L’église décanale de Grevenmacher, inscrite au cadastre de la commune de Grevenmacher, section A de Grevenmacher, sous le numéro 492/6811, appartenant d’après l’extrait cadastral à “Grevenmacher, le presbytère”.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 21 juin 2017.
Déi heiteg Parkierch vu Gréiwemaacher – vun 1820 bis 2017 Dekanatskierch – kann op eng bewegt Geschicht zréckkucken. D’Kierch, déi 1782/83 gebaut ginn ass, ass déi zweet Parkierch bannent der Stadmauer, wann een d’Helleg-Geescht-Kapell nieft dem Osburg-Haus net mat zielt. Eng Virgängerkierch ass schonn Enn des 13. Jorhonnerts dokumentéiert. Déi “nei” Kierch, déi grad ewéi hir Virgängerin dem réimeschen Diakon a Märtyrer Laurentius (225-258 n. Chr.) geweit ass, gouf un de Festungstur an der Mëtt vun der Stad ugebaut. D’Virgängerkierch louch parallel zur Musel a war vum Stadtur getrennt. Just e schmuelen Duerchbroch huet déi zwee Bauwierker verbonnen. Et kann een haut nach d’Ëmrëss vun dëser “Virgängerkierch” um Buedem vun däer jëtzeger Kierch gesinn.
Deen heitege Kierchtur huet wuel seng eege Geschicht. Hie war Jorhonnerte laang Waach- a Wiertur vun der befestegter Stiedchen un der Musel. Hien huet de Maacher Leit als Schutz gedéngt, wann emol erëm eng Kéier Gefor gedreet huet, an dat war an der Muselstiedche méi dacks de Fall. Hien huet awer och alt emol als Prisong gedéngt, a stoung souwuel dem Stad-, wéi och dem Landriichter zur Verfügung. (Uerteel vum Provinziolrot vum 14. November 1573.)
Stoung den Tur scho virun där éischter Kierch do? Vill Faiten aus der Maacher Geschicht deiten dorop hin… Eng Partikularitéit vum Tur ass ganz sécher, datt seng 4 Ecke ganz genee op déi véier Kardinalpunkte vun den Himmelsrichtunge weisen – an och op déi 4 Paarten, déi an der Stadmauer waren.
Mä looss mer zréckkommen op déi bewegt Geschicht vun eiser Parkierch! Et war am Joer 1776, wéi den Architekt a Baumeeschter vun der Abtei Iechternach, de Paul Mungenast (1735-1797), bei enger Besichtegung festgestallt huet, datt de Chouer irreparabel an d’Kierch ganz baufälleg wär, an datt d’Maueren en neien Daach net méi droe kënnten.
1782 gouf d’Abtei Bardenburg (Clairefontaine), där d’Gréiwemaacher Kierch zënter dem 13. Jorhonnert ënnerstan huet, no méi Prozessen, duerch en Uerteel gezwongen, direkt eng nei Kierch ze bauen. Et ass nach datselwecht Joer mam Bau ugefaang ginn. Den Architekt Johann Anton Neurohr (1735-1800) vun Tréier wielt fir déi nei Kierch, an déi de Stadtur als Kierchtur agegliddert gëtt, d’Form vun engem schlichte “Saalbau”. D’barock Miwwel aus der aler Kierch ginn iwwerholl. Paschtouer sinn déi Zäit zu Maacher de Jean Nic Matthieu vun Tréier (vu 1751-1783) an duerno den Thomas Jacoby (vu 1783-1791).
1803 gëtt Gréiwemaacher zum Sëtz vun enger Kantonalpar erhuewen. Dat geschitt ënner franséischer Herrschaft a bei där neier Opdeelung vun de Paren. Scho 1795 war de Kanton Gréiwemaacher entstan; awer eréischt 1841 krut en déi Gestalt, déi en haut nach huet.
1815 léisst den Deche Valentin Trausch (1814-1818) en Duxall bauen, well d’Kierch ze kleng ass.
1820 beschléisst de Bëschof vu Metz eng nei Dekanatsandeelung fir d’Grossherzogtum Lëtzebuerg. Elo gëtt aus der Gréiwemaacher Parkierch eng Dekanatskierch, wat se bis 2017 bleift (Territorialreform vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg).
Beim grousse Brand vun 1822 bleift och d’Kierch net verschount; bannen am Tur schmëlzen 3 Klacken. Vun 1823-1824 gëtt d’Kierch ënner dem Deche Jean Michel Glaud (1818-1841) restauréiert a kritt nei Klacken. Eng dervun, déi den Numm Laurentius huet, ass nei gegoss ginn aus enger Klack, déi 1822 geschmolt war. Si gëtt och nach Feierklack genannt.
D’Firma Breitenfeld vu Münster/Westfalen) baut déi nei Uergel, déi d’Maacher Kierch 1837 kritt.
Den 21. Juni 1847 konsekréiert den Apostolische Vikar Jean-Théodore Laurent (1804-1884) déi Gréiwemaacher Dekanatskierch. Dechen ass zu deem Zäitpunkt de Gaspard Burg (1841-1866).
1892 grënnt den Dechen Nicolas Post (1886-1912) de Laurentius-Veräin, dee Geld fir eng nei Kierch sammele soll, well d’Kierch net de Wënsch vun de Leit entsprécht. 1910 ass wuel Geld genuch do, awer et kënnt zu heftege Streidereien wéinst dem Standuert. Dës Streidereien dauere bis 1926.
Vun 1925-1927 kënnt et ënner dem Deche Jean Bormann (1922-1929) zu enger grousser Kiercherestauratioun. Architekt ass dës Kéier de Joseph Jentgen (1886-1945). D’Bauvolume kritt nei Proportiounen. En Triumphbou trennt elo de Chouerberäich, an aus dem flaache Plafang gëtt e verwëlleften. Den Duxall gëtt vergréissert, an de Mobiliar restauréiert. Et ginn nei faarweg Fënsterenagesat, deenen hiert kënschtlerescht Konzept op de Muselmoler Jean-Pierre Beckius (1899-1946) zréckgeet. Dee mëttelalterleche Waachtur kritt schliisslech e Spëtzenhelm opgesat, dee fir vill Diskussioune suergt. Am Juli 1927 konsekréiert de Bëschof Péitrus Nommesch vu Greiweldeng (1864-1935, Bëschof vu Lëtzebuerg vun 1920-1935), déi restauréiert Kierch.
1930 kritt déi Maacher Dekanatskierch eng Stahlhuth-Haupt-Uergel. (De Georges Stahlhuth (1830-1913) war en däitschen Uergelbauer zu Oochen. Den Uergelbaumeeschter Georg Haupt huet 1924 zu Lëntgen eng Filial vun där Firma gegrënnt. Haut an no engem laange Wee ass d’ “Manufacture d’orgues luxembourgeoise Westenfelder s. à. r. l.” an deene Raimlechkeeten.)
Et geet weider!
Monique Hermes