Zéintscheier

An d’Gemengenarchive geluusst XLV D’Zéintscheier an der Kierchestrooss zu Gréiwemaacher

  •   1252: De Lëtzebuerger Grof Hari V. schenkt Gréiwemaacher d’Fräiheet. An der Charta steet, datt d’Maacher Bërger den néngten Deel vun de Friichte vum Feld a vun der Rief mussen ofginn. Fir dësen “Nauntel” ze späicheren, sinn am Mëttelalter Zéintscheiere virgesinn.
  •   1635: Déi jëtzeg Zéintscheier gëtt gebaut. Et ass en herrschaftlecht Haus mat spueneschen Elementer – Lëtzebuerg war deemools ënner spuenescher Herrschaft. D’Gebai steet an der Kierchestrooss, déi fréier “rue de la Paroisse” geheescht huet.

    D’Zéintscheier, gezeechent vum Jemp Michels (1906-1989), am Bichelchen: “Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher” (1952) vum Adolphe Berens.

  •   Ufanks vum 19. Jorhonnert: No der franséischer Revolutioun kënnt d’Zéintscheier a Privatbesëtz a kritt am Laf vun der Zäit verschidde Bestëmmungen.
  •   1975: D’Gemeng keeft d’Zéintscheier, déi an der Tëschenzäit méi dacks ëmgebaut ginn ass, fir 1,1 Millioun Frang vun der Famill Kirchens-Paulus. Et sollen ëffentlech Ariichtungen an d’Gebai kommen.
  •   2006.: D’Gemeng beschléisst, d’Zéintscheier, déi bis zu deem Zäitpunkt u Privatleit verlount war, vu Grond op ze restauréieren.

page1image1577967808 page1image1577968096

  •   2007: D’Gemeng freet de Classement vun der Zéintscheier un.
  •   2009: D’Zéintscheier gëtt op d’Lëscht vun den Nationalmonumenter

    opgeholl.

  •   2010: Et gëtt eng “restauratorische Bestandserfassung” vun der

    Zéintscheier duerchgefouert.

  •   2012-2013: Et gi weider Analyse gemaach, ë. a. wéinst engem zweeten

    ënnerierdeschen, onbekannte Keller, deen zum Deel fräigeluegt gëtt. Bei Gruewungen, duerchgefouert vum CNRA ginn am Gaart vun der Zéintscheier Mauere fräigeluegt, déi an d’13. Jorhonnert zréck datéiert gi kënnen. Domat ass bestätegt, datt scho fréier e Gebai op dëser Plaz stoung.

  •   2014: D’Restauratiounsaarbechten un der Zéintscheier fänken un.
  •   2016: D’Stad Maacher bedeelegt sech un de “Journées du Patrimoine 2016” a bitt eng Visite vum Keller vun der Zéintscheier un, déi op

    groussen Uklang stéisst.

  •   2017: Déi restauréiert Zéintscheier gëtt ageweit. De CRIAJ kritt eng Bleif

    am Gebai, an d’Stad Maacher hält dee verwëllefte Keller fir hir Zwecker.

  •   2018: De CRIAJ bedeelegt sech u “Maacher Oart”, an d’Leit kréien d’Geleeënheet gebueden, deene Jonken zur Wierker – an d’Zéintscheier – ze kucken. Am Keller ass 2 x e gutt besichte Virtrag: “D’Zéintscheier am Laf vun der Zäit”.

    Monique Hermes

    Déi restauréiert Zéintscheier am Februar 2018. (Foto: Alain Goedert)

page2image1507986880

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.