Zéintscheier – Virtrag 2017

D’Zéintscheier vu Gréiwemaacher am Laf vun der Zäit

Virtrag vun der Kulturschäffin Monique Hermes bei Geleeënheet vun der Porte ouverte, de 15. Juli 2017

Wann ee vun deem Gebäi schwätzt, wat mer zu Maacher als “Zéintscheier” kennen, da muss ee fir d’éischt bis an d’13. Jorhonnert zréckgoen.

Deemools, 1252, krut d’Uertschaft un der Musel d’Fräiheetscharta vum Lëtzebuerger Grof Hari V. (“de Blonden”), dem Jong vun der Gräfin

Ermesinde, iwwerreecht. (Dës bedeitend Lëtzebuerger Gräfin hat jo mam Iwwerreeche vun de Fräiheetsbréiwer ugefaang, z. B. un Iechternach, 1236, un Diddenhuewen, wat deemools zu Lëtzebuerg gehéiert huet, 1239 an un d’Stad Lëtzebuerg, 1244.)

Dës Fräiheetscharta, vun där mer d’Original net méi hunn – eng begleewegt Copie aus dem 17. Jorhonnert fanne mer awer an den “Archives Générales du Royaume de Belgique” zu Bréissel, an och eng begleewegt Copie vun dëser Ofschrëft aus dem 17. Jorhonnert läit an de Lëtzebuerger Nationalarchiven – war op Latäin verfaasst. Doran heescht et an enger Iwwersetzung vum Lokalhistoriker Jos. Hurt aus dem Joer 1952, wéi Maacher 700 Joer Fräiheet gefeiert huet: “All Joar hu se – (gemengt sinn d’Maacher Leit) – vun hire Géider, déi op dem Maacher Bann an driwwer eraus leien, mir – (dem Grof vu Lëtzebuerg, spéider dem Landriichter) – ofzeliwweren: vun der Fruucht déi neint Garf a vun den Drauwen déi neint Hot. D’Fruucht vun de Stécker an d’Drauwen aus dem Wéngert dërfen net agescheiert an agekellert ginn, des se hätte mir méin Deel fir d’éischt ginn.”

Et ginn och nach aner Redevancen an där Charta opgezielt, mä déi sinn op dëser Plaz net esou wichteg. Et ass vläicht intressant, drop hinzeweisen, datt fir d’Feierlechkeete vun 2002 (“750 Joer Fräiheet”) e Faksimile vun där Charta erauskoum – an zwar d’“Handschrëft”, Latäin, Däitsch a Franséisch – d’franséisch Iwwersetzung hat de Jean Welter + 2006 geschriwwen.

D’Ofgi vu “Redevancen” un den Herrscher war “gang und gäbe” am Mëttelalter an och nach doriwwer eraus. Normalerweis huet et sech dobäi ëm den Zéintel gehandelt – dohier den Numm “Zéintscheier”. Nun ass deen Numm awer zu Maacher “falsch”, well mir hu jo missen eppes méi ofginn, nämlech den Nauntel, also den néngten Deel. Mä “Zéintscheier”, als Plaz, woud’”Naturalsteier” ofzegi war, ass e geleefege Begrëff, an och am Ausland sinn nach eng ganz Partie esou Haiser bekannt, z. B. an Däitschland oder och Frankräich, besonnesch am Elsass, z. B. zu Molsheim an zu Obernai (“Grange aux Dîmes” oder “Grange Dîmière”).

An domat wäre mer da bei der Maacher Zéintscheier. D’Gebai, wéi et haut do steet, staamt aus dem 17. Jorhonnert, genee aus dem Joer 1635. Deemools ass et gebaut, respektiv erëm opgebaut ginn – mir kommen drop zréck.

page1image1408784528 page1image1408784944

Zu där Zäit war Lëtzebuerg ënner Friemherrschaft an zwar ënner de spueneschen Habsburger (Kinnek: Philippe IV.).
D’Zéintscheier läit am historesche Kär vu Gréiwemaacher um Eck vun der Post- an der Kierchestrooss a steet fräi do.(Deemools huet d’Poststrooss nach

“Onkelsgaass” geheescht – kann dat Wuert kënnt wahrscheinlech vum “Entgeld” kommen, deen do huet missen zu Postkutschenzäite geleescht ginn. D’Kierchestrooss war ganz laang d’“rue de la Paroisse”.)

D’Zéintscheier ass am Laf vun der Zäit méi dacks ëmgeännert ginn, bis et ufanks des 19. Jorhonnert an de Besëtz vun där räicher Maacher Famill Schoren koum. Eleng iwwer dëser Famill hire Besëtz zu Maacher (Schorensmillen, Deysermillen, Schorenshaff, vill Lännereien, asw.) géif et ganz vill ze erzielen.

Beim grousse Brand vun 1822, war d’Zéintscheier ganz sécher net verschount bliwwen; dee Brand war jo net esou wäit ewech, an der ënneschter Syr, ugaang. Awer d’Gebai hat de Virdeel, datt et aus Steen war.

Spéider huet e gewësse Jos. Fischer d’Gebai kaaft, restauréiert an doran eng modern Konschtschräinerei ageriicht. (Zu deem Jos. Fischer ass ze soen, datt e mat

sengem Brudder Peter zesummegeschafft huet, deen e bekannte Steemetzer – am Sënn vu Monumenter haen – war; hien hat säin Atelier an der Schaffmill; vun deenen zwee Bridder fanne mer bis haut Spuren am ganze Land, z. B. rezent bei Restauratiounsaarbechten an der Stad Lëtzebuerg um Klouschter vun de Redemptoristen nieft der Paterekierch.)

D’Zéintscheier huet duerno nach méi dacks de Propriétaire an och d’Destinatioun gewiesselt (Bäcker, Epicierie, Dokter, …) bis datt d’Maacher Gemeng et 1975 vun der Famill Kirchens-Paulus fir 1,1 Mio. F. kaaft huet. An der Délibératioun vum 27. Mäerz 1975 steet: “Erwägend, dass dieser Kauf im Interesse öffentlichen Nutzens geschieht, bestehend darin, dass das Gebäude, errichtet im Jahre 1635 und mithin eines der ältesten der Stadt aus historischen und architektonischen Gründen erhalten bleibt, um zur Unterbringung öffentlicher Einrichtungen wie Stadtarchiv, Stadtbibliothek usw. zu dienen”. De Kaf gouf Enn 1975 perfekt, awer zu de geplangten Ëmännerunge sollt et esou séier net kommen.

Eréischt zënter e puer Joer gëtt dat stattlecht Gebai vu Grond op restauréiert. Dës Revalorisatioun war schonn de 14. Juli 2006 am Gemengerot guttgeheescht ginn (Devis: bal 1,5 Milliounen Euro). De 6. Mäerz 2007 huet de Gemengerot och de Classement vun der Zéintscheier ugefrot, an zënter dem 13. November 2009 ass d’Zéintscheier dann och als “Monument national”klasséiert.

Duerch d’Faillite vum Architektebüro Lutz (2007), koumen d’Aarbechten un der Zéintscheier an de Verzuch, an et huet bis den 22. September 2011 gedauert, bis den Architektebüro Kugener vu Gréiwemaacher mam Projet saiséiert gouf. (Devis: bal 2,8 Milliounen Euro.)

page2image1581233696 page2image1581233984

Duerch Gruewunge vum Centre National de Recherche Archéologique (CNRA) ënner der Archälogin Christiane Bis-Worch an duerch verschidden aner Analysen, ë. a. vun de Bauetappen, déi 2012 an 2013 gemaach gi sinn, konnt net direkt mam Schaffen ugefaang ginn, awer bei deene Gruewunge sollten intressant Saachen un d’Dagesliicht kommen – och doriwwer eppes méi spéit!

Looss mer erëm op eis Zéintscheier zréckkommen! Vill historesch Dokumenter, resp. Zeechnungen oder Fotoen iwwer d’Gebai ginn et leider net. Dat kann engersäits dru leien, datt d’Gebai net esou beléift war; ëmmerhin hu se en Deel sougenannt Steiere missten do bezuelen. Dat kann awer och doru leien, datt déi eigentlech Vocatioun vun der Zéintscheier jo am Laf vun der Zäit verluer gaang war. Wuel dofir ass d’Gebai och net op deem Plang vu Maacher agezeechent, den de Philippe Knaff vu Gréiwemaacher 1867 a sengem Wierk “Geschichtliche Abhandlung über die Stadt und Landrichterei Grevenmacher” verëffentlecht.

Mir fannen awer interessant Dokumenter am Gemengenarchiv, resp. an alen Zeitungsberichter.

De Lokalhistoriker Jos. Hurt (1892-1962) schreift a senger onveröffentlechterKartularchronik:“Einer Moselstadt geschichtliches Werden und Wachsen” iwwer d’Hausdir vun der Zéintscheier, déi hien als wäertvoll Renaissance-Dir bezeechent (d’Zéintscheier ass iwweregens dat eenzegt “ëffentlecht” Renaissance-Gebai a Maacher): “Ich glaube annehmen zu dürfen, dass in diesem Hause der Kellermeister der landesherrlichen Güter (vigneron du Roy, 1477) wohnte. In diesem Keller wurden die fürstlichen Weine gesammelt und aufgehoben. (…) Die ehemalige Zehntscheuer, das Wahrzeichen des alten Regimes, wurde 1635 von der spanischen Domänen-Verwaltung in Luxemburg neu errichtet oder restauriert.”

Wat elo d’Beschreiwung vun där schonn zitéierter Dir an och vum Gebai selwer ugeet, esou berifft den Hurt sech op d’“Cahiers Luxembourgeois” vun 1940. Doran heescht et: “Cette maison, de forme élégante, flanquée d’un magasin de dépôts et portant le millésime 1635, a sans doute été remaniée à plusieurs reprises et malheureusement “modernisée”. Ayant servi jusqu’à la révolution française, elle fut vendue comme bien national et devint la propriété de la famille Schoren. Le cadastre de 1824 porte: Schor(e)n Fréd. Aubergiste. On doit regretter que le dernier occupant de ce bel immeuble ait cru devoir élargir les baies des fenêtres finalement moulurées et leur faire perdre ainsi cette élégance architecturale qui caractérise l’art de la Renaissance tel qu’il fut affiné et amenuisé jusqu’au début du XVIIe siècle.”

Intressant ass an dësen “Notizen”, wann een dat emol esou däerf nennen, datt den Hurt dervun ausgeet, datt schonn eng Zéintscheier virun där jëtzeger op

där Plaz gestan hätt. Dat ass wuel logesch, war awer net bewise war et deemools net.

Elo ginn et awer iwwer eis Zéintscheier dräi zimlech opschlossräich Zeitungsartikelen, déi den Adolf Berens (1880-1956) tëscht dem 17. Januar 1948 an dem 5. Februar 1949 an der “Obermosel-Zeitung” an duerno am “Lëtzebuerger Journal” publizéiert huet.

Dës Artikelen hunn den Titel:

  • –  Die Zehntscheuer, Wahrzeichen des alten Regimes.
  • –  Ein Stück Spanien in Alt-Grevenmacher.
  • –  Stein gewordene Geschichte.

 Am éischten Artikel (17. Januar 1948 – Obermosel-Zeitung), geet et z. B. ëm d’“Zehntschöffen”, déi déi ganz vill “schier erdrückende Kronabgaben und Kirchenzehnten der ‘Freiheit’ Grevenmacher unter dem alten Regime” opgehuef hunn a se och ze verwalten haten.

A punkto Zéintscheier schwätzt de Berens vun engem vun den intressantste Gebaier vum Land e bezeechent et als “eindringliches Denkmal der weltumspannenden, in der Neuzeit ausklingendenspanischen Herrschaft und Größe.”

Ausféierlech beschriwwe ginn de Keller mat dem wuchtege Kräizverwëllef tëscht de gewaltege Peileren an déi zwéin iewescht Stäck mat ganz geraimege Säll. Och de Berens geet dervun aus, dattd’Zéintscheier 1635 nei opgebaut ginn ass a schreift: “Gewiss überragte er (der Bau) an Größe und Stattlichkeit alle übrigen Gebäude der Stadt, öffentliche wie private (…).”

– Firwat wär d’Zéintscheier 1635 dann nei gebaut ginn? Mä wuel an der Folleg vum Inventar vun de Revenuë vun der spuenescher Kroun a Lëtzebuerg (1632), wouvun een Deel de “Cartulaire de Grevenmacher et de Remich” ass.

 Am zweeten Artikel (15. November 1948 – Lëtzebuerger Journal; an der Folleg vun der Obermosel-Zeitung; deemools allerdéngs nach net!) gëtt nach eng Kéier entweder de Bau oder den Neibau vun der Zéintscheier bekräftegt. Ganz besonnesch geet et dann ëm déi grouss Paart vum Ubau op der Säit vun der Kierchestrooss: “in Renaissance-Fassung, mit dem charakteristischen, phantastischen, meisterhaft gearbeiteten Satyr-(Bacchus)kopf am Schlussstein des Bogens”. Och op dat skulptéiert Drauwemotiv, dat vu stiliséiertem Wäilaf ëmrummt ass, weist de Berens hin a verweist op den “Nauntelwein”.

 Am drëtten Artikel (5. Februar 1949) geet et ëm Vermuddunge betr. fréier Besëtztëmer no beim Bau, an ëm den ëffentleche Pëtz am Haff. Thematiséiert gëtt och d’Notze vun der Zéintscheier als Fruucht- a

Mielspäicher duerch d’Famill Schoren, déi jo d’Gebai no der franséischer Revolutioun kaaft hat.

Wann een elo zréckkuckt op d’Joer 1662 – bis dohin, a vu 1468 u war d’Landriichterei oder d’Propstei Gréiwemaacher an den Hänn vun den Häre vu Fiels- Hiefenech an huet 33 Dierfer ëmfaasst – da stellt ee fest, datt duerno eng Partie Dierfer ofgetrennt gi sinn an d’Amt vum Landriichter un dee verkaaft gouf, deen am meeschten dofir gebueden huet. Landriichter waren ë. a. de Karl- Emmanuel vu Wecker (vu 1674 un), duerno en Här de Vigny, Edem vum Emmanuel vu Wecker, dann de Gerard-Josef de Wickersloth – och Famill mat der Famille de Wecker, duerch d’Bestietnes vu sengem Papp; d’Famill aus dem hollänneschen Adel huet den Titel ;;de Wijkerslooth van Grevenmachern gedro, a schliisslech, dee leschte – ganz onbeléifte – Landriichter, Franz de Baxeras, dee 1777 dat heitegt Dechenshaus kaaft hat (an deen eis bis zur Franséischer Revolutioun erhal blouf!)

Och déi Zäit waren nach Redevancen ze bezuelen. Dovu schéngen der awer och en Partie kierchlecher Aart gewiescht ze sinn, déi un d’Abtei

Clairefontaine ofzegi waren. (Dës Abtei, déi vun der Ermesinde gegrënnt gi war, hat jo – wuel schonn zënter 1251 a bis zur Franséischer Revolutioun – d’Soen iwwer d’Maacher Kierch.) A sengem Wierk “Die Luxemburger Gemeinden – nach Weistümern, Lehenerklärungen und Prozessen” gëtt den Nicolas Majerus (1892-1964) nach déi “weltlech” Ofgaben un, déi schonn an der Fräiheetscharta vun 1252 opgelëscht waren, fir d’Joer 1632. Dat war also schonn ënner der spueneschen Habsburger, awer virum Bau vun där (neier) Zéintscheier…

Wéi d’Restauréierung vun deem geschichtsträchtege Gebai dunn am Joer 2012 Fakt ginn ass – beschloss gi war se jo scho méi laang – du konnten d’Archäologin Christiane Bis-Worch vum CNRA an och den Dipl. Restaurateur Thomas Lutgen no den Ausgruewungen an den Analyse mat enger Partie intressante Faiten opwaarden:

  • –  Et konnte verschidde Bauphasen um Gebai vu 1635 festgestallt ginn, wat jo och scho gewosst war.
  • –  Nach méi wichteg: Am Gaart si Mauere fräigeluecht ginn, déi duerch Keramikstécker an d’13. Jorhonnert zréck datéiert gi konnten! An domat war bewisen, datt et eng Zéintscheier virun där heiteger Zéintscheier zu Maacher gouf, resp. datt déi jëtzeg Zéintscheier net dat éischt Gebai ass, wat op där Plaz stoung.
  • –  Zu där jëtzeger Zéintscheier hunn och am Ausseberäich eng Zetär nieft dem Trapentur an en déiwe Bur am Gaart gehéiert. Och dat hat de Berens schonn an engem vu sengen Artikelen erwähnt.
  • –  Bannen am Gebai konnt ee bis dato onbekannte Keller ënner dem aus dem 17. Jorhonnert ausgemaach ginn.

page5image1579114976 page5image1579115264page5image1579115552 page5image1579115840

– An da gouf och nach e Miessinstrument aus Bronze, wat ee fale konnt, entdeckt, wat d’Christiane Bis virun oder ëm 1635 datéiert huet. Domat kënnten d’Redevancen, déi d’Maacher Bërger ze leeschten haten, kontrolléiert gi sinn.

Dat alles ware wäertvoll Entdeckungen, déi e bësse méi zur Geschicht vun engem stattleche Bau am Häerz vu Gréiwemaacher bäigedro an d’Zéintscheier nei beliicht hunn.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt d’Aarbechten un der Zéintscheier an deene leschte Jore gutt weiderkomm sinn, an datt eise CRIAJ (“Centre de Rencontre, d’Information et d’Animation pour Jeunes”) elo eng Bleif an deem stattleche Gebai huet. Dee schéine verwëllefte Keller aus dem 17. Jorhonnert wäert awer vun der Stad Maacher fir aner Zwecker – Ausstellungen, Réceptiounen, etc. – genotzt ginn.

Monique Hermes – Update: 22.01.2019

Quellen:

  •   Die im Text angegebenen Werke von Jos. Hurt und Nicolas Majerus.
  •   Die im Text aufgelisteten Artikel von Adolphe Berens.
  •   Zwei Beschlussfassungen (vom 27. März 1975 und vom 16. Dezember 1975) sowie

    eine Bekanntmachung (vom 0. April 1975) des Grevenmacher Gemeinderates.

  •   Eine Pressemitteilung von Oktober 2013 betr. die rezenten Ausgrabungen, seitens

    der Gemeinde Grevenmacher.

    Die Zehntscheune nach einer Zeichnung von Jemp Michels (1906-1989) im Werk “Die Anfänge der Stadt und Festung Grevenmacher” (1952), von Ad. Berens.

page6image1578127072

%s

Vous devez être connecté pour poster un commentaire.