Dee leschte Landriichter vu Gréiwemaacher, François de Baxeras, a säin Nolooss

An der Muselmetropol Gréiwemaacher sinn eng Partie ëffentlech Gebaier a Siten op der Lëscht vun eisen Nationalmonumenter: De Buerggruef, den “Huelen Zant”, d’Zéintscheier, d’Kräizkapell mam Kräizerbierg, d’Parkierch mat hirem Festungstur, d’Osburg-Haus mam Osburg-Gaart an de Juddekierfecht. Si all hunn eng ganz interessant Geschicht, op déi et derwäert ass, anzegoen.

D’Dechenshaus an d’Kaplounshaus zu Maacher an der Lëtzebuerger Strooss (2020). (Foto: Monique Hermes)

Eng ganz besonnesch Geschicht huet och dat Nationalmonument, wat uewen an der Oplëschtung feelt, nämlech d’Parhaus (Dechenshaus) an der Lëtzebuerger Strooss. Dat herrschaftlecht Wënzerhaus aus dem Joer 1708 ass zënter 2017 klasséiert – zesumme mam Kaplounshaus a mat dem Gaart, deen derzou gehéiert.

Dëst besonnescht Haus hat um Enn vum 18. Jorhonnert e ganz besonnesche Bewunner: de François de Baxeras, dee ganz onbeléifte leschte Landriichter vun der Landriichterei – oder Propstei – Gréiwemaacher.

Éiert mer op dëse spezielle Personnage a seng Spiichten aginn, muss een e bësse méi wäit aushuelen an der Geschicht vun der Muselstiedchen.

E Riichter fir Gréiwemaacher war der Uertschaft un der Musel schonn 1252 zougestan ginn, wéi de Lëtzebuerger Grof Hari V. – de Blonden – hir d’Fräiheet geschenkt huet. Am Ufank gouf e vum Grof genannt a méi spéit vun de Bierger gewielt.

Schonn zur Zäit vun der Gräfin Ermesinde, also vum Hari V. senger Mamm, war de Propst de Stellvertrieder vum Grofenhaus an hat e bestëmmt Gebitt ze verwalten. Hie gouf vum Grof oder spéider vum Grondhär ernannt. Seng Plaz war net ierflech, an hie konnt zu jidder Zäit ofgesat ginn. Nieft dem Propst gouf et de Grondhär an den Hougeriichtshär oder Landriichter. D’Propstei oder Landriichterei Gréiwemaacher hat esou en Hougeriichtshär oder Landriichter – wuelverstan nieft dem Stadriichter, dee just fir d’Uertschaft zoustänneg war.

Zu där grousser Propstei Gréiwemaacher hu laang Zäit iwwer 40 Dierfer an Häff dës- an déisäit vu Musel a Sauer gehéiert. A keen aneren ewéi de Sonnekinneg Louis XIV. hat d’Organisatioun vun de Propsteien Enn des 17. Jorhonnerts duerch en Edikt nei gereegelt, an elo konnte se och verierft an esouguer verkaaft ginn.

Eng al Kaart vun der Propstei – Landriichterei – Gréiwemaacher. (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Schonn am 17. Jorhonnert war d’Herrschaft Gréiwemaacher – an domat d’Landriichterei un d’Famill de Vigny komm. De Gérard Joseph von Wickersloth huet 1758 d’Landriichterei duerch Testament vu senger Grousstatta, der Anne-Claire de Vigny, eng gebueren de Wecker(t), geierft.

An domat komme mer bei de Franz de Baxeras. Hie war en ausgedingte Kapitän aus dem éisterräichesche Regiment de Clerfayt, an huet d’Landriichterei Gréiwemaacher de 5. Juli 1777 fir 4.000 “Navarra-Daler” – dat ware Sëlwermënzen – vum Baron de Wickersloth kaaft. Dee sech awer d’Recht behal huet, den Tittel vun engem Grof zu Maacher weiderzeféieren an de Stadwopen ze notzen.

Zum Grondeegentum hunn deemools en Haus an och Lännereien am Nordweste vu Maacher gehéiert, déi als “Baxeras-Gäert” an d’Geschicht agoe sollten.

Een Deel vun dëse Gäert war ugeluegt gi vum Landriichter Wolfgang-Henri-Ferdinand de Jardin, deem vun 1750 bis 1763 d’Propstei Gréiwemaacher ënnerstan huet. Hien hat och dee majestätesche Buer mat der Éierentrap an der Muttergottessail uleeë gelooss.

Een Deel vun de Baxeras-Gäert am Nordweste vu Maacher. (Archivbild: Jean Welter)
De Keller am Parhaus gouf 1779 vum Landriichter de Baxeras ugeluegt. (Foto: Monique Hermes)

De Franz de Baxeras huet also mat senger Fra, der Catherine de Jardin, enger Duechter vum fréiere Landriichter, vu 1777 bis 1795 am Baxeras-Haus gewunnt. Hien huet sech doran an Joer 1779 e prächtege Wäikeller ugeluegt, dee virun e puer Joer vum jëtzegen Deche Claude Bache, deen mëttlerweil iwweregens och Wënzer ass, zu neiem Liewen erwächt gouf – d’Joreszuel op der hëlzen Dunn ass ganz sécher historesch…

Folgendes ass an der Schrëft ze liesen:

  • Den de Baxeras hätt d’Maartbaach – déi aus dem Kundel d’Groussgaass erofgelaf ass a bei engem Brand Waasser gespent huet – op seng Millen ofleede gelooss… (D’de Baxeras-Millen, spéider Schuerensmillen, louch ënner dem sougenannten “Huelen Zant” un der Rouderbaach; et kann een haut nach laanscht dat renovéiert Haus trëppelen).
  • Aus de Gemengebëschter hätt de Landriichter a sengem Numm Holz verkafe gelooss an de Profitt agesäckelt.
  • Hien hätt Gemengelännereie als säin Eegentum
  • Hien hätt bei Klappjuegden d’Bierger wéi Sklave mëssbraucht an domat géint d’Juegdgesetz gehandelt, etc., etc.
Dëst Dokument gouf virun e puer Joer an enger Mauer am Dechenshaus erëmfonnt. (Foto: Monique Hermes)

Wéi den de Baxeras 1795 héich verschëlt gestuerwen ass, huet seng Wittfra sech an d’Stad zréckgezunn. D’Haus, resp. déi 2 Haiser an der Lëtzebuerger Strooss si verkaaft ginn, an hunn ëm 1870 enger Famill Schneider-Muller gehéiert. Vun der Wittfra Clara Schneider-Muller huet d’Kierchefabrik schliisslech ufanks der 1890er Joren, zur Zäit vum Deche Nic. Post, d’Haus, dat nach restauréiert gi war, kaaft, wéi op engem Stéck Holz ze liesen ass, dat bei där leschter grousser Restauratioun 2014 an 2015 vun der Gemeng an der Kierchefabrik zesumme mam “Service National des Sites et Monuments” gemaach ginn ass, an enger Mauer erëm fonnt gouf.

Dee ganze Komplex – Haus, Annexen a Gaart – huet deemools 21.000 Gold-Frange kascht. Bis zu deem Zäitpunkt huet vill méi e klengt Parhaus zu de Gebailechkeete vun de Franziskanerinne gehéiert an et louch an der Spidolstrooss, déi deemools dofir och Paschtoueschgaass geheescht huet. Esou ass d’Strooss och op ale Pläng vu Maacher agedro. Schonn de Virgänger vum Deche Post, den Deche Stephan Mersch, hat de Wonsch no engem bessere Parhaus geäussert. Schliisslech war Maacher jo zënter 1820 Dekanatshaaptuert.

Um Festungsplang vu Gréiwemaacher, deen 1867 am Buch vum Philippe Knaff ass, fënnt een d’“Pastorsgasse” nach agezeechent.

A wat bleift vum Franz de Baxeras zu Gréiwemaacher? Ma d’Baxeras-Gäert – oder och de Baxeras-Gaart – am Nordweste vun der Alstad. Dora stinn haut Gebailechkeete vun de Franziskanerinnen, déi zënter 1869 – also méi wéi 150 Joer! – zu Maacher wierken an déi engem ganz onbeléifte Landriichter ganz liicht Paroli bidde kënnen! Mä dat ass wuel e Kapitel fir sech…

 

                           Monique Hermes – November 2020 (update: 17.05.2022)

 

Quellen:

  • „Von König Ludwig XIV. zu Kaiser Franz II. – Aus der Geschichte der Propstei und Hochgerichtsbarkeit Grevenmacher im 18. Jahrhundert“, von Alphonse Sprunck, in „Grevenmacher 1252-1952 La Bonne Ville – Festschrift zur 700 Jahrfeier des Freiheitsbriefes“.
  • „750 Joer Fräiheeet fir Gréiwemaacher – D’Par mécht mat“, Beitrag von Jean Welter zum Thema „Religiöse Spuren in und um Grevenmacher“.
  • Dechant Emile Weyer in „Laurentius-Pfarrblatt der Pfarrei Grevenmacher, Weihnachten 1990/Neujahr 1991“.
  • „Aus der interessanten Geschichte des Grevenmacher Dechantenhauses“, eine Zusammenfassung und Ergänzung des ersten Beitrags, von m.h., in „750 Joer Fräiheet fir Gréiwemaacher – D’Par mécht mat“.
  • „Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher“ von Philippe Knaff, Luxemburg, 1867.