De Buerggruef

Site archéologique, inscrit au cadastre de la Ville de Grevenmacher, Section B des Bois, sous les numéros 1214/1218, 1215/1219, 1216.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 15 décembre 1989.
Site archéologique, inscrit au cadastre de la Ville de Grevenmacher, Section B des Bois, sous le numéro 1213/1217.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 18 janvier 1991.

De Bestanddeel “Maacher” vum Uertsnumm weist eendeiteg op de laténgesche Begrëff “maceria” oder “maceries” (= gebaute Mauer, mit einer Mauer eingefasster Besitz, verfallenes Mauerwerk)hin, a kann ouni Zweiwel mat Iwwerreschter vun enger réimescher Villa, déi am fréie Mëttelalter nach däitlech siichtbar waren, a Verbindung bruecht ginn. 

Een Deel vum Buerggruef bei Gréiwemaacher. (Foto: Emile Krier)

Duerch verschidden archäologesch Beobachtungen, déi an deene leschte Jorzéngte gemaach gi sinn, an duerch d’Ausgruewunge vun ufanks des 21. Jorhonnerts am Baxeras-Gaart, kann een dervun ausgoen, datt sech ënner deem ale Stadkär vu Gréiwemaacher méi eng grouss réimesch Villenanlag erstreckt huet. D’Härenhaus dovu louch um Fouss vum Grueweréck no bei der “rue des Tanneurs”. Zur Musel hin huet déi Villa wahrscheinlech 2 Reie vun Niewegebaier opgewisen, déi op d’Haaptgebai ausgeriicht waren. Vläicht huet dës grouss réimesch Villenanlag esouguer nach 8 Jorhonnerte méi spéit de Plang vun der mëttelalterlecher Stad (“Graf(f)enmacher”) mat hirem ongewéinleche Grondrëss bestëmmt. Zu där Villa kënnten och déi réimesch Griewer gehéiert hunn, déi am 19. an 20. Jorhonnert tëscht der “rue de Trèves” an dem Muselufer fonnt gi sinn. 

Nieft dëser Siedlung ënner dem ale Stadkär vu Maacher sinn nach aner Siedlungsplazen aus der Réimerzäit bekannt. Esou louch z. B. eng net onbedeitend Villa um Potaschbierg, genee “op der Alkërrech”, esouzesoen direkt un der Réimerstrooss Metz-Tréier. Dat réimescht Monument, wat een haut nach kucke kann, war fir e Grousswënzer a Wäinhändler aus dem 2. Jorhonnert opgeriicht ginn.

An dann zitéieren ech de Jean Krier: “Ein weiterer Platz mit römischer Vergangenheit, um den sich zahlreiche lokale Sagen ranken (“Wichtelcher”, “Longkaulmännchen”, “Felsefrächen”), der seine letzten Geheimnisse aber noch nicht preisgegeben hat, ist der 120 m hoch über dem Moseltal zwischen Grevenmacher und Machtum gelegene ‘Buerggruef’”.

Dës Plaz tëscht Longkaul a Kelsbaach, déi a Richtung Musel vun enger géier Fielswand begrenzt gëtt, hätt scho fréi am Volleksmond den Numm “Buerggruef” kritt, well se op deenen dräi “fräie” Säite vun engem Wall ëmgi war, deen op d’mannst 3 m héich war. Virun där vu Mënschenhand geschafener, 740 m laanger Ëmwallung war e Gruef vun ongeféier 10 m Breet. Dofir kann een also mat Recht vun enger Befestigungsanlag aus fréieren Zäite schwätzen.

Well am Buedem vum Buerggruef vill Saachen aus der Réimerzäit fonnt gi waren, ass d’Plaz laang als réimescht Kastell ugesi ginn, vun deem aus de Museldall iwwerwaacht gi konnt.

De Philipp Knaff vu Gréiwemaacher (1822-1889) huet a senger Schrëft “Keltische und römische Altertümer bei Grevenmacher” (1854) drop higewisen, datt déi réimesch Bebauung nëmmen e ganz klengen Deel vun där bannzeger Fläch anhëlt, an dass d’Befestegunge mat Wall a Gruef wuel schonn zu keltescher Zäit – also viru Christus – opgeriicht si ginn. D’Réimer konnten duerno dat, wat schonn do war, benotzen, ë. a. fir sech ze verschanzen, a wann een no de Mënzen uerteelt, déi do fonnt goufen, op d’mannst 125 Joer laang. De Knaff mengt, datt de “Buerggruef” eréischt zur Zäit vun de Germanenafäll am 3. Jorhonnert als réimescht Kastell fir d’Iwwerwaachung vum Museldall erëm hiergeriicht an dann ëm d’4./5. Jorhonnert gewaltsam zerstéiert gi wär. 

1973 ass de Buerggruef vum Karl-Heinz Koch vum Rheinischen Landesmuseum vun Tréier fachgerecht vermooss ginn, an an den 1980er Jore konnt bei Gruewungen erausfonnt ginn, datt de Site wahrscheinlech am 3. an am 2. Jorhonnert viru Christus entstan ass.

Vill méi spéit, am 20. Jorhonnert, huet z. B. de Meechtemer Ingenieur Paul Kroll (1884-1970), deen eng Zäit zu Gréiwemaacher gewunnt huet, sech ausféierlech mam Buerggruef befaasst (1943). Am Maacher Gemengenarchiv hu mer eng Partie vun deene ganz interessanten Dokumenter.

Mëtt der 1970er Jore koum et zu enger soug. “Schwaarzgruewung”, nodeem 1974 déi Plazen, wou archeologescht Material fonnt gi war, op der “Carte Archéologique “ verëffentlecht goufen. Zwee Maacher Bierger konnten nees eng Kéier eng Partie “Schätz” fannen, déi dann am Musée gelant sinn. An de 1970er an an den 1980er Jore sinn ëmmer erëm Sammler mat “Metallsuchgeräten” um Buerggruef opgedaucht an hunn z. D. “reiche Beute” mat heem geholl, ganz besonnesch awer réimesch Mënzen aus verschiddene Jorhonnerten.

Net wäit vu Buerggruef a Longkaul ewech gëtt et de Flouernumm “Winnigfels, Winnegfels”. De Jean Krier geet dervun aus, datt dësen Numm op de Bäinumm “Vegnius” vum Gott Mars, deen am Hellegtum veréiert gouf, zréckgeet. Dat géif dann op déi fréier Bedeitung vun der réimescher “Kultstätte” op dem Buerggruef hindeiten.

Monique Hermes (Abrëll/Mee 2018 – update: Februar 2022)

1989 war zu Gréiwemaacher d’Iddi opkomm, fir aus dem Ënnergrond vum Buerggruef Steematerial fir dee mëttelsten Deel vun der Autobunn Lëtzebuerg-Tréier erauszezéien. De Musée huet direkt reagéiert, an den deemolege Muséesdirekter Gérard Thill huet dem deemolege Kulturminister Robert Krieps den 20. Februar 1989 virgeschlo, de Site ganz séier als Nationalmonument ze klasséieren. Dat ass definitiv den 18. Januar 1991 duerch Regierungsbeschloss geschitt. Fir datt de Site net ganz zerstéiert géif, ass duerno och d’landwirtschaftlech Notzung um Buerggruef-Plateau ageschränkt ginn.

Och d’Roll vum Buerggruef zur Réimerzäit ass scho méi dacks ënnersicht ginn, z. B. vum Philippe Knaff a vum Distriktsarchitekt vu Gréiwemaacher a spéidere Staatsarchitekt Charles Arendt (1825-1910), an der Mëtt vum 19. Jorhonnert. Et sinn ë. a. réimesch Mënzen vum 2. bis d’4. Jorhonnert no Christus, eng Partie “Bijouen” (Fibelen, d. h. Broschen an Hoernolen) a Keramikstécker fonnt ginn.

Quellen:

Jean Krier: Ein römisches Heiligtum auf dem “Buerggruef” bei Grevenmacher – in:
“1834-2009 – 175 Joar Harmonie Municipale Grevenmacher – HMG 2010”.

Edouard M. Kayser: De la “curtis Machera” à la ville-marché de Grevenmacher- in “Hémecht 1993-1.

Paul Kroll: Handgeschriwwen Dokumenter an Zeechnungen am Gemengenarchiv Gréiwemaacher (1930er Joren).

Philippe Knaff: Keltische und römische Alterthümer bei Grevenmacher. (1854) Kopie. Gemeindearchiv Grevenmacher.