er Joren eng Zäitlaang dann och “Place de la Poste” geheescht.

Zënter dem Juli 1998 steet dat monumentaalt Bech-Monument op der Schiltzeplaz, zur Erënnerung un de Joseph Bech (1887-1959). Zënter der Mëtt vum 18. Jorhonnert fanne mer nämlech Spure vun der Famill Bech zu Gréiwemaacher.

(Foto: Christophe Weiland)

 

“Joseph Bech ist eine derjenigen Persönlichkeiten, welche die luxemburgische Politik des XX. Jahrhunderts maßgeblich bestimmt haben”, huet de Maacher Historiker a Professer Emile Krier (1949-2002) 1989 an engem ausféierleche Bäitrag iwwer e grousse Staatsmann an Broschür fir 20 Joer Lycée Technique Joseph Bech geschriwwen. An hien huet den iwwerzeegten Europäer Joseph Bech, deen och eng Zäitlaang Wäibauminister war, als “Grandseigneur” an der Lëtzebuerger Politik duergestallt, mat allem, wat dat u Virdeeler an och Nodeeler hat.

Kee Wonner also, datt d’Bech-Monument op der Schiltzeplaz zu Maacher – an domat quasi vis-à-vis vum Haus vum Bechen-Haus – steet. Kee Wonner och, datt ee Maacher Jong, nämlech deen international unerkannte Sculpteur an Architekt Rob Krier, gebuer 1938 an der Muselmetropol, an den 1990er Jore mat dem Ausschaffe vun där 2,50 m héijer Bronzefigur vun engem Staatsmann vu Format beoptraagt ginn ass. An nach eng Kéier kee Wonner, datt de Maacher Lycée laang Joren den Numm “Lycée Technique Joseph Bech” oder LTJB gedro huet…

Monique Hermes

 

Nach eng Foto vun der Schoul op der Schiltzeplaz. (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)
Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.