Scroll Top

Eng historesch Opféierung als Optakt vum Nopeschfest 2015

Samschdes, den 30. Mee 2015, um 11.45 Auer an der Foussgängerzon zu Gréiwemaacher

 

  • Kuerze musikaleschen Optakt duerch d’HMG an MV Concordia Wellen. 

1. Eng gemeinsam Vergaangenheet vu Maacher a Wellen

Vun 1153 bis 1815 haten d’Museluertschafte Maacher a Wellen eng gemeinsam Vergaangenheet.Duerch en Tauschvertrag, deen tëscht dem Lëtzebuerger Grof Hari IV. an dem Äerzbëschof Hillin vun Tréier zustan komm war, sinn am 12. Jorhonnert eng Partie Uertschaften um rechte Museluwenner, dorënner och Wellen, un d’Haus Lëtzebuerg komm. Méi wéi 660 Joer huet Wellen also Freed a Leed mat Maacher gedeelt.

Dat huet sech nom 9. Juni 1815 geännert. Du war zu Wien dee Kongress eriwwer, bei deem eng nei Opdeelung vun Europa decidéiert gi war, an deen als Wiener Kongress an d’Geschicht agaang ass.

Mir kucken 2015 – a ganz besonnesch haut hei zu Maacher um éischten Nopeschfest zesumme mat Wellen – op 200 Joer Wiener Kongress an op dee Vertrag mat ville Folgen.

Awer fir d’éischt bliedere mer nach eppes méi wäit an der Geschicht zréck – bis an d‘Joer 1795.

  • Musikaleschen Intermezzo HMG.

 

2. 1795: Wellen a Maacher am „Département des Forêts“

De 5. Juni 1795 ass d’Festung Lëtzebuerg an d’Hänn vun de franséische Republikaner gefall. Déi 80-järeg Herrschaft vun den éisträicheschen Habsburger war eriwwer. Lëtzebuerg, dat bis dohin zum „Heiligen Römischen Reich Deutscher Nation“ gehéiert huet, koum ënner franséisch Herrschaft.

Bei där éischter franséischer Republik gouf d’Land, wat nach vill méi grouss war, wéi haut, den 1. Oktober 1795 – le 9 vendémiaire de l’an 4 zum „Département des Forêts“ erkläert. Och am 1. Keeserräich ënner dem Napoléon I. huet d‘„Wälderdepartement“ weiderbestan.

  • E puer Täkt Musek: MV Concordia Wellen.

Dir héiert elo déi Deklaratioun, déi den Napoléon den 9. Oktober 1804  – le 17 vendémiaire de l’an 13 bei sengem Besuch zu Gréiwemaacher am Zesummenhank mam „Wälderdepartement“ kinnt gemaach hunn:

 

3. Optrëtt vum Napoléon – mat Garde – zu Gréiwemaacher

Ich, Napoléon der Erste, aus Gottes Gnaden und nach dem Willen des Volkes Kaiser der Franzosen, bestätige hiermit:

  • Le Département des Forêts, qui tient son nom des forêts des Ardennes et qui porte le numéro 98, subsistera.

 Das Wälderdepartement, das seinen Namen von den Wäldern der Ardennen hat und die Nummer 98 trägt, wird weiterbestehen.

  • Le Département numéro 98, avec Luxembourg comme capitale, se compose des 4 arrondissements Bitburg, Diekirch, Luxembourg et Neufchâteau. Il comprend 27 cantons, dont le canton de Grevenmacher, et 383 «mairies» («communes»).

Das Departement Nummer 98, mit Luxemburg als Hauptstadt, setzt sich aus den 4 Bezirken Bitburg, Diekirch, Luxemburg und Neufchâteau zusammen. Es umfasst 27 Kantone, darunter der Kanton Grevenmacher, und 383 Gemeinden.

 

Ainsi proclamé à Grevenmacher, le 17 vendémiaire de l’an 13, par moi, Napoléon 1er, empereur des Français.

So verkündet in Grevenmacher, am 17. Vendémiaire des Jahres 13, durch mich, Napoléon den Ersten, Kaiser der Franzosen.

  • D‘ „Marseillaise“, gespillt vun der HMG.

 

4. De Kanton Gréiwemaacher am Wälderdepartement:

17 Gemengen dëssäit an déisäit vu Musel a Sauer

Mir schreiwen d’Joer 1804, den 10. Oktober – den 18. Vendémiaire vum Joer 13. Den Napoléon ass weidergezunn.

De Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, Ferdinand de Thierry, deen de Keeser ëmfaang hat – haut vertrueden duerch säi Sekretär – an de Responsabel vun der Uertschaft Wellen an der Gemeng Temmels – haut vertrueden duerch hire Schreiwer – zielen déi 17 Gemengen dëssäit an déisäit vu Musel a Sauer op, déi vu 1795 bis 1815, zur Zäit vum „Département des Forêts“, zum Kanton Gréiwemaacher am Bezierk Lëtzebuerg gehéiert hunn:

 

5. Optrëtt vun de Gemengeschreiwer vu Gréiwemaacher a Wellen

  1. Berburg
  2. Biwer (mat) B(o)udler, Br(o)uch, Hasder (Hagelsdorf), Wecker a Weidig
  3. Fellerich (mit) Tawern und Mühl
  4. Gréiwemaacher (mat) Munsecker (Munschecker), dem Haff Bucholz (Buchholz), dem Haff Fronay an der Felz-Millen
  5. Igel
  6. Langsur (mit) (der) Löwen(er)mühl(e) und (der) Wolfsmühl(e)
  7. Liersberg, (mit)Füsenich (Fusenich)
  8. Littof (Littdorf – besteht nicht mehr), (mit) Fisch, (und) sechs Feuerstellen der Gemeinde Kirch
  9. Miechtem, (mat) Ohn an Theisermühl (Deisermillen)
  10. Manternach, (mat) der Schmëtt Berburg a Lellig
  11. Mäertert, (mat) Uewerbëlleg, Waasserbëlleg an der Fausermillen
  12. Méischdref, (mat) Grevenich, Mesenich a Fellich
  13. Nittel, (mit) Köllich (Köllig), (und) Ombsdorf (Onsdorf)
  14. Temmels, (mit) Wellen, dem Haus Vogel, (und) dem Haus Clautermühl (Klautermühle)
  15. Wasserlirsch (Wasserliesch), (mit) Reinig (Burg und Herrschaft), (und) zwei Mühlen am Aalbach (Albachtal)
  16. Wiltingen, (mit) Cantzem (Kanzem), (dem) Schartzhof, (und) zwei Mühlen
  17. Wincheringen, (mit) Rehlingen.
  • Kuerze musekaleschen Intermezzo: MV Concordia Wellen.
Detail aus der „Situations Carte“ von 1793/1794 (Digitale Sammlung der Universitäts- und Landesbibliothek Darmstadt)

Tëscht Gréiwemaacher a Wellen bestoung déi Zäit keng Bréck. Op der „Situations Carte von der teutschen und französischen Position an der Mosel und Saar in der Gegend von Trier und Saarburg im Jahr 1793 und 1794“ (Digitale Sammlung der Universitäts- und Landesbibliothek Darmstadt) huet en „Officier von der teutschen Armee“ awer eng Verbindung agezeechent. Et war eng provisoresch Bréck, déi a Revolutiounszäiten nëmmen zu Militärzwecker gebraucht ginn ass. Duerno ass net méi vun där Verbindung geschwat ginn.

Am Kanton Gréiwemaacher mat senge villen Uertschaften – et sollen der 46 gewiescht sinn – a mat senge sëllechen Häff a Millen, hunn deemools bal 8.000 Leit gelieft. (7.862, dovun 1313 zu Gréiwemaacher).

 

  • Musikaleschen Intermezzo: HMG (eng Walz, fir de Wiener Kongress unzekënnegen).

 

 

 

6. De „Wiener Kongress“ (18.09.1814-09.06.1815)

Den 18. September 1814 huet zu Wien dee Kongress ugefaang, deen als „der tanzende Kongress“an d’Geschicht agaang ass an deen den napoleonesche Kricher en Enn gesat huet.

Et goung ëm eng territorial Neiuerdnung vun Europa, an d’europäesch Staate waren duerch héichgestallt Perséinlechkeete vetrueden. Och de russeschen Zar Alexander I. huet eng bedeitend Roll gespillt.

Mä loosse mer ee vun deenen zu Wuert kommen, déi beim Wiener Kongress d’Fiedem gezunn hunn, den éisträichesche Staatskanzler Fürst Klemens Wenzel Lothar von Metternich, gebuer de 15. Mee 1773 zu Koblenz, gestuerf den 11. Juni 1859 zu Wien.

 

  • E puer Täkt Musek: MV Concordia Wellen (fir de Metternich unzekënnegen).

 

7. Optrëtt vum Fürst von Metternich zu Maacher – am Juni 1815

Ich, Fürst Klemens von Metternich,

gebe hiermit wichtige Beschlüsse bekannt,

die beim Wiener Kongress zurückbehalten wurden:

 

  • Nach den Napoleonischen Kriegen und dem Sturz Napoleons verliert Frankreich alle von ihm eroberten Gebiete.
  • Zur Sicherstellung des Friedens wird das Gleichgewicht der europäischen Mächte Bei dieser territorialen Neuordnung Europas werden die Staatsgrenzen neu festgelegt.
  • Luxemburg wird zum Großherzogtum erhoben und zu einem unabhängigen Staat erklärt. Das Land bleibt jedoch mit den Niederlanden verbunden und gehört zum persönlichen Besitz des niederländischen Königs Wilhelm I. von Oranien-Nassau. Er trägt nun ebenfalls den Titel Großherzog von Luxemburg und wird somit König-Großherzog.
  • Das neugeschaffene Großherzogtum muss allerdings Gebiete östlich von Mosel, Sauer und Our an Preußen abtreten.

 

So kundgegeben zu Grevenmacher, nach dem 9. Juni 1815, durch mich, den österreichischen Staatskanzler,

Fürst Klemens Wenzel Lothar von Metternich.

  • Kuerze musikaleschen Intermezzo: HMG („Zwee Kinnekskanner“).

 

2.280 Quadratkilometer huet Lëtzebuerg duerch de Wiener Vertrag missen u Preußen ofginn, a 50.000 Bewunner sinn deem neie Großherzogtum verluergaang.

Elo waren och Gréiwemaacher a Wellen getrennt – net nëmmen duerch d’Musel, déi mat Sauer an Our zum Grenzfloss ginn ass, mä déi zwou Uertschaften hunn no méi wéi 660 Joer gemeinsamer Geschicht erëm zu 2 verschiddene Staate gehéiert.

Esou wäit zu den historesche Fakten. 

70 Joer méi spéit, 1880, ass déi éischt fest Bréck tëscht Maacher a Wellen gebaut ginn, déi leider 1944 am Zweete Weltkrich zerstéiert gouf. Vun 1955 bis 2013 bestoung eng zweet fest Bréckeverbindung. An den 2. Juni 2014 hu mer déi futuristesch nei Bréck ageweit, déi de 15. Oktober 2013 offiziell opgaang ass.

 

8. (Spriechchouer)

(zesummegesat aus de Personnagen, mat Verstärkung duerch Kommissiounsmemberen)

 

Op dësem Nopeschfest
wëlle mer en Zeeche vu grenziwwerschreidender, europäescher Frëndschaft setzen,
eng Frëndschaft, déi Bestand huet:
Tëscht Maacher a Wellen, un eiser schéiner Musel,
an der Groussregioun an doriwwer eraus!!!

 

  • D’HMG an de MV Concordia Wellen spillen d‘„Europahymne“ als Ofschloss.

 

© Jean Walté

Rolleverdeelung:

 

  • Erzieler: Monique Hermes, Marc Krier
  • Napoléon I.: Marc Weyer
  • D’Garde vum Napoléon: Mike Seeck
  • De Maacher Gemengesekretär: Carlo Weber
  • De Wellener Schreiwer: Horst Fantes
  • De Fürst Metternich Matthias Kinn
  • De Spriechchouer: all d’Personnagen a Kitty Schiffmann an Alexandra Bruck
  • Sonorisatioun a Mikroen um Kiosk: Bob Armstrong
  • Begréissung virun der Opféierung: Aly Gary, Präsident vun der Integratiounskommissioun.
  • E Wuert als Ofschloss:

Léon Gloden, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher.
Hans Dostert, Buergermeeschter vu Wellen.

Monique Hermes – 18.05.2015

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.