Déi Gréiwemaacher Zéintscheier am Laf vun der Zäit (I)

Vum Späicherraum zum herrlech restauréierte Jugend- a Begéinungstreff

Virtrag vum Monique Hermes bei Geleeënheet vu “Maacher Oart”den 1. an 2. Abrëll 2018.
Iwwerschafft an ergänzt am Februar 2022.

L’immeuble dit “Zéintscheier”, coin rue de la Poste / rue de l’Eglise, inscrit au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le numéro 910/6267.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 13 novembre 2009.

Aarbechten bannen a baussen un der Zéintscheier. (Montage: Jos. Soffiaturo)

D’Zéintscheier vu Gréiwemaacher ass en herrlecht Gebai aus dem Joer 1635 an deemno aus der spuenescher Zäit. D’Gebai läit am Häerz vu Gréiwemaacher, um Eck vun der Poststrooss, fréier och Onkelsgaass genannt, an der Kierchestrooss, fréier als Parstrooss (“rue de la Paroisse”) bekannt. No der Franséischer Revolutioun koum d’“Zéintscheier” a Privatbesëtz. D’Gebai gouf méi dacks ëmgebaut an hat verschidden Destinatiounen.

1975 huet d’Maacher Gemeng d’Gebai kaaft. Vun 2014 bis 2017 ass d’“Zéintscheier, déi zënter 2009 als Nationalmonument klasséiert ass, vun der Stad Gréiwemaacher vu Grond op restauréiert ginn, mat der wierksamer Ënnerstëtzung vum “Service des Sites et Monuments Nationaux” (SSMN).

Haut huet de “Centre de Rencontre, d’Animation et d’Information pour Jeunes” – Gréiwemaacher (CRIAJ) eng Bleif an deem herrlechen Haus. Dee schéine verwëllefte Keller, deen un déi eegentlech Bestëmmung vun der Zéintscheier erënnert, benotzt d’Stad Maacher fir Versammlungszwecker.

Wann ee vun der Maacher “Zéintscheier” schwätzt, muss ee bis an d’13. Jorhonnert zréckgoen.

Deemools, 1252, krut d’Uertschaft un der Musel d’Fräiheetscharta vum Lëtzebuerger Grof Hari V. (“genannt de Blonden” – de Jong vun der Gräfin Ermesinde), iwwerreecht. Dës bedeitend Lëtzebuerger Gräfin hat mam Iwwerreeche vu Fräiheetsbréiwer ugefaang, z. B. un Iechternach, 1236, un Diddenhuewen, wat deemools zu Lëtzebuerg gehéiert huet, 1239 (Stadrechter) an un d’Stad Lëtzebuerg, 1244.

Dës Fräiheetscharta, vun där mer d’Original net méi hunn – eng begleewegt Copie aus dem 17. Jorhonnert fanne mer awer an den “Archives Générales du Royaume de Belgique” zu Bréissel, an eng weider begleewegt Copie vun dëser Ofschrëft aus dem 17. Jorhonnert läit an de Lëtzebuerger Nationalarchiven – war op Latäin verfaasst. Doran heescht et an enger Iwwersetzung vum Lokalhistoriker Jos. Hurt aus dem Joer 1952, wéi Maacher 700 Joer Fräiheet gefeiert huet: “All Joar hu se – (gemengt sinn d’Maacher Leit) – vun hire Géider, déi op dem Maacher Bann an driwwer eraus leien, mir – (dem Grof vu Lëtzebuerg, spéider deem jeweiligen Herrscher, resp. dem Stadhär) –ofzeliwweren: vun der Fruucht déi neint Garf a vun den Drauwen déi neint Hot. D’Fruucht vun de Stécker an d’Drauwen aus dem Wéngert däerfen net agescheiert an agekellert ginn, dees se hätte mir mein Deel fir d’éischt ginn.”

Et ginn och nach aner Redevancen an där Charta opgezielt, mä déi sinn op dëser Plaz net esou wichteg. Et ass vläicht intressant, drop hinzeweisen, datt fir d’Feierlechkeete vun 2002 (“750 Joer Fräiheet”) e Faksimile vun där Charta erauskoum – an zwar d’“Handschrëft” op Latäin, dat ass d’Originalfassung, Däitsch a Franséisch – déi däitsch Iwwersetzung hat de Geeschtlechen a Lokalhistoriker Abbé Joseph Hurt fir d’700-Jorfeier vum Fräiheetsbréif, 1952, geschriwwe, d’franséisch Iwwersetzung hat de Jean Welter 2002 besuergt.

D’Ofgi vu “Redevancen” un den Herrscher war “gang und gäbe” am Mëttelalter an och nach doriwwer eraus. Normalerweis huet et sech dobäi ëm den Zéintel gehandelt, dohier den Numm “Zéintscheier”. Nun ass deen Numm awer zu Maacher “falsch”, well mir hu jo missen eppes méi ofginn, nämlech den Nauntel, also den néngten Deel. Mä “Zéintscheier”, als Plaz, wou d’”Naturalsteier” ofzegi war, ass e geleefege Begrëff, an och am Ausland sinn nach eng ganz Partie esou Haiser bekannt, z. B. an Däitschland oder och Frankräich, besonnesch am Elsass. Si heesche “Grange aux Dîmes”, “Maison de la Dîme” oder “Grange Dîmière”.

E Gebai, wat 1635 gebaut oder nei gebaut gouf

Looss mer op eis Zéintscheier zréckkommen. D’Gebai, wéi et haut do steet, gouf gebaut – oder nei gebaut – am 17. Jorhonnert, genee 1635. Dës Joreszuel fanne mer zweemol um, resp. am Gebai, nämlech an der Rumm vun der Dir an der Poststrooss an um Fouss vum Mauerpfeiler am Keller, wou steet: “+1635 DEN 16. MAY FEINGH MAN AN IM NAMEN GOTTES”. (Wat esouvill heescht, wéi: “D’Aarbechten hunn de 16. Mee 1635 ugefaang, am Numm vum Härgott.”)

Firwat dësen Neibau, resp. d’Ëremopbauen am 17. Jorhonnert? Vu 1555 – a bis 1684 – war Lëtzebuerg ënner spuenescher Herrschaft, an zwar huet déi spuenesch Linn vun den Habsburger d’Land gouvernéiert. Vu 1632 bis 1634 huet de Kinnek Philippe IV eng genee Opstellung maache gelooss vun deene Revenuen, déi der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg zoustoungen. Dat war de “cartulaire du domaine de Luxembourg”, an dovu war een Deel de “Cartulaire de Grevenmacher et de Remich”. An deem Cartulaire geet ë. a. Rieds vu 57 Maacher Parzellen, vun deenen de Kinnek vu Spuenien eng Rent zegutt hätt. Dora gëtt och den “Nauntel” vum Wäin a vun de Friichte vum Feld vu Gréiwemaacher a vum Haff Réimech erwähnt, an zwar vu 1444 un a weider. (Jean-Marie Yante, Grains et vins des terroirs mosellans de Remich et Grevenmacher (XVe-XVIIe siècles, dans Revue belge de Philologie et d’Histoire, Année 1985, pp. 273-309).

D’Zéintschéier op enger Zeechnung vum Jemp Michels.
Als wäertvoll Renaissance-Dir bezeechent de Jos. Hurt d’Entréesdir vun der Zéintscheier. (Foto: Alain Goedert)

Läit doran de Grond fir den Neibau oder d’Erëmopbaue vun der Maacher Zéintscheier? E Gebai, dat däitlech spuenesch Elementer a senger Struktur opweist, kucke mer nëmmen dee schéinen Trapentur mat sengen typesche schréie Fënsteren an der Wendeltrap bannendran. (E klenge pikanten Détail: Bei där jéngster Restauréierung war zu engem Moment geplangt ginn, de Lift an deen historeschen Trapentur anzebauen!).

Wat mer wëssen zënter de Gruewungen, déi 2012/2013 vum “Centre National de Recherche Archéologique” (CNRA) ënner der Leedung vun der Madame Christiane Bis-Worch duerchgefouert goufen, ass, datt dat heitegt Gebai net dat éischt ass, wat op där Plaz steet.

Wat elo déi “nei” Zéintscheier vu 1635 ugeet, esou fanne mer net vill Dokumenter oder Illustratiounen dervun an Archiven.

Mir mussen äis ë. a. op eng bedeitend, net verëffentlecht Kartularchronik verloossen, déi vum Abbé Jos. Hurt (1892-1962), engem ganz äifrege Lokalhistoriker, zesummegestallt gouf, an déi an de Maacher Archive versuergt gëtt: “Grevenmacher – Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen”. Den Hurt schreift iwwer d’Hausdier vun der Zéintscheier, déi hien als wäertvoll Renaissance-Dier bezeechent: “Ich glaube annehmen zu dürfen, dass in diesem Hause der Kellermeister der landesherrlichen Güter (vigneron du Roy, 1477) wohnte. In diesem Keller wurden die fürstlichen Weine gesammelt und aufgehoben. (…) Die ehemalige Zehntscheuer, das Wahrzeichen des alten Regimes, wurde 1635 von der spanischen Domänen-Verwaltung in Luxemburg neu errichtet oder restauriert.” A wann dee “Vigneron du Roy” soll 1477 an deem Haus gewunnt hunn, da muss et deemools schonn do gewiescht sinn; dofir hëlt den Hurt un – an net nëmmen hien – datt d’Gebai 1635 restauréiert gi wär.

Wichteg Zeitungsartikelen

Elo ginn et awer iwwer eis Zéintscheier dräi zimlech opschlossräich Zeitungsartikelen, déi den Adolf Berens (1880-1956) tëscht dem 17. Januar 1948 an dem 5. Februar 1949 an der “Obermosel-Zeitung” an duerno am “Lëtzebuerger Journal” publizéiert huet. Och de Berens war vu Maacher, an huet senger Heemechtsstad wichteg Déngschter geleescht, besonnesch, wat historesch Recherchen a Publikatiounen ugeet.

D’Artikelen, vun deene mer hei schwätzen, hunn den Titel:

  • Die Zehntscheuer, Wahrzeichen des alten Regimes.
  • Ein Stück Spanien in Alt-Grevenmacher.
  • Stein gewordene Geschichte.
  • Am éischten Artikel (17. Januar 1948 – Obermosel-Zeitung), geet et z. B. ëm d’“Zehntschöffen”, déi déi ganz vill “schier erdrückende Kronabgaben und Kirchenzehnten der ‘Freiheit’ Grevenmacher unter dem alten Regime” opgehuef hunn a se och ze verwalten haten. (Den “Zehntschöffen” war deemno ee vun de siwe Schäffen, déi Maacher schonn an der Charta vun 1252 zougestan krut; zesumme mat dem Stadtriichter.)

A punkto Zéintscheier schwätzt de Berens vun engem vun den intressantste Gebaier vum Land e bezeechent et als “eindringliches Denkmal der weltumspannenden, in der Neuzeit ausklingenden spanischen Herrschaft und Größe.”

Ausféierlech beschriwwe ginn de Keller mat dem wuchtege Kräizverwëllef tëscht de gewaltege Peileren an déi zwéin iewescht Stäck mat ganz geraimege Säll. Och de Berens geet dervun aus, datt d’Zéintscheier 1635 nei opgebaut ginn ass a schreift: “Gewiss überragte er (der Bau) an Größe und Stattlichkeit alle übrigen Gebäude der Stadt, öffentliche wie private (…).”

Dee verwëllefte Keller vun der Zéintscheier no der Restauratioun. (Foto: Alain Goedert)
De Satyr-Bacchuskapp iwwer der Paart an der Kierchestrooss. (Foto: Alain Goedert)
  • Am zweeten Artikel (15. November 1948 – Lëtzebuerger Journal; an der Folleg vun der Obermosel-Zeitung) gëtt nach eng Kéier entweder de Bau oder den Neibau vun der Zéintscheier bekräftegt. Ganz besonnesch geet et dann ëm déi grouss Paart vum Ubau op der Säit vun der Kierchestrooss: “in Renaissance-Fassung, mit dem charakteristischen, phantastischen, meisterhaft gearbeiteten Satyr-(Bacchus)kopf am Schlussstein des Bogens”. Och op dat skulptéiert Drauwemotiv, dat vu stiliséiertem Wäilaf ëmrummt ass, weist de Berens hin a verweist op den “Nauntelwein” (deen dem Herrscher a spéider dem Här vu Maacher, resp. dem Landriichter zougestan huet).
  • Am drëtten Artikel (5. Februar 1949) geet et ëm Vermuddunge betr. fréier Besëtztëmer no beim Bau, an ëm den ëffentleche Pëtz am Haff – dee bei de rezenten Ausgruewunge konnt am Agank vum Gaart lokaliséiert ginn; och eng Zetär no beim Trapentur ass erëmfonnt ginn. De Berens geet an dësem Artikel schonn eppes méi wäit an thematiséiert d’Notze vun der Zéintscheier als Fruucht- a Mielspäicher duerch d’Famill Schoren, déi jo d’Gebai no der franséischer Revolutioun kaaft hat.
De Pëtz am Haff virun der Zéintscheier konnt bei de Fouille fräigeluecht ginn. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher)
D’Zéintscheier zur Säit vun der Poststrooss op enger Postkaart ufanks des 20. Jorhonnerts. (Foto: Archiv Jean Welter)

Weise mer an dësem Zesummenhang drop hin, datt et de Berens ass, deen äis a sengem Buch “Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher”, wat 1952 erauskoum, déi eenzeg Zeechnungmatliwwert, déi mer vun der Zéintscheier kennen. Den Architekt, Moler a Sculpteur Jean-Pierre (Jemp) Michels (1906-1989) huet se gemaach. Och d’Fotoe vum Gebai si rar. Op enger Postkaart aus dem Ufank vum 20. Jorhonnert ass d’Fassad zur Säit vun der Poststrooss ze gesinn.

Quellen: All benotzte Quelle sinn am Text uginn.

Et geet nach weider!

Monique Hermes