D’Dechens- an d’Kaplounshaus zu Gréiwemaacher (I)

L’ensemble formé par la maison décanale (n° 2, rue de Luxembourg), la maison vicariale (n° 4, rue de Luxembourg) ainsi que le jardin adjacent, inscrits au cadastre de la commune de Grevenmacher, section A de Grevenmacher, sous les numéros 683/4010, 683/4009 et 684/2, appartenant d’après l’extrait cadastral à “Grevenmacher, le presbytère”.
Bénéficie d’une protection nationale depuis le 21 juin 2017.

Dat heitegt Parhaus (Dechenshaus) ass 1708 gebaut ginn. Dës Joreszuel steet esouwuel zur Stroossesäit, wéi och zur Hafsäit op der Fassad. D’Parhaus läit op Nummer 2 an der Lëtzebuerger Strooss, an de regionale Parzenter – dat fréiert Kaplounshaus, dat tëscht 2002 an 2004 no hannen erweidert ginn ass – läit op Nummer 4 an der Lëtzebuerger Strooss. Hannendrun ass e grousse Gaart, deen un d’Turgaass grenzt.

D’Dechens- an d’Kaplounshaus zu Gréiwemaacher 2020 (Foto: Monique Hermes)
E Stéck Holz, wat eppes iwwer d’Haus ausseet, ass bei de jéngsten Aarbechten am Parhaus an enger Mauer erëmfonnt ginn. (Foto: Monique Hermes)

Ënnert dem Deche Johann Nikolaus Post; hie war 1886 op Maacher komm an huet hei bis 1912 gewierkt; huet déi deemoleg Kierchefabrik dat herrschaftlecht Gebai ufanks der 1890er Jore kaaft. Den notariellen Akt ass den 21. Abrëll 1892 vum Notaire Otto Julius Mathias Feyder gemaach ginn – dee war tëscht Januar 1867 an Dezember 1869 och Buergermeeschter vun der Muselmetropol. Schonn de Virgänger vum Deche Post, den Deche Stephan Mersch, zu Maacher vun 1866-1886, hat de Wonsch no engem bessere Parhaus geäussert. (Bis 1892 huet e vill méi klengt Parhaus zu de Gebailechkeete vun de Franziskanerinne gehéiert a louch an der “rue de l’Hôpital”, déi deemools nach “rue du Curé” geheescht huet. Ëmmerhi war Maacher schonn zënter 1820 Dekanatshaaptuert an hat deemno en ugepasst Paschtoueschhaus verdéngt…)

Dat “neit” Haus, mat den Niewegebaier, zwéin Häff, Ställ, Scheier a Gaart, also dee ganze Komplex war 23,25 a grouss a louch un der “Haaptstrooss”, tëschtent dem Hotelier Gustav Wagner – dee war dat vun 1855 bis 1901 – an der Wittfra Knaff. Zur Zäit, wéi d’Haus kaaft ginn ass, huet et der Wittfra Clara Schneider-Muller (1815-1893) gehéiert. (Si war bestuet mam Wilhelm Schneider (1812-1877), “Ackerer”, also Bauer, a “Kaufmann”. D’Koppel hat 8 Kanner, wouvun der 4 als Bébé gestuerwe sinn.) Dee ganze Komplex – Haus, Annexen a Gaart – huet 21.000 (Gold)Frange kascht.

Wa mer an der onverëffentlechter Kartular-Chronik vum Lokalhistoriker Joseph Hurt (1892-1962)bliederen, dann erfuere mer, datt 1824 – also 2 Joer nom “grousse Brand”, bei deem zu Maacher vill Haiser, Scheieren a Ställ verbrannt waren – am Kadaster e gewësse Peter (Pierre) Muller als Besëtzer vum Komplex agedroen ass. Dëse Peter Muller vu Maacher (1773-1881), bestuet mat dem Elisabeth Turping vu Gréiwemaacher (1780-1836), war “Handelsmann”. Der Koppel hiren éischte Jong, Peter (Pierre) Muller-Walse, war vun 1849 bis 1861 Buergermeeschter vun der Muselmetropol. Bei der “Wittfra Clara Schneider-Muller” handelt et sech ëm dat 8 vun 13 Kanner vun der Koppel Muller-Turping. Si war, wéi scho gesot, mam Wilhelm Schneider bestuet, an hat spéider wuel den elterleche Besëtz iwwerholl.

Schonn de Landriichter de Jardin hat dee monumentale Muttergottesbuer am Baxeras-Gaart – hei op enger Postkaart vun 1906 – baue gelooss. (Gemengenarchiv Gréiwemaacher)

Et steet och fest, dass dat herrschaftlecht Haus mat allem, wat derzou gehéiert huet vu 1777 un am Besëtz vum François (Franz) de Baxeras, deem leschten, ganz onbeléifte Landriichter vu Gréiwemaacher, war. Deen hat d’Herrschaft “Grevenmacher(n)”, d. h. an dësem Fall d’Landrichterei, de 5. Juli 1777 vum Baron Gérard Joseph (von) Wickersloth (oder Wyckerslooth) (1749-1804) fir“4.000 Navarra-Taler” kaaft. Zum Eegentum hunn ë. a. d’Haus an eng Partie “Liegenschaften” – also Lännereien – am Nordweste vun der Stad Maacher gehéiert; dat sinn ë. a. déi fréier Baxeras-Gäert, déi de Landriichter Wolfgang Henri Ferdinand de Jardin, dee vu 1759 bis 1763 Landriichter zu Gréiwemaacher war, uleeë gelooss hat. Hie war et och, deen dee schéine Renaissance-Muttergottesbuer mat der Éierentrap baue gelooss huet. (Den de Jardin war iwweregens dem de Baxeras säi Schwéierpapp.)

De Wope vum Franz de Baxeras, dem leschte Landrichter vu Gréiwemaacher. (Armorial Loutsch)

De Baron Gérard-Joseph de Wickersloth selwer hat d’Herrschaft Maacher den 19. Abrëll 1758 vu senger Grousstatta, Anne-Claire (Anne-Marie) de Vigny, geburen de Wecker(t) (Wecquer) geierft. Den de Wickersloth hat sech och nom Verkaf vun der Landrichterei d’Recht behal, den Tittel vun engem “Grof vu Maacher” weider ze féieren an de Stadwopen ze notzen. De Franz de Baxeras hat säin eegene Wopen, wéi den Daniel Erpelding laut de Quelle vum Armorial Loutsch ugëtt.

De François de Baxeras ass am Joer 1795 gestuerf. Wahrscheinlech war hien zu deem Zäitpunkt héich verschëlt, obwuel e sech zu Maacher ganz vill “ergaunert” hat… Seng Fra, d’Catherine de Jardin – där hire Papp, Henri de Jardin, 1750 jo Landriichter zu Gréiwemaacher gi war an déi soug. “Baxeras-Gäert” uleeë gelooss hat, wéi scho bemierkt – huet sech an d’Stad Lëtzebuerg zréckgezunn. D’Ierwe vun der Koppel, déi keng eege Kanner hat, ass un d’Josephine Elisabeth de Maringh (* +/- 1765); laut Familljechronik vun der Stad Maacher wuel aus dem 1. Bestietnes vun der Mamm, mat dem Leopold Joseph Franz de Maringh, gaang. D’Josephine Elisabeth war bestuet mam Affekot Mathias Valerius de Seyl (1759-1832).D’Baxeras-Haus selwer koum entweder direkt oder awer e bësse méi spéit an de Besëtz vun engem gewësse Mathias Dietz (1746-1805) – dee gëtt an der Familljechronik als Doléiner gefouert.

 

Et geet weider!
Monique Hermes