D’Dechens- an d’Kaplounshaus zu Gréiwemaacher (II)

Wien dat jëtzegt Maacher Dechenshaus 1708 baue gelooss huet, bzw. wien déi éischt 50 Joer bis zur Zäit vum Landriichter Gérard Joseph von Wickersloth, also bis ëm 1758, dra gewunnt huet, konnt bis haut net ausfënneg gemaach ginn. Et war jiddefalls net d’Famill de Vigny, déi an engem aneren herrschaftlechen Haus an der Noperschaft gewunnt huet.

Wat d’Aarbechten ugeet, déi vun 1970 un um Dechenshaus gemaach gi sinn, sou huet d’Gemeng 1970, wéi den Dechen Ernest Hentzen (1970-1979) Nofolger vum Dechen Arnold Spautz (1955-1970) ginn ass, eng Restauréierung am Haus gemaach an d’Zentralheizung installéiere gelooss.

Erëm eng Partie Aarbechte sinn 1979/80 an 1998 gemaach ginn, wéi d’Dechen Emile Weyer (1980-1998) a Fons Lichter (1998-2003) an d’Haus geplënnert sinn.

No 2000, resp. vun 2003 un, ënner dem Deche Fränz Muller (2003-2013) sinn och normal Ënnerhaltsaarbechten ausgefouert ginn: Den Ustrach, d’Installéiere vun enger neier Dusch am Buedzëmmer an, am Joer 2012, d’Installatioun vun engem neien, modernen Heizkessel.

Wéi 2003 d’Kaplounshaus, dat un d’Dechenshaus grenzt, am Ëmbau war, goufe gläichzäiteg Aarbechten un der Fassad vum Dechenshaus gemaach. Dofir huet de Gemengerot Enn September 2003 e Subsid vun 28.456,65 Euro bewëllegt. Schonn 2002 waren nei Fënstere mat Duebelverglasung agesat an den Daach war renovéiert ginn.

E Bléck op d’Dechens- an d’Kaplounshaus. (Foto: Monique Hermes 2013)
Deen heitegen “Dechenskeller” gouf scho 1779 vum Franz de Baxeras genotzt. (Foto: Monique Hermes)

2013, kuerz éiert den Deche Claude Bache op Gréiwemaacher koum, hunn d’Kierchefabrik an d’Gemeng beschloss, d’Dechenshaus vu Grond op ze renovéieren an ze moderniséieren, an et ass beim Kulturministère gefrot ginn, fir d’Haus als Nationalmonument unerkannt ze kréien. D’Äntwert war positiv, an zwar fir “l’ensemble forme par la maison décanale (n° 2, rue de Luxembourg, la maison vicariale (n° 4, rue de Luxembourg) ainsi que le jardin adjacent”, mat dëser Erklärung: “en vertu de son intérêt historique, architectural, archéologique et esthétique”. Den definitive Classement ass den 21. Juni 2017 am Regierungsrot guttgeheescht ginn.

2014 an 2015 sinn d’Aarbechten am Dechenshaus an Zesummenaarbecht mat dem “Service des Sites et Monuments Nationaux” duerchgeféiert ginn, éiert den Deche Claude Bache ufanks 2016konnt an dat komplett renovéiert Haus anzéien. (Bis zu deem Zäitpunkt hat d’Gemeng dem Dechen de restauréierte Festungstur an der Syr als Wunneng zur Verfügung gestallt.) D’Ausgabe fir d’Restauratioun hunn 291.802,60 Euro bedro, wouvun d’Kierchefabrik 80.000 Euro an de Staat 37.072 Euro bäigesteiert huet. De Rescht war zulaaschte vun der Gemeng Gréiwemaacher.

2017 huet den Deche Claude Bache sech dee schéine verwëllefte Keller am Dechenshaus gemittlech ageriicht, fir säin Hobby als Wënzer ze dokumentéieren. D’Joreszuel, déi op enger hëlzen Dunn zum Virschäin koum, ass ganz sécher historesch: 1779 huet keen aner am Haus gewunnt, wéi de Landriichter Franz de Baxeras! An de Keller war deem wuel och eppes wäert!!!

Den 9. Februar 2018 huet de Maacher Gemengerot eng Konventioun tëscht dem Staat an der Maacher Kierchefabrik guttgeheescht, an där et ëm d’Baue vun 2 Sozialwunnengen am Niewegebai vum Dechenshaus goung (Käschtepunkt: 670.064,67 Euro, Bedeelegung vum Staat: 75 % = 502.548,50 Euro). Déi interessant Geschicht vum Maacher Dechenshaus, zu deem jo och e grousse Gaart gehéiert, dee bis un d’Réngmauerstrooss geet, ass deemno nach net ofgeschloss…

D’Kaplounshaus

D’Kaplounshaus, wat un d’Dechenshaus ugebaut, an haut regionale Parzentrum ass, gouf am 19. Jorhonnert gebaut. D’Haus, resp. den Terrain, wou et drop steet, oder vläicht och e fréiert Haus, huet zum Besëtz vun der Famill de Baxeras gehéiert. D’Kaplounshaus selwer war awer méi kleng, wéi d’Dechenshaus.

Ënner dem Deche Fons Lichter ass d’Kaplounshaus mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Bistum ufanks der 2000er Joren ëmgebaut an erweidert ginn. De 6. Juli 2004 – schonn ënner dem Deche Fränz Muller – gouf deen neien, funktionelle Parzentrum, deen haut gutt Déngschter, ë. a. an der “Catéchèse en Paroisse” leescht an an deem och d’Parsekretariat ass, feierlech ageweit.

“Situé en plein coeur de Grevenmacher, l’ensemble forme par la maison décanale, la maison vicariale et leur jardin est un important témoin pour l’histoire de la ville”, heescht et am prinzipiellen Accord fir de Classement, den 18. November 2013, vun der deemoleger Kulturministerin Octavie Modert. Dat seet alles aus iwwer e wichtege Patrimoine am Häerz vu Maacher.

 

Monique Hermes (Juni/Juli 2018 – update Mäerz 2022)

Quellen:

  • Joseph Hurt: Grevenmacher. Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen. Von den Anfängen bis 1800. Unveröffentlichte Kartular-Chronik im Besitz der Gemeinde Grevenmacher.
  • Das Baxeras-Haus in Grevenmacher. Zeitungsausschnitt (LW) vom 24. Dezember 1960.
  • Ein Schreiben der Gemeinde Grevennmacher vom 22. Oktober 1963 an Baron Jean d’Anethan betr. die Familie de Wickersloth.
  • Emile Weyer: Das heutige Grevenmacher Dechantenhaus, erbaut 1708, gelegen 2, rue de Luxembourg, in Laurentius-Pfarrblatt der Pfarrei Grevenmacher, Weihnachten 1990-Neujahr 1991.
  • Monique Hermes: Aus der interessanten Geschichte des Grevenmacher Dechantenhauses, in 750 Joer Fräiheeet fir Gréiwemaacher. D’Par mécht mat. 2002.
  • Monique Hermes: Das Grevenmacher Pfarrhaus („Dechenshaus“): Ein kurzer geschichtlicher Überblick. (Antrag zum „Classement National“ 2013).
  • Prosper KAYSER, Paul VANOLST: Familienchronik Stadt Grevenmacher von ca. 1634-1923. 2. Vervollständigte Auflage, Kayser & Vanolst 2017.
Op der Fassad vum Dechenshaus zum Haff hi kann een d’Joreszuel 1708 liesen. (Foto: Nathalie Welsch 2021)