Scroll Top

Den 18. November 1822: Et brennt zu Gréiwemaacher!!!

Dësen 18. November virun 200 Joer war e schrecklechen Dag fir Gréiwemaacher. D’Museluertschaft stoung a Flamen!!! Wuel kaum en anert Ereegnes huet fir esouvill Opreegung gesuergt an huet esou schrecklech Spuren hannerlooss, wéi de Brand vum 18. November 1822, oder “de grousse Brand”. Bei dëser Katastrof sinn 147 Wunnhaiser (vun 341), 80 Ställ an 39 Scheiere mat alle Reserve verbrannt. 700 Persounen hätten deemools keen Dag méi iwwer dem Kapp gehat, liese mer an de Berichter.

Eent vun de wichtegen Dokumenter betreffend de “grousse Brand” (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Zu deem Zäitpunkt war zu Gréiwemaacher e gewësse Wuelstand. D’Stad war wuel net méi befestegt, awer et stoung nach en Deel vun der Stadmauer, un déi en Partie Haiser ugebaut waren. Ronn 2.000 Awunner hunn an 341 Haiser gelieft. De Lokalhistoriker Jos. Hurt (1892-1962), beschreift et esou: “Diese Häuser, klein und ineinander geschachtelt, hatten fast alle Strohdächer. Die Straßen waren eng, ein Dach lag am andern. Zu einer gewaltigen Feuersbrunst bedurfte es nur eines zündenden Funkens und eines starken Windes. Beides fand sich zusammen an jenem unglücklichen 18. November 1822.”

An der ënneschter Syr hat e Mann owes virdrun e Schwäin geschluecht, deem d’Buuschte gesengt an de Béischt mat Stréi ofgeriwwen. D’Reschtfonken am Stréi hunn dat schrecklecht Feier ausgeléist. Fir ze läschen, huet missen op d’Hëllef vun Tréier zréck gegraff ginn.

Nëmmen zwéin Deeg méi spéit, den 20. November 1822, huet de President vun der “Städtedeputation”, de Jean-Georges Willmar, en Opruff un d’ganzt Land gemaach, fir den Awunner vu Maacher ze hëllefen. Dësen Opruff läit zesume mat villen anere wichtegen Dokumenter betreffend de “grousse Brand” am Gemengenarchiv vu Gréiwemaacher.

Den Opruff vun der “Städtedeputation”, fir Maacher ze hëllefen.
(Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

 

D’Stad Gréiwemaacher huet dëst schrecklecht Ereegnes net vergiess. Et gëtt thematiséiert an engem Spezialbulletin iwwer dat, wat 2022 zu Gréiwemaacher lass war, deen am Dezember erauskënnt an un all Haushalt verdeelt gëtt.

Monique Hermes, Kulturschäffin

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.