D’Maartplaz ënner d’Lupp geholl

Op de Maart wollt ech Iech haut mathuelen… Neen, net op dee Maart, deen all 1. Méindeg an all 3. Freideg am Mount zu Maacher ass. Och net op de Schweinsmoart oder op de Päerdsmoart – dee lescht genannte kennen der souwisou net méi vill. Mä ganz einfach op eis Maartplaz am Häerz vun der Muselstiedchen.

Op enger Maartplaz gëtt normalerweis de Maart ofgehal… Dofir musse mer elo e bësse méi wäit aushuelen! De Lëtzebuerger Herzog Wenzel I. hat der Stad Gréiwemaacher schonn am Joer 1357 d’Maartrecht geschenkt. Dat hat seng Uersaach: Nom Fräiheetsbréif, dee Maacher jo 1252 vum Grof Hari V. (de Blonden) krut, war d’Uertschaft un der Musel befestegt ginn. An d’Bierger hu misse fir den Ënnerhalt vun der Stadmauer opkommen. Well déi Ausgowen net kleng waren, huet de Wenzel I. deene Maacher erlaabt dat Geld, wat um Maart erageholl géif, fir den Ënnerhalt vun der Mauer ze verwenden. Ëmmerhi waren deemools 41 Dierfer dës- an déisäit der Musel derzou verflicht, aus all Haus een op Maacher op de Maart ze schécken… Do koum also schonn eppes eran!

Eng Maartzeen am ale Gréiwemaacher. (Lé Tanson – Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

De Maart war deemools och net op der Maartplaz – déi gouf et nach guer net – mäan der ieweschter Groussgaass. De Lé Tanson huet esou eng Maartzeen am ale Gréiwemaacher am Bild festgehal.

 

(Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Mä looss mer zréck op déi jëtzeg Maartplaz kommen! Sou, wéi se elo ass, oder op d’mannst bal esou, gouf déi eréischt an der éischter Halschecht vum 19. Jorhonnert ageriicht. Nom grousse Brand vun 1822 – deemools am November ware bekanntlech a Maacher 147 Wunnhaiser (vun 341), 80 Ställ an 39 Scheiere mat allem Proviant verbrannt, an d’ganzt Lëtzebuerger Land war vun der Regierung derzou opgeruff ginn, fir Maacher ze hëllefen – no deem schreckleche Brand also, huet d’Gemeng d’Plaz kaaft, an d’Haiser, déi drop stoungen, goufen ofgerappt. Och dat vun där afflossräicher Famill de Thierry… Et war jo de Buergermeeschter Ferdinand de Thierry, deen den 9. Oktober 1804 de franséische Keeser Napoléon zu Maacher ëmfaang hat…

 

Déi “nei” Maartplaz ufanks des 20. Jorhonnert. (Postkaart: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Wa mer elo déi éischt Postkaarte vun där “neier” Maartplaz kucken – si si vun ëm 1900 – da gesi mer hannen drop e Gebai, wat haut net méi do steet. Et handelt sech ëm déi deemoleg Oberprimärschoul, déi duerch hir kompetent Léierpersoune wäit iwwer d’Grenze vu Maacher eraus bekannt war. Jo, an där Schoul gouf Lëtzebuerger Schoulgeschicht geschriwwen! Eng ganz Rei Bicher fir d’Lëtzebuerger Schouljugend sinn hei verfaasst an agefouert ginn! Och d’Schoulgeschicht vu Maacher ass nämlech eng räichhalteg a villfälteg… Mä, dat passt net heihinner! D’Schoul op der Maartplaz ass no 1921 ofgerappt ginn, wéi déi nei Primärschoul op Koppgewan gebaut gi war.

Zwéi ganz besonnesch Fakte sinn nach ze bemierken, wa mer vun där “neier” Maartplaz schwätzen. Bis ufanks der 1900er Jore stoung de sougenannten “Draachebur” do, an et war eng “Fruuchthal” do, wéi de Philipp Knaff 1867 schreift.

 

Déi “nei” Maartplaz mat dem Stadhaus, den “Draachebur” an der “Fruuchthal” ufanks der 1900er Joren. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Bei där “Fruuchthal” kënnt et sech ëm den “Diegelchen” gehandelt hunn, deen de Will Reuland (1920-1997) am Joer 1968 am Katalog fir déi 18. Ouschterausstellung beschriwwen huet. Hei en Auszuch aus där Beschreiwung:

“Wa Moart woar, dann ass et zu Maacher a meiner Kannerzäit nach héich hiergaang. D’Bäcker hunn extra fir déi Deeg méi Kéichelcher gebak. D’Metzeler haten duebel esouvill Worscht an de Monteren hänken. Déi aner Buttiker hu sech op vill Arbecht ageriicht. (…) Den Diegelche woar fir d’Kanner dat Schéinst, wat et zu Maacher ginn ass. Den Diegelche woar einfach alles, wéil et woar ëmmer eppes do looss. Wann et keen Dëppegéisser woaren, déi do logéiert hunn, da woaren et Stänn vum Bottermoart. Wann et déi net woaren, dann hate mer doudsécher soss eppes ze kucken. (…) An et woar esou spannend, d’Dir opzekrinn, wou den Doudewon stung. Jee, ënner dem Diegelche woar alles méiglech.”

 

D’Foto vum “Diegelchen” bei deem zitéierten Artikel. (Foto: Archiv Raymond Sterba)

 

1921 war den “Draachebur” op der Maartplaz ersat ginn duerch en neie Kiosk,dee bis 1957 do stoung an op deem vill frou Fester gefeiert gi sinn. Eiser Dekanatskierch – haut Parkierch – hate se an deene Joren, nämlech vun 1924 bis nom Zweete Weltkrich, en “Hutt” opgedo, wéi een op verschiddenen ale Fotoen a Postkaarte feststelle kann…

 

D’Maartplaz mat dem Kiosk, an d’Kierch mat “Hutt” ufanks der 1930er Joren.
(Postkaart: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

An den 1920er Joren huet sech nach dëst an dat verännert op der Gréiwemaacher Maartplaz. Eng drëtt Maacher Kellerei – no der Genossenschaftskellerei an der Kellerei Bernard-Massard am Joer 1921 – ass 1928 uewen op der Plaz gebaut ginn: d’Kellerei Michel Rippinger, déi och op Drauwesaaft spezialiséiert war an dat mam Zuch an d’Belsch an an Holland exportéiert huet. Fir dësen Transport hat d’Kellerei Rippinger vun 1934 un e sougenannte “Faasswon”. Esou Ween sollen der schonn no 1925 nach zwéin zu Maacher gewiescht sinn, heescht et. Haut ass den Delhaize-Proxy an deem Gebai, awer de Bacchuskapp iwwer der Fënster a Form vun engem Faass, an och d’Ornamenter an d’Joreszuel 1928 um Säitenagank erënneren nach un déi fréier Bestëmmung vum Gebäi.

 


De Kiosk am Virdergrond an d’Kellerei Rippinger uewe lénks, virun 1940 op der Maartplaz zu Maacher. (Postkaart: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

An den 1950er Joren hat de Kiosk op der Maartplaz aus gedingt, awer et gëtt en nach haut, an zwar zu Mäertert am Park. Gutt Noperschaft, nennt een dat wuel…

Net nëmmen d’Maacher Stadmusek, mä och ganz vill Leit ware mat derbäi, wéi den 30. Mee 1957 op der Maartplaz zu Maacher en neie Kiosk ageweit gouf. Dës Kéier stoung e mam Réck zum Osburg-Gaart, an en huet jorzéngtelaang gutt Déngschter geleescht, bis en ufanks vun den 2000er Joren net méi zäitgeméiss war, a fir déi nei “kleng Moartplaz” nieft der neier Gemeng huet misse Plaz maachen…

 

Enn Mee 1957 gouf en neie Kiosk op der Maartplaz ageweit. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

Esou wäit, léif Frënn, zur Geschicht vun eiser Maartplaz am Zentrum vun der Muselmetropol. Ech kann iech awer elo scho versécheren, dass dës interessant Geschicht nach net fäerdeg ass, mä scho ganz geschwënn eng Suite hu wäert…

 

                                                                                          Monique Hermes