Richteg handele ka Liewe retten

D’Chancegläichheetskommissioun vun der Stad Gréiwemaacher
organiséiert Éischt-Hëllef-Coursen iwwer mental Gesondheet:

Richtegt Handele ka Liewe retten

D’Éischt-Hëllef-Coursen iwwer mental Gesondheet vermëttele Grondwëssen  iwwer psychesch Stéierungen a Krisen, souwéi iwwer d’Unzeechen, d’Symptomer an d’Risikofaktoren. Konkreet Éischt-Hëllef-Moossname léiert an übt Dir am Cours bei: Suizidgedanken a suizidärem Verhalen, Panikattacken, traumateschen Ereegnesser, schwéiere psychoteschen Episoden, Folge vun Alkoholkonsum an anere Substanzen souwéi aggressiivt Verhalen.

Am Präis vu 26 € enthalen ass d’Éischt-Hëllef-Handbuch. Virkenntnesser sinn net erfuerdert. Fir den Zertifikat ze kréien, musst Dir bei deene véier Module  derbäi sinn, (d’maximal Feelzäit ass 1 Stonn). D’ Behandlung vun eegene psychesche Probleemer ass net am Cours virgesinn.

Donneschdeg, 9. Mäerz: Modul 1 (18:30 – 21:30Auer)
Donneschdeg, 16. Mäerz: Modul 2 (18:30 – 21:30 Auer)
Donneschdeg, 23. Mäerz: Modul 3 (18:30 – 21:30 Auer)
Donneschdeg, 30. Mäerz: Modul 4 (18:30 – 21:30 Auer)
(Opgepasst: Op der Annonce am Gemeeneblat waren dës Datumer falsch agedroen)

Am Keller vun der Zéintscheier (20, rue de la Poste)
Mellt Iech un um Tel. 75 03 11-1 oder iwwer reception@grevenmacher.lu

Privacy Preferences
When you visit our website, it may store information through your browser from specific services, usually in form of cookies. Here you can change your privacy preferences. Please note that blocking some types of cookies may impact your experience on our website and the services we offer.