Skip to main content Scroll Top

33. Dag vum Bam

Fir den 33. Dag vum Bam hunn d’Schoulklassen aus der Maacher Grondschoul (Cycle 4.1) zesumme mat hire Léierpersoune beim Flouerwee Kinnebësch zu Gréiwemaacher trotz dem schlechte Wieder Beem geplanzt. D’Schoulkanner konnten op d’Hëllef vun der lokaler Forst-, Ëmwelt- an Nohaltegkeetskommissioun mat dem Schäffe Marc Krier, vun der Natur- a Forstverwaltung, der natur & ëmwelt LNVL Sektioun Gréiwemaacher an dem SIAS zielen. D’Buergermeeschtesch Monique Hermes an de Conseiller Marc Ury ware mat derbäi, wéi de Fieschter Philippe Fisch eppes méi genee op d’Aktioun Beem planzen agaangen ass. No dem Planze gouf et an den Zelter op der Plaz eppes ze drénken an e Maufel z’iessen.

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.