D’Péiter-Osburg-Haus zu Gréiwemaacher (II)

1986 gëtt nees eng Kéier e Mietvertrag tëscht dem Hospice civil an der Gemeng ënnerzeechent: Am Osburg-Haus soll elo e Kulturhaus entstoen.

No Ëmbau- a Renovéierungsaarbechte geet 1990 déi nei Maacher Stadbibliothéik op. Si bleift am Haus bis 2009. Och d’Maacher Musekschoul plënnert an d’Osburg-Haus an huet vun 2009 un d’Haus ganz fir sech. (Vun 2003-2004 hat d’Gemeng Maacher d’Wunneng um 2. Stack fir de Bedarf vun der Musekschoul ëmbaue gelooss.)

Den Osburg-Keller gëtt ë. a. fir Ausstellungen genotzt, z. B. am Kader vu Maacher Oart 2014, mat Konschtwierker aus Holz vum Edgar Back. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

2004 gëtt de renovéierten Osburg-Keller ageweit. Dee Raum gëtt nieft dem Musekunterrecht och fir Versammlungen an Ausstellunge genotzt.

2011 gëtt den Osburg-Gaart nei ageriicht a kritt e behënnertegerechten Zougang. Dee Gaart gëtt an der Folleg méi dacks fir Ausstellungen am Kader vu “Maacher Oart” genotzt.

2016 huet den Nico Hienckes (1949-2017) bei “Maacher Oart am Osburg-Gaart ausgestallt. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Am August 2015 fällt e Plafong an engem Raum um éischte Stack an, an d’Osburg-Haus ka virleefeg net méi vun der Musekschoul benotzt ginn.

Am Oktober 2015 stellen Zivilhospiz a Gemeng beim Kulturministère den Untrag, fir d’Haus mam Gaart op d’Lëscht vun den Nationalmonumenter opzehuelen. D’Kommissioun gëtt am Mäerz 2016 gréng Luucht. Opgeholl gëtt d’Osburg-Haus mat dem Gaart definitiv am Regierungsrot den 21. Juni 2017.

Am Februar 2016 leet den Architektebüro WeB vu Gréiwemaacher éischt Pläng fir eng fachgerecht Renovéierung an Ëmgestaltung vum Osburg-Haus vir. No ofgeännerte Pläng an engem negative Bescheed vun der Kommissioun (Oktober 2016) emfänkt de Staatssekretär Guy Arendt (Kultur) perséinlech eng Delegatioun vu Maacher (Schäfferot, Zivilhospiz, Musekschoul) am Ministère a mécht sech ufanks November op der Plaz e Bild vun deem Ganzen. Mëttlerweil huet och den Diplom-Restaurateur Thomas Lutgen seng Ënnersichungen (bauhistoresch a restauratoresch, souwéi op Schuedstoffer am Holz) ofgeschloss.

Ufanks Februar 2017 gëtt de Staatssekretär eng positiv Äntwert betr. deen ofgeännerte Projet vun ufanks Juli 2016, a Mëtt Februar gëtt dëse Projet am Gemengerot virgestallt, wou en eestëmmeg guttgeheescht gëtt. Duerno, ufanks Mee 2017, ass et den definitive Projet (Käschtepunkt fir d’Renovatioun an d’Ëmännerungen zu deem Zäitpunkt: 4.992.832,11 €) deen duerch de Gemengerot geet, éiert dann d’Osburg-Haus mat Gaart den 21. Juni 2017 definitiv als “Monument classé” opgeholl gëtt.

An de Joren 2018/2019 ginn d’Aarbechten um Osburg-Haus zügeg weider, an 2019 gëtt d’Firma “PALEA Architecture du Paysage” mat der Nei- en Ëmgestaltung vum Osburg-Gaart betraut. De virleefegen Devis, deen Enn 2020 virläit, beleeft sech op ronn 400.000 Euro.

Enn 2019 beschléisst de Schäfferot zesumme mat der ASBL “Patrimoine des Roses pour le Luxembourg”, datt och Lëtzebuerger Rousen an den Osburg-Gaart kommen. Eng éischt Impressioun vun deem Gaart kritt een op engem Panneau iwwer d’Osburg-Haus an der Ausstellung “Histoire rosière du Luxembourg” am Summer 2020 op der Promenade zu Gréiwemaacher.

Ufanks 2020 ginn a verschiddene Raim am Osburg-Haus Wandmolereien aus fréieren Zäite fonnt. Zesumme mat dem Service des Sites et Monuments decidéiert de Schäfferot, dës Fragmenter vu Molereien an 2 Raim ze erhalen.

D’Aweiung vum komplett restauréierten a vergréisserten Osburg-Haus mam neigestalte Gaart ass fir 2021 virgesinn. E wäertvollt Stéck vum Maacher Patrimoine gëtt domat zu engem Bijou am Häerz vun der Muselmetropol.

Monique Hermes (Juli 2017 – update Oktober 2020)

D’Haaptgebai vum Péiter-Osburg-Haus am Joer 2013 (Foto: Camille Nies)
Quellen:
  • Jean-François Pierret: „Essay sur l’histoire du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny“, (17e/18e siècle), Manuscrit, Archives Nationales, Luxembourg.
  • Auguste Neyen: Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l’époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu’ils y ont fait. (Band II).
  • Ph. Knaff: „Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher“, Luxemburg, 1867.
  • Nicolas Ries: Notre Moselle. Grevenmacher et ses environs. Les Cahiers Luxembourgeois, 1/1940.
  • Adolf Berens: „500 Jahre Zivilhospiz zu Grevenmacher“ (1439-1939), Festschrift zum 500. Todestag seines Stifters,1939, Grevenmacher.
  • Jos. Hurt: Grevenmacher. Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen. Band II. Von 1400-1617. Unveröffentlichte Kartularchronik, Gemeindearchiv Grevenmacher.
  • Monique Hermes: „Ein Kulturhaus für Grevenmacher – Das über 500 Jahre alte Peter-von-Osburg-Haus erhält neue Bestimmung“, (Fotos: Jean Welter), in Luxemburger Wort vom 29. November 1985.