Skip to main content Scroll Top

Relais pour la Vie 2026

đŸƒâ€â™€ïžđŸƒâ€â™‚ïž Zesumme lafe mir fir: Relais pour la Vie 2026 💛

Den 21. MĂ€erz 2026 gĂ«tt de Stade Op Flohr zu GrĂ©iwemaacher nees zu engem staarke Symbol vu SolidaritĂ©it an Hoffnung. Ënnert dem Motto „Zesumme si mir mĂ©i staark“ engagĂ©iere sech dĂ«st Joer den HPPA, PĂ€iperlĂ©ck Aides et Soins Ă  Domicile an d’Stad Maacher gemeinsam fir d’Fondation Cancer.
Als Gemeng si mir houfreg, dĂ«sen Event z’ënnerstĂ«tzen an de passende Kader bereet ze stellen. đŸ’Ș✹
🙏 E grousse Merci un den HPPA a PĂ€iperlĂ©ck Aides et Soins Ă  Domicile fir hiert Engagement, hir Initiativ an dĂ©i staark Zesummenaarbecht am DĂ©ngscht vun enger wichteger Saach.

📍 21. MĂ€erz 2026
📍 Stade Op Flohr, GrĂ©iwemaacher
🕙 10:00 – 18:00 Auer

Mir invitĂ©ieren jiddereen fir laanscht ze kommen, d’Teams unzefeieren oder selwer matzelafen.

âžĄïž Wann Dir wĂ«llt am Team Muselmetropol mat maachen, dann mellt iech ELO nach un : 📧 info@grevenmacher.lu

👉 All SchrĂ«tt zielt am Kampf gĂ©int de Kriibs.

#RelaisPourLaVie2026 #Gréiwemaacher #Solidaritéit #ZesummeStaark #FondationCancer #HPPA #PÀiperléck

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.