D’Péiter-Osburg-Haus zu Gréiwemaacher (I)

La Maison d’Osbourg, jadis Hospice civil de la Ville de Grevenmacher, aujourd’hui Ecole de Musique à vocation regionale, avec son jardin, inscrits au cadastre de la commune de Grevenmacher, section A de Grevenmacher, sous les numéros 831/5812 et 832/1120, appartenant d’après l’extrait cadastral à “Grevenmacher, l’hospice”.

Bénéficie d’une protection nationale depuis le 21 juin 2017.

Ëm 1400 wunnt den Edelmann (Krieger, Ritter) Péiter vun Osburg zu Gréiwemaacher. Hie staamt aus där däitscher Uertschaft Osburg bei Hermeskeil. Wahrscheinlech well e sech mat enger räicher Gréiwemaacher Biergerin bestuet hat, hat hien d’Biergerrecht an der Muselstiedche kritt. Hie soll och ganz héich an der Gonscht vum Herzog Wenzel II. (1361-1419) gestan hunn, deen him eng Partie Privilegien zougestan hat.

1418 (am Oktober) vermécht dëse Péiter vun Osburg per Schenkungsurkunde seng gesamt Gidder zu Maacher der Stad Gréiwemaacher, mat der Oplo, dass en Haus fir déi Arem – e sougenannt Biergerspidol oder Zivilhospiz – a sengem Haus no bei der Tréierer Paart entstoe soll an dass doran och en Altor gebaut gi soll, fir Gottesdéngschter ofzehalen. Dëst Dokument, dat vun de Gréiwemaacher Schäffen entgéintgeholl ginn ass a vum Gouverneur vu Lëtzebuerg bestätegt gouf, louch bis zum 2. Weltkrich am Pararchiv vu Gréiwemaacher. D’Haus, wat deemools scho bestan hu muss, hätt ënner dem Schutz vum hellege Georg, dem Patroun vun de Ritter, gestan, schreift den Adolf Berens.

1439 vermécht de Péiter vun Osburg a sengem Testament de ganze Rescht vu sengem Verméigen “den Illendigen und Siechen”, d. h. den Aarmen a Kranken, an dréckt ausdrécklech de Wonsch aus, “im spitall zu machern” begruef ze ginn. Dat war wuel geduecht fir an där Kapell, déi un d’Haus ugebaut war – an déi deemno 1439 och scho bestan hu muss. Als Testamentsvollstrecker gouf den deemolege Paschtouer vu Gréiwemaacher, e gewësse “peter momp von arls, pastor zu machern” genannt.

D’Péiter-Osburg-Haus virum 2. Weltkrieg. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

De 26. Februar 1439 stierft de Péiter vun Osburg, a gëtt virum Altor an der Spidolskierch – déi der Hellegster Dräifaltegkeet geweit war – bäigesat. D’Schrëft um Graf wär gewiescht: “Hier liegt der edle und tapfere Kriegsmann (Krieger) (Ritter) Peter von Osburg, welcher starb im Jahre des Herrn 1439 am 26. Februar. Seine Seele ruhe in Frieden.”

Am Joer 1446 gëtt an enger Ordonanz festgehal, datt d’Verwaltung vum Hospiz vun den 3 Gesëschter vum Péiter vun Osburg gemaach gi soll, dat no engem Prozess, deen d’Gesëschter mat der Gemeng gefouert haten. D’Ierwe sinn ë. a. derzou verflicht, op éiweg Zäiten all Woch eng Stëllmass liesen ze loossen, am Spidol “4 bezuge Bette” prett ze halen, fir arem Leit a Pilgeropzehuelen, a verschidden Ofgaben ze maachen. (Bei dëse Pilger handelt et sech wuel ëm Leit, déi vu méi wäit koumen an op de Kräizerbierg gepilgert sinn, wat besonnesch an der Karwoch an ëm de 14. September, dem Fest “Kreuzerhöhung”, de Fall war.)

An engem Visitatiounsbericht vu 1570 gëtt d’Spidol zu Machern, besonnesch fir déi Arem, dokumentéiert an als baufälleg duergestallt. Hei geet och Rieds vun enger Kapell, déi ageriicht gi soll. Da wär allerdéngs virdrun eng Kapell am Hospiz selwer gewiescht, wat net onméiglech ass, awer néierens ernimmt gëtt.

1705 gëtt a méi Dokumenter d’“Anäscherung” vu Gréiwemaacher ernimmt, duerch den Amarsch vun den Alliéierten am Spueneschen Ierffollegskrich (1701-1714), ënner dem Philippe V. An enger Deliberatioun vum Verwaltungsrot vun 1842 gëtt bestätegt, datt deemools och Rechnungsbicher an aner Dokumenter betr. d’Hospiz verbrannt sinn.

Aus de Joresrechnunge vu 1718-1719 geet ervir, datt d’Verwaltung vum Hospiz engem Hospizmeeschter uvertraut war, deen – wuel fir ee Joer ernannt – dem Stadriichter an de Stadschäffe Ried an Äntwert huet misse stoen. Deemools war d’Haus scho keen Hospiz am ägentleche Sënn méi, well an de Joresrechnunge geet Rieds vun engem sougenannte “Mietzins”.Wahrscheinlech sinn déi Arem zu deem Zäitpunkt mat sougenannte “Verpflegungsgelder”ënnerstëtzt ginn.

Ganz wichteg Joren an der Geschicht vum Osburg-Haus sinn d’Jore 1751/52. Déi rezent bauhistoresch a restauratoresch Ënnersichungen, déi den Diplom-Restaurateur Thomas Lutgen 2016gemaach huet, hunn erginn, datt an deene Joren en Neibau mat Haapt- an laanggestrecktem Niewegebai entstan ass, “die mit ihrer Anordnung, Raumabfolgen und Ausstattung die Nutzung als Hospiz wiederspiegeln und damit die Tradition des im 15. Jahrhundert von Peter von Osburg eingerichteten Hospizstiftes fortführen”, wéi et an den Ausféierungen heescht. D’Niewegebai kann definitiv als Aarmenhaus ausgewise ginn. Vun esou engem Aarmenhaus geet a kengem eeleren Dokument Rieds, wuel awer, datt d’Osburg-Haus fir déi Arem op war. Et geet an Dokumenter just Rieds vun engem klengen Niewegebai riets vun der Kapell.

Et stellt sech och eraus, datt de verwëllfte Keller, deen an 16./17. Jorhonnert zréckdatéiert gi kann, an also schonn ënner engem fréiere Bau war, zu deem eelste Baubestand gehéiert.

Aus der Joresrechnung 1765-1766 vum Gréiwemaacher Spidol – Stëftung Péiter vun Osburg geet ervir, datt e gewësse Franz Bayet (1723-1776) vu Fréiseng, vu Beruff “Altarist”“Hospitalmeister” ass. En Altarist ass e Geeschtlechen, deen nëmme Masse liest, a soss keng pastoral Aufgaben huet.

Duerch d’Franséisch Revolutioun gëtt d’Maacher Zivilhospiz 1794 esouzesoen opgehuef, an d’Haus kritt déi verschiddenst Bestëmmungen; ë. a. gëtt et benotzt als Kasär vun der beriddener Brigade vun de Gendarmerie, an d’Kierch muss als soug. “Dekadentempel” ënner de Sansculottes – dat waren déi radikal Revolutionären – hierhalen.

1812 gëtt d’Kierch, där hire baufällegen Tur dat Joer drop ofgerappt gëtt, un de Schmelzhär a Buergermeeschter Léopold Joseph Fabert  vu Berbuerg verlount, deen doran eng Zockerfabrikariicht.

Am Joer 1820 kënnt et zu engem Tosch tëscht der Verwaltungskommissioun vum Zivilhospiz an der Gemeng Gréiwemaacher: d’Kierch an dat klengt Gebai, wat dru stéisst, ginn elo Gemengebesëtz, an et soll eng Schoul dran ageriicht ginn.

Nëmmen ee Mount virum grousse Brand 1822 (am November) gëtt d’Haaptgebai vum Hospiz, an deem zënter 1816 déi kinneklech-hollännesch beridde Gendarmerie-Brigade residéiert, vum Verwaltungsrot géint Feier verséchert.

1824 gëtt d’Hospizkierch, déi nach um Urkadaster, opgestallt tëscht 1811 an 1832, agezeechent ass, an e Schoulgebai ëmgewandelt. Dat Joer gëtt och d’Graf vum Péiter vun Osburg a vu senger Famill zerstéiert a verschwënnt spurlos oder jiddefalls ouni siichtbar Spuren ze hannerloossen.

Wéi d’Regierung 1846/47 Sozialbüroen an de Gemenge geschaf huet, ass den urspréngleche Sënn vum Zivilhospiz definitiv verluergaang.

1939 gouf eng Gedenktafel fir de Stëfter um Osburg-Haus ubruecht. (Foto: Christophe Weiland – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

1884 kënnt en neie Mietvertrag tëscht dem Zivilhospiz an der Gemeng zustan: D’Gebai gëtt mat Gaart an Dependenzen als Meederchersschoul an als Wunneng fir d’Schoulschwësteren (“Doctrine Chrétienne”) verpacht. (D’Schoulschwëstere ware schonn zënter 1857 – a bis 1980 – zu Maacher ugesidelt a kënnte vun Ufank un am Péiter-Osburg-Haus gewunnt hunn. Schoul wäert am Haus an enger éischter Phase bis an 20er Jore vum 20. Jorhonnert gehal gi sinn – dunn ass d’Primärschoul op der Koppgewan gebaut ginn.)

1939 gëtt den Adolf Berens (1880-1956) d’Buch “500 Jahre Zivilhospiz zu Grevenmacher (1439-1939) als Festschrëft zum 500. Doudesjoer vum Stëfter eraus. An deem Joer kënnt och eng Gedenktafel op Latäin un d’Osburg-Haus. Op Däitsch iwwersetzt de Berens d’Schrëft esou: “Zum Andenken an den edlen und tapferen Kriegsmann (Ritter) Peter von Osburg, Vater der Armen dieses Ortes, gestorben im Jahre des Herrn 1439 am 26. Februar. Sein Name sei gebenedeit! Im Jahre des Herrn 1939.” Zu där Zäit kritt den ënneschten Deel vun der Réngmauerstrooss och säin heitegen Numm: “rue Pierre d’Osbourg”.

Enn der 30er Jore vum 20. Jorhonnert entsti Privathaiser nieft dem ägentlechen Zivilhospiz. Dee Bur, deen zum Haus gehéiert huet steet haut nach do.

No 1980 gëtt d’Péiter-Osburg-Haus zäitweileg genotzt, fir verschidde Schoulklasse vum “Maacher Lycée”, deemools “Lycée Technique Joseph Bech”, opzehuelen.

Et geet weider!
Monique Hermes

D’Osburg-Haus mat dem Haff, vun der “rue Pierre d’Osbourg” aus gesinn. (Foto: Monique Hermes)