De Georgely – alias Georg Weyer – vu Gréiwemaacher

Zu Maacher ass de Blannen Theis e Begrëff, ganz besonnesch zënter 1991, wou een dem Wil Lofy säi gelongent Monument vum Bänkelsänger am Agank vun der Foussgängerzon bewonnere kann. Vu Maacher kënnt awer nach eng weider landbekannt Perséinlechkeet, nämlech de Georgely, geleeëntlech och alt emol “Schorscheli” oder “Schorschelchen” genannt.

Als Georg Weyer koum hie freides, den 13. Oktober 1848 als 3. vun néng Kanner an der Muselstiedchen op d’Welt. Nom Franz Schwab wär dat um Eck vum Stued, no bei eiser Muselbréck, gewiescht. Nach dee selwechten Dag sollt hien an der Parkierch gedeeft ginn.

Och als Erwuessene war hien nëmmen ëm déi 85 cm grouss an huet als klengste Mënsch vun der Welt gegollt. Wuel déi plausibelst Erklärung fir seng Behënnerung ass déi, datt en als klengt Kand déi soug. “Englesch Krankheet” hat, an datt säi Wuesstem doduerch gebremst ginn ass.

De Georgely huet säi ganzt Liewe fir sech selwer gesuergt, hin ass als “Fahrender Musikant” duerch d’Land gezunn.

(Gemengenarchiv Gréiwemaacher)
(Foto: Archiv Jean Welter)

An der Obermosel-Zeitung vum 6. November 1886 ass dës Annonce ofgedréckt:

An meine Freunde und Gönner!

möchte ich die unterthänigste Bitte stellen, so freigiebig sein zu wollen, mir gelegentlich einen Beitragspfennig beisteuern zu wollen zur Tilgung meiner großen Schuld, welche ich gezwungen ward, machen zu lassen, an meiner Drehorgel, welche mein ganzes Vermögen repräsentiert und welches Geld mir aus mildthätigen Händen vorgestreckt wurde. Irrthümlicher Weise wurde das Gerücht verbreitet, ich sei vermögend und der Almosen nicht bedürftig.
Achtungsvoll
Georg Weyer aus Grevenmacher.

De Jean Welter huet bei sengen Nofuerschungen erausfonnt, datt de Georgely wéinstens 3 där Dréiuergelen noeneen hat, wann net nach méi. Si waren entweder op d’Gestell vun enger Kannerkutsch montéiert oder se hate selwer Rieder. 1891, den 11. September, steet z. B. an der Obermosel-Zeitung:

Eine noch fast neue französische Drehorgel mit zwei Walzen, 16 hübsche Stücke spielend und 70 Pfund wiegend, nebst einem gut erhaltenen Wägelchen und einem dressierten treuen Hunde steht ganz billig zu verkaufen, im Ganzen oder stückweise bei Georg Weyer in Grevenmacher.

Eent vum Georgely sengen Instrumenter konnt op enger Postkaart identifizéiert ginn: Ignaz Bruder & Söhne, Waldkirch (am Schwarzwald – hei si bis 1933 an engem Familljebetrib Dréiuergele gebaut ginn). Eng vu sengen Dullemajiken, hätt hien esouguer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid (1912-1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg) geschenkt kritt, heescht et. Dës Dullemajik war eng “Klingenthal”.

Wa Schueberfouer oder Oktav an der Stad war, konnt een de Georgely all Dag gesinn, no beim Park zur Fouerzäit an ënne bei der Trap fir op de Knuedler zur Oktavzäit. Hie wär jidderengem sympathesch gewiescht, besonnesch d’Kanner hätten hie gär gehat, schreift de Franz Schwab.

Wann de Georgely mat senger Dullemajik vun Uertschaft zu Uertschaft gezunn ass, huet e wuel zum dacksten op den Zuch zréckgegraff. Dat beweist eng Postkaart vun ëm 1900, vun der Gréiwemaacher Gare, mam Zuch a mat enger Partie Leit drop, dorënner de Georgely an der éischter Rei a seng Dréiuergel e bëssen hannendrun. Säin Instrument huet e méiséileg viru sech hier geschubst, oder en ass vun engem Hond als Zuchdéier ënnerstëtzt ginn.

(Foto: Archiv Foto-Club Flash Gréiwemaacher)
(Foto: Archiv Foto-Club Flash Gréiwemaacher)

Et ass och bekannt, datt et op d’mannst véier Postkaarte vum Georgely gouf. Hien hätt dës Kaarte mat sengem Konterfei drop selwer erausginn a verkaaft, fir esou e puer Sou méi ze hunn. Eng vun deene Postkaarte mam Poststempel vum 25. Januar 1905 (Sammlung Carlo Jager, Gréiwemaacher), dréit d’Opschrëft:

Georg Weyer, geboren im Jahre 1848 zu Grevenmacher, Großherzogtum Luxemburg, während 7 Jahren mit Gicht behaftet und während 18 Jahren mit Blindheit geschlagen und dabei in keinem Besitz von Vermögen.

Eng aner Postkaart, ongestempelt, déi ëm 1912 erauskoum, (Sammlung Carlo Jager, Gréiwemaacher), huet Opschrëft: Georg Weyer Grevenmacher 64jähriger, fast gänzlich erblindeter Krüppel ohne Vermögen noch Existenzmittel. Geboren 1848. An dat selwecht och op Franséisch.

Op enger weiderer ongestempelter Postkaart, déi ëm 1922 erauskoum, (Sammlung Carlo Jager, Gréiwemaacher), steet op Franséisch an op Däitsch: “Der kleinste und älteste Greis der Welt, Georg Weyer, 74 Jahre alt, geb. in Grevenmacher (Großherzogtum Luxemburg) am 13. Okt. 1848. Höhe: 85 cm.

Mat dëse Postkaarten, awer och mat Reklammen an der Obermoselzeitung an am “Luxemburger Wort”, huet de Georgely op sech opmierksam gemaach – haut géife mer dat “public relations” nennen. Esou stoung am August 1909 am “Luxemburger Wort”:

Achtung! Telegramm! Achtung!

Wie alljährlich, so wird auch dieses Jahr der kleine “Schorschelchen” mit seiner Drehorgel seinen Stand auf dem Schobermeßplatze einnehmen. Er bittet daher alle Meßbesucher, zur Linderung seiner großen Armut, in der er sich momentan befindet, doch ein Scherflein beitragen zu wollen unter Verabfolgung einer kleinen Gabe, wodurch ein Werk der Barmherzigkeit ausgeübt wird. Der liebe Gott wird es dereinst vergelten!                 Der kleine “Schorschelchen”, alt 61 Jahre.

De Georg Weyer ass den 13. Februar 1924 op der Rhum gestuerwen, wou en nëmmen eng kuerz Zäit war. Déi Deeg duerno gouf säin Doud an de Lëtzebuerger Dageszeitunge bekannt gemaach.

Zënter deem groussen Open-Air Spektakel “Maacher Fräiheet 2002” huet de Georgely regelméisseg seng Optrëtter bei verschiddene Fester zu Gréiwemaacher, an zwar mat senger Dullemajik, (déi e gudde Frënd, him fir de Maacher Fakelzuch 2018 esouguer nogebaut hat!!!)

Georgely, Georgely, dréi, dréi dréi bis morie fréi, dréi nach dréi nach puer Tir, mir së bäi dir, mir së bäi dir!

Esou hat de Georges Urwald vu Gréiwemaacher (* 1971) 2002 fir hie gedicht a komponéiert. D’Lidd sollt en Ouerewuerm ginn, an de Georgely trëtt mëttlerweil dacks a gär mam lokale Musekstheaterveräin Rhäifränsch (och “e Kand” vun 2002) op, z. B. bei de Fakelzich 2014 an 2018… 2007 hat hien et esouguer bis bei d’Maacher Krëppchen an der deemoleger Dekanatskierch gepackt, dat dank der Kreativitéit vum Bernard Paulus! An am Juli 2022 ass hie méi wéi sécher derbäi, wann de Goethe erëm op Maacher kënnt…

Wéi 2015/2016 d’Buch “Gréiwemaacher. Mein Gemeen” zesumme mat “éditions revue” geplangt ginn ass, a wéi no enger Maskottche fir dëst Buch gesicht gouf, war et fir déi dräi Auteure Monique Hermes, Emile Krier a Carlo Weber an och fir den Zeechner Tomislav Findrik ganz séier selbstverständlech, dass dës Kéier net de Blannen Theis, mä de Georgely mat senger Dréiuergel duerch d’Buch féiere sollt.

De Georges Urwald léisst de Georgely am Ufank vum Buch esou zu Wuert kommen:

Georgely, Georgely, dréi!     E goude Morrien alleguer!

Ech sënn de Georgely. Landbekannt sënn ech ginn dorrech mein Dréiorriel. Ech hat där Instrumenter e puer an hunn op flotte Plazen drop gespillt – op de Schueberfouer, um Oktavmäertchen, op Kërmëssen, Mäert an anere Fester. Et sënn och Postkoarte vu mir mat meiner Lantermajik (Dullemajik ass méi richteg!)gemaach ginn. Gestorwe sënn ech den 13. Februar 1924 op de Rumm an der Stad.

(Aus: “Gréiwemaacher Mein Gemeen” – Zeechnung: Tomislav Findrik)

Haut begleeden ech Eech, léif grouss a klee Leit, dorrech dëst Bouch iwwer “Maacher. Mein Gemeen.” Et woar jo och mein Gemeen. Se huet vill ze béiden. A se ass mat de Zäit vill méi grouss a vill méi modern ginn.

Kommt, kuckt a liest mat mir! Vu fréier a vun haut. Et gëtt flott!

Äre Georgely

Domat krut eise Georgely wuel déi bleiwend Erënnerung, zu där deen onermiddleche Maacher Fuerscher Jean Welter (1935-2006) eegentlech den Ustouss ginn hat.

Monique Hermes

 

Quellen:

  • Franz Schwab: De Georgely – Eis Sprooch Nr. 6 / 1975.
  • Jean Welter: Auf den Spuren des “Georgely” (Georg Weyer, 1848-1924) – 150 Joar Maacher Gesangveräin 1848-1998.
  • Monique Hermes, Emile Krier, Carlo Weber: Gréiwemaacher Mein Gemeen – éditions revue, 2016.