De Mënschecker Tur, genannt “Huelen Zant”

La tour des anciennes fortifications inscrite au cadastre de la commune de Grevenmacher, Section A, sous le numéro 910/6267.

Bénéficie d’une protection nationale depuis le 18 janvier 1985.

Et handelt sech ëm den Nordtur vun der fréierer Stadmauer – oder Festungsmauer – ronderëm d’Alstad vu Gréiwemaacher. Fir d’750-Joerfeier vum Fräiheetsbréif (2002) huet d’Gemeng Gréiwemaacher, zesumme mat dem “Service des Sites et Monuments Nationaux” (SSMN) dee klasséierten Tur fachgerecht restauréiere gelooss. Bannendra kann een zënterhier e Relief vun där fréierer “Festungsstad” kucken.

Well Gréiwemaacher vun der Mëtt vum 12. Jorhonnert un dem Lëtzebuerger Grofenhaus gehéiert huet, a well d’Uertschaft un der Musel 1252 d’Fräiheetscharta vum Grof Hari V. – genannt de Blonden – iwwerreecht kritt hat, stoung enger Befestegung vun dëser strategesch wichteger Plaz am Museldall näischt méi am Wee. Et ass natierlech net vun haut op muer gaang, fir esou e Verteidigungssystem opzeriichten; jo, et kann ee soen, datt de Bau vun der Maacher Stadmauer e Wierk vu Generatioune war. Dozou huet och gehéiert, datt deen ale Waach- a Wiertur genee am Zentrum, dee wuel scho virun der Befestigung do stoung, a Stand gesat huet misse ginn. Aus enger Urkund aus dem Joer 1290 geet z. B. ervir, datt den Hari VII. (1288-1313), (Grof vu Lëtzebuerg, Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich), duerch en Tosch mam Klouschter Mariendall no bei der Festungsmauer Land kritt huet, “ad castrum meum muniendum”, wat esouvill heescht, wéi “fir meng Befestigung ze schützen”, bzw. an dësem Fall auszebauen. Och déi archäologesch Ausgruewungen, déi 2003/2004 am Beräich vum Baxerasgaart gemaach gi sinn, deiten drop hin, datt de Bau vun der Maacher Stadmauer eréischt am spéide 14. resp. am fréie 15. Jorhonnert ofgeschloss war.

Den “Huelen Zant” an der Réngmauerstrooss zu Gréiwemaacher. (Foto: Gemengenarchiv Gréiwemaacher, Camille Nies)

Den Adolf Berens (1880-1956), deem mer wuel net déi eelst, dofir awer déi ausféierlechst Beschreiwung vun der Festung Gréiwemaacher verdanken, schreift: “Die Umwallung lief in einem regelmäßigen Viereck um den Ort herum und machte ihn für die damalige Zeit fast uneinnehmbar.” (1)

Duerch d’Festungsgrief sinn am Westen d’Gehaansbaach an am Osten d’Rouderbaach gelaf. E puer Historiker schwätze vun enger Verbindung vun deenen zwou Baachen am Norden, resp. am Süden, an deemno vun engem Festungsgruef ronderëm déi ganz Mauer. E klasseschen, “déiwe” Gruef konnt allerdéngs net am Baxerasgaart nogewise ginn. Et schéngt sech deemno éischter ëm eng fräi Fläch gehandelt ze hunn, déi am Noutfall geflut gi konnt. Déi eeler Bewunner vum Stued woussten awer eppes vun engem Gruef laanscht de südlechen Deel vun der Stadmauer.

Wann een e Bléck op al Stadpläng vu Gréiwemaacher wäerft, da muss een dem Lokalhistoriker Joseph Hurt bäiflichten, wann hie schreift: “Dass die Anlage als Ort sowohl wie als Befestigung planmäßig geschah, dass Grevenmacher nicht eine ‘gewachsene’ sondern eine ‘gegründete’ Stadt ist, das zeigt heute in aller Klarheit ein Blick auf den alten Stadtplan mit der auffallend gleichseitig viereckigen Form der Stadtmauern (280×250 Meter), mit dem Stadtturm im genauen Zentrum, mit den Toren als Stadtein- und –ausgänge der drei großen Verkehrsrichtungen mit der Lage von Stadthaus, Kirche und Altmarkt.” (2)

Déi bal quadratesch Festungs- oder Réngmauer, déi ëm Gréiwemacher war, war 1,00 bis 1,50 m déck a bis zu 15 m héich. Den Hurt weist op dräi Puerten hin: d’Tréierer, d’Diddenhuewener an d’Lëtzebuerger Paart, déi allen dräi vu jee zwee Tir flankéiert gi sinn. Et geet een allerdéngs dervun aus, datt eng véiert Paart bestoung, an zwar “an der Stelle, wo wohl der älteste Zutritt zu Ur-Grevenmacher gewesen sein mag, indem dort ein diverticulum (Abzweigung) der römischen Heerstraße, wie auch ein Zweigweg der via consularis (Kiem) durch die sog. ‘Schukkenhiehl’ über ‘Boland’ und ‘Därchen’ mündeten.” (Berens).

Vun den zwee Tir nieft där Paart, déi a geschichtlechen Ofhandlunge meescht als “Mënschecker Paart” bezeechent gëtt – wat net ganz richteg ass – sinn haut nach Spuren am Park vum HPPA ze gesinn. No bei dëser Paart, um ieweschten Enn vun der jëtzeger Spidolstrooss – si huet fréier “Pastorsgasse” geheescht, well bis 1892 d’Paschtoueschhaus dra war – stoung dee wuel gréissten an imposantste vun alen Tir, de Mënscheckertur, wahrscheinlech mat engem Prisong am “Keller”. Den Ecktur un der Nordsäit vun der Festungsmauer, den “Huelen Zant”, wéi en am Volleksmond genannt gëtt, dee wonnerbar restauréiert ass, steet haut an der Réngmauerstrooss no bei der Mill(en), fréier emol als Baxeras- an duerno als Schorensmill(en) bekannt.

An der ganzer Réngmauer waren 20 m héich Tir, déi am Hallefkrees no bausse gebaut waren, fënnef op all Säit, an Ofstänn vu jee 40 Meter; derbäi koumen d’Ecktir op deene 4 Ecken an déi Tir, déi déi 3, resp. 4 Paarte flankéiert hunn. Op deem Stadplang, deen de Philippe Knaff a sengem Wierk verëffentlecht huet (3) an dee spéider och vum Adolphe Berens iwwerholl gouf, kann ee 27 Tir zielen, op de Kadasterpläng aus spéidere Jore sinn der 28 agezeechent. Op der banneschter Säit vun der Mauer waren a regelméissegen Ofstänn grouss Béi, a vun Tur zu Tur huet e Wiergankgefouert, an deem och Schéissscharte waren.

 

Déi Gréiwemaacher Festungsanlagen hu munche Streidereien, Kämpf a Kricher d’Stir gebueden, an esouguer deem wuel schlëmmsten Ugrëff duerch den Albrecht vu Brandenburg am Joer 1552 hu se standgehal.

D’Mauer stoung bis an d’1780er Joren. Deemools sinn déi méi kleng Festungsanlagen op Befehl vum Sonnekinnek Ludwig XIV. geschläift ginn, fir datt se kee Widderstand méi leeschte kënnten. Dat war och fir Gréiwemaacher de Fall. Nodeems d’Stadmauer ofgedro war, hunn och d’Paarte misse wäichen. Nëmmen d’Tréierer Paart blouf stoe bis wäit an d’19. Jorhonnert eran.

 

Iwwerreschter vun der Stadmauer gehéieren, zesumme mat verschiddenen Tir, bis haut zum Gréiwemaacher Alstadbild. Dee grëndlechen Inventar, deen de Berens an de Joren 1936-37 erstallt hat, stëmmt haut wuel net méi – zevill ass am 2. Weltkrich zerstéiert ginn. Haaptsächlech an der Spidolstrooss, an der Syr, an der Webergaass an an der Réngmauerstrooss si verschidden Haiser un d’Stadmauer gebaut, resp. goufen Iwwerreschter vun den Tir an d’Haiser integréiert. Reschter vun der Stadmauer fënnt een och a verschiddene Kelleren an deene genannte Stroossen a Gaassen.

Zënter Juni 1987 kann een um kulturhistoresche Rondgang duerch déi al Festungsstad op de Spure vun där fréierer Stadmauer mat hire 27 oder 28 Wuechttir an hire véier Paarte wandelen. An zënter Juni 2013 lieft an der Fräiliichtgalerie Turgaass Maacher Stadgeschicht.

De Plang vun der fréierer Festungsstad Gréiwemaacher, als Unhang zum Wierk vum Philippe Knaff (1867)

Et war och 2013, de 5. Oktober, wéi d’Straussfeier vum restauréierten Tur an der Syr war. Dësen 2. Tur am westlechen Deel vun der Stadmauer ass vun der Gemeng Gréiwemaacher an Zesummenaarbecht mat dem “Centre national de recherche archéologique” (CNRA) a mat dem “Service des sites et monuments nationaux” (SSMN) fachgerecht restauréiert ginn. Am Stéck Mauer riets a lénks nieft deem ofgeschréiten Tur konnten zwéi Béi an och e Stéck vum Wiergank mat enger Schéissschart fräi geluegt ginn. Am Tur selwer ass mëttlerweil eng flott Vakanzwunneng fir Touristen.

„Und Straßen und Gassen und Häuser und Türme erzählen. Erzählen von Jammer und Not und harter Lebensmüh derer, die einst an diesen Herden saßen und im Schatten dieser Türme lebten. (…) Aber auch davon wissen sie zu berichten, die Gassen und Gässchen, die Mauern und Türme, freudig und stark, wie aus dunklen Verhängnissen, aus Not und Tod, aus Misswuchs und Missernte immer wieder unverwüstliche Lebenskraft dieses Moselvolkes neues Wachsen und Schaffen hervorbrachte“, schreift den Abbé Jos. Hurt (4). Dat ass och haut nach esou.

Monique Hermes (Mee 2018 – update: Februar 2022)

  1. Adolf Berens: Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher – Zur Siebenhundert-Jahrfeier der Verleihung des Freiheitsbriefes 1252-1952, Grevenmacher, 1952.
  2. Joseph Hurt: Grevenmacher: Werden und Leben einer Moselstadt, in Grevenmacher 1252-1952 La Bonne Ville, Grevenmacher, 1952.
  3. Philippe Knaff: Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und ehemalige Festung und Landrichterei Grevenmacher, Luxemburg, 1867.
  4. Joseph Hurt: Grevenmacher: einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen – Ein Geschichtswerk über die Moselmetropole von den Anfängen bis 1800, unveröffentlichtes Manuskript, als Kartularchronik gebunden, im Besitz der Gemeindeverwaltung Grevenmacher.
  5. Christiane Bis-Worch: Ungewöhnliches aus Grevenmacher: die Funde aus dem Baxeras-Garten, in „Musée info“ N° 17, Décembre 2004.
  6. Monique Hermes. „Die Festung Grevenmacher“, in „Die Warte – Luxemburger Wort“, vom 28.06.2012.